Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sharon Jones & The Dap-Kings - How Long Do I Have To Wait For You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Richard Bolitho, en Held um Mier

Een Theema, e Buch

Richard Bolitho, en Held um Mier

Vill Klassiker vun der Abenteuerliteratur gëllt et iwwerhaapt emol ze entdecken. Dem brittesche Schrëftsteller Alexander Kent seng Bolitho-Saga gräift déi gutt al Geschichte vum Mier op.

auto_stories

6 min

''Certains étaient jeunes, des enfants d'à peine douze ans. Cela le fit sourire en dépit de sa réserve naturelle. Lorsqu'il avait rejoint son premier embarquement, lui aussi n'avait que douze ans. En y repensant, il pouvait mesurer à quel point il avait changé. (...) Tout cela n'avait pas été sans quelques bosses ni quelques larmes.''

Esou schwätzt de 16 Joer jonke Richard Bolitho, deen am Oktober 1772 am Hafe vu Portsmouth a Süd-England drop an drun ass, op engem Krichsschëff mam Numm Gorgone ze embarquéieren, Richtung afrikanesch Westküst am Atlantik. Trotz sengem Alter ass de Bolitho keen Noviz méi. Hie bréngt also véier Joer Erfarung mat a strieft den Offizéiersgrad un: säi Statut ass dee vun engem "aspirant", oder "midshipman", wéi dat op Englesch heescht.

Dem Kent seng Bolitho-Saga

Ënner dem Pseudonym Alexander Kent huet de brittesche Schrëftsteller Douglas Reeman 1975 "Richard Bolitho, Midshipman" verëffentlecht, en Abenteuerroman, deen zwar net déi éischt Publikatioun a senger laanger Bolitho-Familljesaga war, mee, der Chronologie vun der Geschicht no, hire Startschoss. Ëm déi 30 Romaner ëmfaasst déi ganz Serie, déi wéi gesot 1772 ufänkt a bis an 1820er Jore reecht, also bis d'Zäit no den napoleonesche Kricher.

Donieft hat de Reeman, 1924 gebuer an 2017 gestuerwen, nach eng Kéier esouvill Romaner geschriwwen. A villen hat hie seng Experienz als Member vun der Royal Navy wärend dem Zweete Weltkrich respektiv dem Korea-Krich verschafft. Am Alter vu 16 Joer hat den Douglas Reeman, dee mer vun elo un nëmmen nach Alexander Kent nennen, sech bei der Marinn engagéiert, konnt also dat néidegt Wësse sammelen, fir sech an d'Haut vu sengem Roman-Held Richard Bolitho eranzeversetzen.

''Ce matin-là, le branle-bas fut sonné de bonne heure et tout l'équipage appelé à déjeuner. Le menu du jour était particulièrement copieux : flocons d'avoine et biscuit de mer grillé, le tout arrosé d'un pot de bière.

Cette générosité inhabituelle fit dire à un vieux marin :

- Si on nous remplit ainsi le ventre de bonne heure, c'est que le capitaine prévoit du grabuge !''

Duerch d'Ae vum jonke Bolitho kritt de Lieser ongeféier mat, wéi dat muss gewiescht sinn, um Enn vum 18. Joerhonnert op engem Krichsschëff, mat der haarder deeglecher Routine, de strikten Hierarchien a spezielle Gesetzer - souwuel déi geschriwwe wéi déi ongeschriwwen -, déi déi tëschemënschlech Bezéiungen u Bord gereegelt haten. Wie géint d'Disziplin verstouss hat, krut virun der ganzer Besatzung déi dofir virgeschriwwe beispillhaft Strof. Den Alexander Kent beschreift am Detail, wéi dëst - aus haiteger Siicht - grausaamt Ritual vun der Gäissel ofgelaf ass.

Et liest een och vun de klengen a grousse Sauereien, vun den Abusen, awer och der Bravour an der Komerodschaft, zum Beispill am Kampf, beim Abordage vun engem feindleche Schëff. De Kent interesséiert sech net fir d'Nuancë vun der mënschlecher Psychologie, seng Personnagë sinn zimmlech een-dimensional gezeechent. Wat zielt, ass wéi e Personnage an enger bestëmmter Situatioun agéiert.

