FILM "Radioactive" erstéckt ënner dem Gewiicht vu senger Produktioun

De Mëttwoch sinn am Laf vum Dag d'Jurysmembere vum LuxFilmFest agetraff, déi d'Kompetitiounsfilmer kucken a priméiere sollen. D'Presidentin vun deem Jury ass d'Marjane Satrapi. An deem Kontext huet si och hiren neie Longmetrage "Radioactive", iwwer d'Liewe vun der Marie Curie matbruecht, fir en en Avant-première ze weisen.

Tom Dockal / cz

Luxfilmfest Marie Curie

"Radioactive" ass d'Geschicht vun der Marie Curie. A wéi si d'Radioaktivitéit entdeckt. A wéi si hir Decouverte un den - no pun intended - Mann kritt. An et ass och e Film iwwer hiert Verhältnis zum Pierre Curie. Méi séier ass deen neie Film vun der Marjane Satrapie, Autorin a Realisatrice vu "Persepolis", net ze pitchen. Well no hirer autobiografescher Aarbecht, mat där hir viru Joren de groussen Duerchbroch gelongen ass, optéiert si fir de Genre vum Biopic. An zwar a senger klasseschster Konfiguratioun.

D'Marie Curie, Versioun Satrapie, ass e Personnage, dee vu Minutt eent u mat enger Sécherheet a Tockskäppegkeet duerch d'Liewe geet - Attributer, déi hir op berufflechem Niveau méi schueden, wéi datt se hir de Wee fräi maache fir virunzekommen. Bis datt déi polnesch Immigrantin op de Pierre Curie trëfft.

Si hält hie vu sech. Wëllt keng Kompromësser - wëssenschaftlecher a berufflecher Natur - agoen, fält him awer iergendwann an d'Äerm, wéi deen hir seng Léift zu hir ausdréckt.

De Rescht ass bekannt. Radioaktivitéit, Rëntgen an esou weider an esou virun. Wéi gesot: Biopic a senger klasseschster Konfiguratioun! An dat ass duerchaus pejorativ ze verstoen. Well obwuel de Film net abstrus schlecht ass, mee just "meh!" an hëlzern inzenéiert a virun allem gespillt, ass dat déi gréisser Enttäuschung.

Well esou ee Film hätt ee vun der Marjane Satrapi net erwaart. "Radioactive" fält mat Produktiounsmëttelen op, fir déi de Film optéiert huet an esou en Tirang, an deem Héichglanzkostümsfilmer drastiechen. Mee e Glanz, deem et senge Ingredienten u Qualitéit feelt, fir datt dee Glanz konsequent liichte kann.

Eppes feelt

Well u sech kann ee "Radioactive" an der Satrapi hir Interpretatioun vun der Curie hirer Lutte fir Unerkennung als e Synonym liese vun der Realisatrice hirer Lutte am Kino. Eng Lutte als Fra am Männer-dominéierte Kinosmilieu sech duerchzesetzen. Well natierlech ass d'Produktioun "Radioactive" och en Zäitdokument vu senger Zäit. Vum Joer 2020.

Mee leider geet de Film do net wäit fuerschen. Genee esou wéi d'Marjani Satrapi mat Amenter versicht, hir Handschrëft dem Film opzedrécken. Mee et geléngt hir net wierklech. Well déi Amenter einfach vill ze rar a kuerz ausgefall sinn.

Verschidde Charaktere sinn net eescht ze huelen

Beim Rosamunde Pike als Marie Curie kann een nach een A zoudrécken, well ee si an deem Kontext nach als Prototyp vun der onofhängeger Fra liese kann, mee de Sam Riley ass a senger Karikatur net eescht ze huelen. De Pierre Curie ass net eng Sekonn glafwierdeg. Gesinn deet ee just de Sam Riley mat engem opgepechte Baart am Gesiicht.

Et hëlleft och net, dat een - entre guillemets - bäiléiert. Zum Beispill vun der Curie hirer Participatioun wärend dem Éischte Weltkrich. Mee well och dat finalement just eng Fin en soi ass, interesséiert et de Spectateur net méi wierklech.

A méi gëtt et net ze soen. Net well et grotteschlecht ass, mee well "Radioactive" einfach ënner dem Gewiicht vu senger Produktioun erstécken deet.

Méi zum Thema

Atlantis LUXFILMFEST
FILM

Den ukraineschen Drama "Atlantis" weist déi materiell a mental Zerstéierung duerch de Krich, an och d'Spuere vu Mënschlechkeet, déi iwwerlieft hunn. Offiziell Kompetitioun vum Luxembourg City Film Festival.

Alejandro Jodorowsky Luxfilmfest
Film

De franséisch-chileenesche Cineast an Theaterregisseur Alejandro Jodorowsky war fir eng Masterclass um LuxFilmFest, wou hien och säin Documentaire "Psychomagie, un art pour guérir" virgestallt huet.

Ema Luxfilmfest
Film

"Ema" vum chileenesche Realisateur Pablo Larraín weist den Emanzipatiounskampf vu Frae vun haut: leidenschaftlech wéi Latino-Hip-Hop! Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxembourg City Filmfestival.

Babyteeth Luxfilmfest
Film

Déi australesch Komedie "Babyteeth" vun der Shannon Murphy thematiséiert d'Kriibskrankheet vun engem jonke Meedchen op eng sensibel an intelligent Aart a Weis. Offiziell Kompetitioun.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen