Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Respekt fir déi Prostituéiert

Cineast

Respekt fir déi Prostituéiert

"Prowl" ass kee feministesche Film, esou d'Alexandra Balteanu. Am 100,7-Interview schwätzt déi rumänesch Realisatrice iwwer de Respekt vun de Prostituéierten an iwwert d'Konscht an hirem éischte laange Film, dee si um CinEast Filmfestival presentéiert huet.

auto_stories

2 min

"Prowl" wier och kee politesche Film, mä einfach e Film iwwer dräi Mënschen, déi Frae sinn. Fir datt de Film esou no wéi méiglech un d'Realitéit kënnt, hätt d'Realisatrice zwee Méint laang Prostituéierter begleet.

"D'Recherche hunn ech mat Hëllef vun enger klenger Organisatioun gemaach, déi sech domadder beschäftegt, de Frae Kondomer an Desinfektiounsmëttel ze ginn. Ech sinn du bannent zwee Méint als Chauffer mat hinne matgefuer. An do kritt een da schonn e gudden Abléck an den Alldag vun de Prostituéierten."

Bannent deenen zwee Méint hätt d'Alexandra Balteanu méi e grousse Respekt a Verständnis fir d'Liewe vun dëse Fraen entwéckelt.

Stilistesch huet d'Realisatrice sech op den Documentaire baséiert. Dat wier allerdéngs just eng kënschtleresch Mesure.

D'Leit duerchernee maachen

"Et ass wéi d'Faarf, déi een eraussicht, fir e Bild ze molen. Et als also keen Documentaire, déi real Geschicht ass schonn entfriemt, och wann d'Faarf dokumentaresch ass. Et ass wichteg, datt een d'Leit e bëssen duerchernee mécht. Mat dëser Form beréiert een d'Leit vläicht méi."

Déi jonk Realisatrice kënnt aus Rumänien, lieft allerdéngs zënter ville Joren zu Berlin. De Choix, wisou d'Geschicht awer zu Bukarest, an der Haaptstad vun der Alexandra Balteanu hirem Heemechtsland spillt an och do gefilmt gouf, hätt zwee Grënn.

"Ech wollt genee dës Geschicht erzielen"

"Well et einfach een anere Kontext an Däitschland gëtt. Fir mech war et awer wichteg, genee dës Geschicht z'erzielen an dat geet just a Rumänien. Ech hunn awer elo net de Besoin zréckzegoen. An ech verlaangeren och net."

D'Alexandra Balteanu géif den Ament dann och schonn un neie Projete schaffen. Wéi eng dat sinn, wollt déi rumänesch Realisatrice allerdéngs nach net verroden.

Interview mam Alexandra Balteanuplay_arrow