NEI AM KINO Privatdetektiv mat Ticken

"Motherless Brooklyn" vum a mam Edward Norton benotzt de Film noir-Genre, fir Rassismus, Mëssbrauch géint Fraen an Autoritarismus ze thematiséieren.

Michel Delage

Filmkritik Motherless Brooklyn.jpg
Gugu Mbatha-Raw an Edward Norton (Foto: Warner Bros. Pictures)

De Lionel (Edward Norton), Mataarbechter an enger New Yorker Agence vu Privatdetektiven, muss materliewe wéi säi Chef Frank Minna (Bruce Willis) vu Gangsteren erschoss gëtt. Aus Loyalitéit virun deem Mann, deen hien deemools als Weesekand opgeholl hat, wëll de Lionel erausfannen, firwat de Frank gestuerwen ass. D'Fiedem schéngen all bei de Responsabele vun engem ëmstriddenen Urbanismus-Projet zesummen ze lafen, déi déi aarm afro-amerikanesch Awunner aus dem Quartier mat illegale Methode wëllen eraus eekelen...

Bezuch op aktuell gesellschaftlech Mëssstänn

Fir d'zweet bannent zwanzeg Joer steet den amerikaneschen Acteur Edward Norton souwuel viru wéi och hannert der Kamera. No der romantescher Komedie "Keeping the faith" ass den haut 50 Joer alen Norton e puer Kräck méi ambitiéis ginn. "Motherless Brooklyn" ass d'Adaptatioun vum Jonathan Lethem sengem 1999er Roman mam selwechten Titel.

D'Handlung gouf fir de groussen Ecran an den New York vun 1957 iwwerdroen. Den Edward Norton knäppt domat un de klassesche Film noir un, dee säin Héichpunkt zu där Zäit erreecht hat, mat ënnert anerem der Figur vum Privatdetektiv à la Philipp Marlowe, der Denonciatioun vun der Korruptioun an den héije politesche Sphären, der Exploratioun vum urbane Kader.

D'Geschicht weist nawell vill Parallelle mam Roman Polanski sengem "Chinatown" vu 1974 op, deemools als Hommage un den Noir-Genre, deen ëm d'Zäit vum Zweete Weltkrich zu Hollywood opgebléit war, geduecht. "Motherless Brooklyn" benotzt de Genre fir ganz aktuell Thematiken ze behandelen: Ënnerdréckung vun Aarmen, Rassismus, Muechtmëssbrauch vu Männer géigeniwwer Fraen, Autoritarismus.

Privatdetektiv: net méi cool, ëmmer nach Outsider

Anescht wéi zum Beispill d'James Ellroy-Verfilmung "L.A. Confidential" an den 90er Joren, erfënnt "Motherless Brooklyn" de Film noir net grondsätzlech nei. Wann en innovéiert, dann ass et virun allem beim Haaptpersonnage. Am Géigesaz zum coolen, selbstbewosste Privatdetektiv, sou wéi en zum Beispill vum Humphrey Bogart verkierpert gi war, ass de Lionel (mat vill Fangerspëtzegefill vum Norton selwer gespillt) een Outsider. Bis zum Dout vu sengem Chef a Mentor Frank ass de Lionel, deen ënnert dem Tourette-Syndrom leit, een zwar talentéierten, mee wéineg charismateschen Detektiv. Ee Mann, dee sech duerch seng peinlech Ticke selwer am Wee steet.

Mee wat a ville Situatiounen en Handicap ass, an och alt emol fir komesch Momenter suergt, erweist sech an aneren als e Virdeel. Zemools wann dem Lionel seng Recherchen hien a Kreesser féiert (wéi d'Afro-Amerikaner), déi grad ewéi hie selwer vun der Gesellschaft stigmatiséiert ginn. A wann hie sech dann och nach sengem verstuerwene Chef säi Stetson op de Kapp setzt, gewënnt de Privatdetektiv u Selbstvertrauen a schafft ëmsou méi effikass. A Kombinatioun mam laange Mantel wierkt den Hutt ewéi eng Ausrëschtung, mat där deen David-änleche Personnage iwwer sech eraus wiisst a sech mam Goliath, an deem Fall dem mächtegen Urbanist Moses Randolph (gespillt vum Alec Baldwin) ka moossen.

Jazz a Film noir

Dee Personnage ass iwwregens um Robert Moses inspiréiert, deen an de 1950er Joren d'Stadbild vun New York (änlech wéi een Haussmann am Paräis vum 19. Joerhonnert) verännert hat. Datt den Edward Norton sech schonn zënter laangem fir dee Sujet interesséiert, läit och dorunner, datt ee vu senge Grousspäpp ee renomméierte progressisteschen Urbanist war.

"Motherless Brooklyn" ass e flotten, gutt gespillte Film, deem ee seng objektiv Längt vun zwou Stonnen an zwanzeg Minutten net umierkt. Vläicht ass et wéinst dem Jazz, deen am Film eng wichteg Roll spillt an ee richteg matrappt, eng Musek, déi - anescht wéi ee géif mengen - näischt am klassesche Film noir ze sichen hat - well et eng Musek vu Schwaarze war...

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

DEBUTTEK-1-all actors table-(c) samsa film-artémis productions.jpg FILMKRITIK
Nei am Kino

Den Acteur Luc Feit huet mat "De Buttek" eng batter-béis Komedie gedréint, där hir speziell Ästhetik am konformistesche Lëtzebuerger Mainstream erfrëschend wierkt, fënnt de Michel Delage.

Adults in the room vum Costa Gavras Filmkritik
Costa-Gavras

De Filmveteran Costa-Gavras verfilmt dem fréiere griichesche Finanzminister Varoufakis säi Bericht iwwer deem seng "Verhandlunge" mam Eurogrupp. "Adults in the Room" ass e wichtege politesche Bäitrag.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen