Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Say, Can You Hear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Puppelchen ouni Numm

Film

Puppelchen ouni Numm

De peruaneschen Debutfilm "Song Without a Name" (Canción sin nombre) vun der Melina León behandelt e skandaléise Kannertrafic op Käschte vun aarmen indigenen Elteren. Offiziell Kompetitioun vum Luxembourg City Film Festival.

auto_stories

3 min

Peru, 1988. Eng jonk an aarm Koppel vum Land erwaart e Kand. Iwwer eng Radio-Publicitéit léiert d'Georgina eng privat Klinik kennen, wou et - sou heescht et - säi Kand gënschteg kann op d'Welt bréngen. Allerdéngs kritt d'Fra de Puppelchen no der Gebuert net méi ze gesinn ... Verzweiwelt beschwéiert sech d'Georgina bei den Autoritéiten - ouni Succès. E Journalist, deem et seng Geschicht erzielt, kënnt séier engem aflossräiche Kannertrafic op d'Spuer.

Fir hiren éischte Longmetrage ''Song Without a Name'' (Canción sin nombre) huet sech déi peruanesch Realisatrice Melina León un enger reeller Affär inspiréiert, un där hire Papp, e fréiere Journalist, geschafft hat. Dësen Trafic mat Puppelcher illustréiert beispillhaft, wéi a Peru déi indigen Populatioun vum Establishment behandelt gouf. Déi schwaarz-wäiss Biller, an deenen däischter Téin dominéieren, ënnersträichen dee pessimistesche Gesellschaftsportrait.

Affer vun den Autoritéiten eleng gelooss

Via Titelsäite vun der Press gëtt am Film op d'Explosioun vun der Inflatioun higewisen. Virun deem Hannergrond gëllen aarm Leit wéi d'Georgina an hire Mann, déi um Maart Grompere musse verkafen, fir sech e puer Su ze verdéngen, als besonnesch vulnerabel. Esou fält déi jonk Fra op eng Publicitéit vu Gauner eran. Nodeems si de Puppelchen ewechgeholl krut, stéisst si bei der Police an de Justizautoritéite op daf Oueren.

Vill Zeene weisen d'Georgina, wéi et bal onendlech laang Trapen erop muss goen, esouguer eleng am héichschwangeren Zoustand. Oder wéi et op déi zouen däischter Dier vun der pseudo-Klinik klappt, kräischt a jäizt, well keen opmécht respektiv iwwerhaapt kee méi do ass. Verdäitlecht gëtt heimat an engems d'Stroffräiheet, déi héich Kreesser aus der Gesellschaft konnte genéissen. Wärend senge Recherchë stéisst och de Journalist op - am iwwerdroene Sënn - zouen Dieren. Séier kritt hien ze verstoen: bis heihinner an net méi wäit.

Ugespaante politesche Kontext

Thematiséiert gëtt am Film, en filigrane, och de politesche Kontext vum Enn vun den 1980er Joren. De Peru war vum Konflikt tëschent der Arméi an der maoistescher Guerilla gepräägt, bei deem an 20 Joer ëm déi 70.000 Mënsche gestuerwe waren. De sougenannte ''Sendero luminoso'' war an de 1970er Joren an der Andestad Ayacucho gegrënnt ginn, do also wou de Film sech ofspillt.

D'Guerilla hat sech besonnesch an de ländleche Regioune vu Peru, déi vum Staat verlooss gi waren, implantéiert. Dee Kontext, an dee verschidde Personnagë méi oder manner verstréckt sinn, schaaft een zousätzlecht Klima vu Spannung.

Pessimistesche Grondtoun

D'Thematik vum Journalist senger Homosexualitéit, déi deemools an der peruanescher Gesellschaft net akzeptéiert gouf, wierkt am Film éischter drop geprafft, well deen Erzielstrang net wierklech ausgebaut gëtt oder ka ginn.

''Song Without a Name'' ass en emotionale Film iwwer revoltant Zoustänn. Hei gëtt un de Sënn fir Gerechtegkeet vum Publikum appelléiert, allerdéngs och net vill Sputt gelooss fir Hoffnung. Déi däischter Ästheetik produzéiert plazeweis wonnerschéi Biller. Am grousse Ganzen ass de Film, wéinst sengem ganz pessimistesche Grondtoun, relativ ustrengend.