Radioen

On air

De Moien  |  Clara Luciani - Comme Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riets Attacken op d'Konschtfräiheet

"Die Vielen"

Riets Attacken op d'Konschtfräiheet

"Die Vielen" ass den Numm vun engem neie Mouvement an Däitschland, an deem sech ronn 500 Kulturinstitutiounen zesummegedoen hunn. Dëse Mouvement setzt sech fir eng oppe Gesellschaft ouni Ausgrenzung an an donieft wieren d'Kënschtler sech géint ëmmer méi Attacke vu riets-ideologescher Säit.

auto_stories

3 min

D'AfD an Däitschland wëllt Subventioune fir de politeschen Theater kierzen. Foto: Bigstock / lapandr.

Am Hierscht 2015 huet d'AfD-Politikerin Beatrix von Storch eng Plainte géint d'Berliner Schaubühne a géint d'Uropféierung vum Falk Richter sengem Stéck "Fear" gemaach, an dat well Fotoe vun der Politikerin gewise goufen.

Déi lokal AfD-Sektioun vu Paderborn huet eng Plainte géint de lokalen Theater gemaach, well am Programmheft Wahlresultater vun der NSDAP an der AfD gewise goufen. De Parquet huet awer keng Enquête lancéiert.

Ëmmer méi Attacken op d'Konschtfräiheet

De President vum däitsche Bühneveräin Ulrich Khuon confirméiert op alle Fall ëmmer méi Attacke vu Riets op d'Konschtfräiheet, mee et ass awer och d'Manéier, déi hie kritiséiert: "Verbal geschieht das auf eine aggressive, giftige Art. Im Grunde wird alles, was nicht AfD ist, als linksversifft bezeichnet. Außerdem gibt es den Weg über Gerichte und kleine und große Anfragen in den Parlamenten", seet hien an engem Zeitungsinterview.

Den Ulrich Khuon, deen och Intendant vum Däitschen Theater zu Berlin ass, erënnert sech drun, datt d'lescht Joer a sengem Theater d'Performance "Global Gala" vun der riets-extremer Identitärer Bewegung gestéiert gouf.

Verschidden Aflëss

"D'Kultur lieft vu ganz verschiddenen Aflëss a genee dat mécht se esou lieweg", seet d'Manuela Lück, Bildungreferentin vun der SPD-Fraktioun am Landtag vu Sachsen-Anhalt, déi d'AfD-Politik analyséiert huet: "Die Partei vertretet einen ausschließenden Kulturbegriff, der das Eigene mit Begriffen wie 'Heimat', 'Identität' und 'deutsche Leitkultur' überhöhe".

Dat Friemt géif als Multikulti titeléiert ginn an am AfD-Grondsazprogramm wier d'Ideologie vum Multikulturalismus als "ernste Bedrohung fir den soziale Frieden und für den Fortbestand der Nation als kulturelle Einheit" ugesinn.

E manipulativen Afloss?

De kulturpolitesche Porte parole vun der AfD am däitsche Bundestag, de Marc Jongen, geheit am DPA-Interview den Theatere vir, sech ëmmer nees un den 12 Joer drëtt Räich ze referéieren a mengt: "So reduziert sich Theater zur antifaschistischen Erziehungsanstalt und beraubt sich selbst seiner künstlerisch-darstellerischen Vielfalt".

De Marc Jongen mengt weider, de politeschen Theater hätt en manipulativen Afloss op de Public a géif Schauprozesse géint Konservative realiséieren. Dofir géif d'AfD dann och fir eng Kierzung vun de Subventioune plädéieren.

A genee dogéint wëllt de Mouvement "Die Vielen" elo virgoen. An engem Communiqué vun "Die Vielen" heescht et dofir: "Wir wehren die illegitimen Versuche der Rechtsnationalen ab, Kulturveranstaltungen für ihre Zwecke zu instrumentalisieren. Wir verbinden uns solidarisch mit Menschen, die durch rechte Ideologien immer weiter an den Rand der Gesellschaft gedrängt werden."