Déi gutt al Geschichten

Mee gouf dat net schonn alles zeg-Mol vun aneren Auteure virdru beschriwwen? Natierlech, äntwert de Michel Le Bris, Grënner vum Festival Étonnants voyageurs zu Saint-Malo a Spezialist vun Abenteuer-Literatur, virun allem och där, déi sech um Mier ofspillt. De Le Bris verweist op de Robert Louis Stevenson, deen als Aféierung zu sengem berüümte Roman "Treasure Island" vun 1883 och scho vun

"all the old romance, retold

Exactly in the ancient way"

geschriwwen hat. An elo de Michel Le Bris weider:

"Qui part à l'aventure, en quête, veut-il croire, d'espaces inconnus, s'élance souvent sans le savoir sur un océan de contes, de récits, de légendes, de mythes tissés siècle après siècle par de vieux loups de mer. C'est le rite de passage obligé : qui veut gagner le large doit habiter d'abord le " dit du vieux marin ". (...) La mer ? D'abord une bibliothèque."

Fir eng Generatioun vu Lieser, déi, wéi a mengem Fall, schonn net méi mat Kannerromaner grouss gi sinn, mee mat der Tëlee, bedeit d'Abenteuer net méi onbedéngt d'Entdeckung vu frieme Weltgéigenden. Et ass d'Entdeckung vun de Bicher, an deenen se beschriwwe sinn ...

Perspektiv vun ënnen

''La vie est vraiment admirable, songea Bolitho : ils venaient de parcourir quatre mille milles et ils n'avaient pas la moindre idée de leur mission.''

Déi 600 Mann u Bord vun der Gorgone kréien all nëmmen dat gesot, wat fir hire spezifesche Posten néideg ass. De jonke Bolitho selwer gëtt eréischt am leschte Moment vum Kapitän gewuer, datt déi brittesch Kroun et virun der afrikanescher Küst op Piraten a Sklavenhändler ofgesinn huet. Den informéierte Lieser weess, datt dat net aus moralesche Grënn war ... Mee déi wirtschaftlech-politesch Interessien hanner deene Strategië brauch och keen, soe mer mol, Kanoune-Meeschter ze kennen: seng Aufgab besteet doranner, ze schéissen, wann en den Uerder dofir kritt.

''Il ne savait même pas qui leur avait tiré dessus ni pourquoi et fut tout étonné de constater qu'il s'en moquait éperdument. Ces quelques minutes de combat avaient transformé tous les hommes et leur bâtiment en un bloc qui faisait corps.

-Paré à vos postes !

Le suspens était à vous couper le souffle. Puis brutalement : " Feu ! "''

1976 hat e Kritiker vun der New York Times den Alexander Kent an der selwechter Traditioun gesinn wéi e Frederick Marryat, bekannt fir seng Midshipman Easy-Romaner, a virun allem de C.S. Forrester, deen am 20. Joerhonnert ënner anerem mat senger Serie ëm den Horatio Hornblower zum Klassiker vun der Mieresliteratur avancéiert ass. All déi klassesch Elementer wieren a "Richard Bolitho, Midshipman" versammelt.

"Good, solid stuff that still packs a wallop and probably will continue to do so when another writer comes along 30 years from now to tell the old stories again to a new generation."

De Forrester soll de Kent iwweregens säi spirituellen Nofollger genannt hunn ...

Poesie vum Navigatiounsjargon

Faszinant sinn ënner anerem dem Alexander Kent seng Beschreiwunge vum Schëff selwer, de verschiddene Seegelen, der ganzer Apparatur, den Nimm vun de Posten. Wie kee Spezialist vun deem Jargon ass, versteet net wierklech, wien do grad wat mécht. Mee dat ass net wichteg. Et entfaalt sech hei eng eege Poesie, vun där een als Lieser matgerappt gëtt, wéi wann ee selwer dobäi wier. An dat klappt och an der franséischer Iwwersetzung vum Luc de Rancourt, déi de passenden Titel "A Rude école" dréit a gläich zwee Bolitho-Romaner versammelt.

E Glossaire gëtt et an där Phébus-libretto-Ausgab leider net. Dofir kann ee sech zum Beispill d'Memoirë vum Louis de Garnerey: "Corsaire de la République", beim selwechte Verlag Phébus, besuergen. Oder dem Richard Henry Dana säi Klassiker "Two Years Before the Mast, oder "Deux Années sur le gaillard d'avant", op Franséisch iwwersat vum renomméierte belsche Sinolog a grousse Miereskenner Simon Leys.