Radioen

On air

Tockcity  |  Underworld & Kettama - Fen Violet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rouegen Held um Floss vu Liewen an Doud

Film

Rouegen Held um Floss vu Liewen an Doud

Einfach an déifsënneg: De kolumbianeschen Drama "Valley of souls" (Tantas Almas) vum Nicolás Rincón Gille befaasst sech mam Leed vu klenge Leit wärend dem Biergerkrich. Offiziell Kompetitioun vum Luxembourg City Film Festival.

auto_stories

3 min

Kolumbien am Biergerkrich, ufanks den 2000er Joren. Dem José seng zwee erwuesse Jonge goufe vun den AUC, enger paramilitärescher Miliz, aus dem Duerf verschleeft. Den eelere Fëscher geet vum Schlëmmsten aus: hie klëmmt a seng Pirog a mécht sech op d'Rees, de Floss erof, op d'Sich no de Läiche vu sengen zwee Kanner - fir hir Séil ze retten. Eleng dat ass scho geféierlech, well déi riets-extremistesch Miliz et strengstens verbueden huet, Läichen aus dem Floss ze huelen.

Symbolesch, mythologesch, reliéis Rees

Sou einfach den Dispositif vum Nicolás Rincón Gille sengem ''Valley of souls'' (Originaltitel: Tantas almas) och ass, sou staark ass d'Wierkung, déi de Film entfaalt. Eng ''banal'' Rees flossofwäerts vum Haaptpersonnage, engem einfache Mann, ass net nëmmen de Vehikel, fir en Deel vun der brutaler, rezenter kolumbianescher Geschicht opzeschaffen. Si hëlt symbolesch, mythologesch, reliéis Zich un.

D'Autodefensas Unidas de Colombia, kuerz AUC, hate sech Mëtt den 1990er Jore gegrënnt, als Reaktioun op déi lénk Guerilla-Organisatioune FARC an ELN. An enker Koordinatioun mat der kolumbianescher Arméi, de Groussgrondbesëtzer an den Drogekarteller, haten d'AUC d'Zivilisten terroriséiert, fir si virun engem eventuelle Solidariséiere mat der Guerilla ofzeschrecken. Wärend den ongeféier zéng Joer, an deene se aktiv war, ass d'Miliz - der kolumbianescher Justiz no - verantwortlech gewiescht fir 150.000 Doudeger an 3,5 Milliounen Flüchtlingen am Land.

Stoeschen Held

De Film gëtt gréisstendeels gedroe vun der Performance vu sengem Haaptacteur. D'Roll vum rouegen, stoesche Fëscher José ass dem Filmnoviz Arley de Jésus Carvallido Lobo op Mooss geschnidden, mat sengem Stréihutt um Kapp an dem gielen Trikot vun der lokaler Fussballekipp um Leif, mam Numm ''José'' hannendrop. E weidere gielen Trikot deet hien sengem Bouf un, wéi hien deem seng Läich am Waasser fonnt huet. Symbolesch kënnt hei nees zesummen, wat zesumme gehéiert.

De José ass de klenge Mann, dee gezwongen ass, d'Evenementer iwwer sech ergoen ze loossen, dee versiche muss, de Kapp iwwer Waasser ze halen (wann hien an de Floss andaucht fir no de Kadaveren ze sichen), dee vum Waasser, vum Stroum vum Liewe aus sengem Alldag gerappt gëtt - a Filmsprooch iwwersat, reegelrecht aus dem Kader verschwënnt.

Virun allem ass de José determinéiert fir seng spirituell, seng helleg Missioun ze erfëllen: éier hie sech op déi geféierlech Rees mécht a fir sech Courage ze ginn, biet hien zesumme mat senger Duechter. Fir de Milizionären ze entgoen, déi hien op sengem Wee begéint, muss de Fëscher schlau sinn, sech och alt emol domm stellen, a méi wéi eng Kéier schéngt puer Chance iwwer säi Weiderkommen, jo, iwwer Liewen an Doud ze entscheeden. Oder ass et net awer e gudde Stär, ass et net säi Glawen, säin onbedéngte Wëllen, deen him d'Obstakelen aus dem Wee raumt?

Doudeger si keng Abstraktioun

''Valley of souls'' steet fir all déi Reesen, déi ee sech net erausgesicht huet, mee op déi ee vum Liewe geschéckt gëtt. Dësen duerch an duerch mënschleche Film ënnersträicht, datt den Eenzelen am bluddege Chaos vum Krich och als Doudesaffer méi wéi nëmmen eng Abstraktioun, eng plakeg Zuel an enger makaberer Statistik ass.

Vläicht grad wéinst senger Einfachheet ass dem Realisateur Nicolás Rincón Gille e beandrockenden, duerch seng 135 Minutte meditative Film gelongen. Sécherlech ee vun deene Beschte vun dëser zéngter Editioun vum LuxFilmFest.