Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Problematesch Personnagë gi vum Festival ausgeschloss"

Luxembourg City Film Festival

"Problematesch Personnagë gi vum Festival ausgeschloss"

auto_stories

1 min

Alexis Juncosa

Et hätt een net d'Affaire Harvey Weinstein ofgewaart, fir sech mat der Fro vun de Fraerechter ze beschäftegen, seet den artisteschen Direkter vum Luxembourg City Film Festival, Alexis Juncosa. Zënter där éischter Editioun am Joer 2011 wier dat ëmmer en zentraalt Thema beim Choix vun de Filmer gewiescht.

Duerch d'Affaire ronderëm den amerikanesche Filmproduzent hätt een allerdéngs elo méi Informatiounen. "Mir hu verschidde Filmer net consideréiert, well ee weess, datt et eng Plainte géint de Realisateur gëtt, wéinst Harcèlement oder Vergewaltegung." Dat hätt d'Aarbecht vereinfacht. "Jo! Mir schléisse Personnagen aus, déi problematesch kéinte sinn", seet den Alexis Juncosa.

Dësen Donneschdeg ass d'Ouverture vum Luxembourg City Film Festival, dee bis de 4. Mäerz dauert. Nieft der offizieller Competitioun gëtt et eng Documentaire-Competitioun, eng Programmatioun fir Jonker, e Fokus op Lëtzebuerg, eng offiziell Selektioun a vill Manifestatioune ronderëm de Kino.