Radioen

On air

De Moien  |  Yannis and The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand Prix fir "Quo Vadis, Aida?"

LuxFilmFest

Grand Prix fir "Quo Vadis, Aida?"

Fir de Jury vum Luxembourg City Film Festival, presidéiert vun der Sandrine Bonnaire, war de Krichsdrama vun der Bosnierin Jasmila Žbanić de beschte Film vun dëser 11. Editioun vum Festival.

auto_stories

2 min

"un film fort, un film engagé, un film nécessaire, utile", sou huet d'Juryspresidentin Sandrine Bonnaire via Videomessage de Choix vum Grand Prix kommentéiert. ''Quo vadis, Aida?" erzielt d'Massaker vu Srebrenica, trageschen Héichpunkt vum Bosniekrich am Juli 1995, aus der Perspektiv vun enger Fra, där als Iwwersetzerin d'Hänn gebonne sinn an déi als Mamm virun onméiglech Decisioune gestallt gëtt.

Der Bosnierin Jasmila Žbanić hire Film huet och d'Gonscht vun der Pressejury fonnt, déi donieft de mexikanesche Film "Los Lobos" mat enger mention spéciale belount huet. Dëst Wierk weist, wéi zwee kleng Immigrantekanner den tristen Alldag an den USA mat hirer Fantasie iwwerspillen - eng flott gefilmte Geschicht, déi iwweregens am beschte beim Publikum ukomm ass.

Als beschten Documentaire ass um Luxfilmfest den originellen "Nemesis" priméiert ginn. De Schwäizer Thomas Imbach huet fir dee Film siwe Joer laang de Chantier vun engem Prisong zu Zürich, wou virdrun eng Giddergare stoung, vun der Fënster vu sengem Atelier aus gefilmt. Jugend- a Kannerjuryen hunn des weideren d'Filmer "Rocca verändert die Welt" an "Antigone" plebiscitéiert.

Dës 11. Editioun vum Luxfilmfest hat bis dëse Samschdeg den Owend eng 4.200 Spectateuren an d'Säll gezunn, ongeféier 20.000 Visionnagë goufen op der Online-Plattform vum Festival enregistréiert. Wéinst de sanitäre Restriktiounen hunn d'Organisateuren op eng hybrid Versioun vum Festival gesat, déi mat engem Hommage un den amerikanesche Realisateur Terry Gilliam ofschléisst.