Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pot-Pourri iwwer Konscht a Literatur

Konscht

Pot-Pourri iwwer Konscht a Literatur

D'Installatioun ''Two Waves'' vum Kënschtler Marco Godinho an de verstuerwenen Acteur Thierry Van Werveke deelen sech d'Titelbild vun der aktueller Ausgab vun ''Arts et Lettres'', der Publikatioun vum Institut Grand-Ducal.

auto_stories

3 min

D'Sectioun ''Arts et Lettres'' vum Institut Grand-Ducal verëffentlecht hir Revue an onreegelméissegen Ofstänn: tëschent zwou Nummere kann och scho mol méi ewéi ee Joer vergoen. Zënter Kuerzem ass déi aktuell Nummer 6 disponibel, mat enger Mëschung aus méi oder manner laangen theoreteschen Aufsätz, Fuerschungsberichter a literareschen Texter, a Prosa- oder Gedichtform.

Literaresch Gedanken

De Jean Portante schreift iwwert dem jüddeschen Dichter Paul Celan seng Relatioun mat de Philosophen Theodor W. Adorno respektiv Martin Heidegger. Zwee ''rendez-vous manqués'' wieren dat gewiescht. Dem KZ-Iwwerliewende Celan war et zwar net gelongen den Adorno wéi geplangt Enn de 50er Jore physesch zu Sils Maria ze treffen. Allerdéngs krut en hien iwwerzeegt, säi berüümte Saz iwwert d'Onméiglechkeet vun der Poesie no Auschwitz z'iwwerdenken. Beim Martin Heidegger war et genee ëmgedréint: déi zwee Männer hu sech zwar méi wéi eemol konnte gesinn. De Celan krut den Heidegger awer net dozou beweegt, ëffentlech zu senger Nazi-Vergaangenheet Stellung ze huelen oder iwwerhaapt emol eppes iwwer d'Shoah ze soen.

Datt sech déi universitär Kritik intensiv mat Schrëftsteller ausernee setzt ass keng Garantie dofir, datt se net an engem literaresche Purgatoire landen, also vum grousse Publik net méi wouer geholl ginn. Dorëms geet am Paul Maas sengem Essai iwwert de Günter Eich, de Wolfgang Koeppen an de Wolfgang Hildesheimer, dräi wichteg däitsch Auteuren aus der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Wéinst hirer literarescher Demarche hätten déi dräi allerdéngs och selwer dozou bäigedroen, an d'Abseits ze geroden.

Sech fir eng vu de philosophesche Schoulen am antike Griicheland mussen z'entscheeden, dat entsprécht net der Sich no der Wourecht. Där Meenung war de Lucien de Samosate, Satiriker aus dem zweete Joerhonnert no Christus. Mat senger spatzer Fieder hat hie besonnesch d'Stoiker an d'Viséier geholl, ouni awer den Notze vun der Philosophie u sech unzëerkennen, schreift de Frank Colotte a sengem Text.

Neie Bléckwénkel op Lëtzebuerger Kënschtler

Een neie Bléck op de Lëtzebuerger Moler Nico Klopp geheit d'Laura Kollwelter. Si huet ausféierlech opgeschafft, wat den Nationale Geschichts- a Konschtmusée iwwer de sougenannte Muselmoler gesammelt huet. De Klopp war scho fréi am Alter vun nëmme 36 Joer gestuerwen - dat war 1930. Studéiert hat hien ënnert anerem zu Weimar, krut do d'Ufäng vum Bauhaus mat, war awer net laang genuch do fir vun de Course vum Paul Klee oder vum Wassily Kandinsky ze profitéieren. Vun deene prominenten Avant-gardiste gouf hien also net beaflosst. Zeréck hei Land hat sech den Nico Klopp fir d'Lëtzebuerger Kënschtler, déi deemools hei nach net eescht geholl gi waren, agesat.

Och vum Thierry Van Werveke ass nach laang net all Facette beliicht. An engem méi laangen Artikel analyséiert de Marc Trappendreher dem 2009 verstuerwenen Acteur seng Schauspillkonscht: eng Mimik a Gestik, déi en impulsiivt grad ewéi e minimalistesch Spill konnten ausdrécken, net d'Resultat vu professionellen Techniken, vill méi vun enger op d'Liewenserfarung gestäipten Natierlechkeet, déi hien allerdéngs op Rolle vu Loser-Typpe limitéiert hat. Dem Thierry Van Werveke säi Parcours vum Amateurismus bis hin zur internationaler Karriär gëtt hei parallel mat der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Filmindustrie gelies.

Aus wat genee besteet de kreative Geste an der Konscht? Domat beschäftegt sech d'Linguistin Marion Colas-Blaise an enger komparativer Etüd iwwer d'Moler Paul Klee a Bernard Frize. Méi genee ginn d'Mechanismen ënnersicht, duerch déi an der Molerei eng Verbindung tëschent dem Fong an der Form geschaaft gëtt.

D'Publikatioun ''Arts et Lettres'' vum Institut Grand-Ducal schléisst of mat engem Dossier iwwer dem plastesche Kënschtler Marco Godinho seng Installatiounen um Lëtzebuerger Pavillon vun der Biennale vu Venedeg 2019. Ofgeronnt gëtt déi aktuell Nummer mat Gedichter vum Paul Lanners, Raymond Schaack, dem Duo Patricia Andrieu a Félix Molitor, a Prosatexter vun der Anne Schmitt.