Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prototyppe vum neoliberale Kämpfer

Nei am Kino

Prototyppe vum neoliberale Kämpfer

Zu zwee eleng am Fliger ... ouni Pilot! De schwedesche Film "Horizon Line'' ass e puere Thriller an op jidde Fall eng schéi Metapher fir den neoliberale Kämpfer. Einfach gestréckt mee effikass.

auto_stories

3 min

"Kanns du fléien?" Allison Williams an Alexander Dreymon an ''Horizon Line''

Y a-t-il un pilote dans l'avion ? Falls d'Äntwert op déi Fro negativ sollt ausfalen, da riskéiert et nawell onkamoud ze sinn - ëmsou méi wann de Fliger nach an der Luucht ass...

A genee där Situatioun sinn d'Sara an den Jackson, hien en Tauch-Instrukter op Mauritius an hatt eng Londoner Marketing-Responsabel, déi do an der Vakanz ass. Déi Zwee sinn ënnerwee op eng hip Hochzäit op enger klenger Insel, annerhallef Fluchstonnen ewech, wéi op eemol de Pilot vun der klenger Maschinn aus gesondheetleche Grënn ee fir alle mol ausfält.

Einfach an effikass

Den englesch-sproochege schwedesche Film ''Horizon Line'' vum Mikael Marcimain ass e puere Thriller, deem säi ganz iwwersiichtlecht Dréibuch eenzeg an eleng ëm d'Fro dréint, ob et den zwee Haaptprotagoniste geléngt sech lieweg aus der Affär ze zéien. A wa jo : wéi ?

Dat Ganzt erënnert - toutes proportions gardées - un dem Alfonso Cuarón säi Science Fiction-Spektakel ''Gravity'' vun 2013, an deem zwee an Nout geroden Astronauten nees zeréck op d'Äerd wollten. Um éischte Bléck schéngt dat méi komplizéiert ze si wéi u Bord vun enger klenger Cessna iwwert dem indeschen Ozean - mee wéinstens hate Bullock a Clooney déi néideg Navigatiounskompetenzen - wat net onbedéngt de Fall vun den zwee Helde vun ''Horizon Line'' ass.

Bon, dat ass net ganz richteg, well d'Sara (gespillt vun der Allison Williams) zoufälleg schonn e puer Fluchstonnen hannert sech huet. An och soss wësse sech déi jonk Fra an hire Kolleeg (Alexander Dreymon) an där dach kriddeleger Situatioun ze hëllefen : ënner groussem Stress behalen si ëmmer e kale Kapp an notzen alles wat hinnen op enkstem Raum zur Verfügung steet fir hir Iwwerliewenschancen z'optimiséieren.

Seng Iwwerliewenschancen optimiséieren

Eigentlech verkierpere béid Personnagen de Prototyp vum Individuum, dee sech an der neoliberaler Gesellschaft duerchsetze kann : se si jonk, dynamesch, flexibel, mam néidegen Iwwerliewensinstinkt ausstafféiert, kapabel fir sech un all Situatioun z'adaptéieren a séier Problemer ze léisen, wann néideg Equippegeescht ze weisen. Si kënnen awer och grad esou séier schwaach Glidder als iwwerflëssege Ballast afferen, ouni sech laange moraleschen Diskussioune mussen ze stellen.

Den absolutte Wëllen, fir Risikoen anzegoen, gëtt um Enn dann och belount. Mee déi Utopie fonctionéiert just, well d'Dréibuch dat esou virgesäit, well all eenzelen Detail do ass, fir sech perfekt an ee koherent Ganzt anzefügen. Sou gesinn entlarvt de Film säin ideologesche Charakter vum selwen, ouni et ze wëllen.

Déi Transparenz spigelt sech an der einfacher Struktur vum Film erëm: e grousse Problem, dee vum Iwwerliewen, ass opgedeelt an eng ganz Rëtsch méi kleng Problemer, déi au fur et à mesure ze léise sinn. Grad wéinst senger Simplicitéit bleift ''Horizon Line'' bis zum Schluss spannend an amusant, wann ee bereet ass, iwwert déi eng oder aner Onglafwierdegkeet ewech ze kucken.