Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch-philosophesche Pot-pourri

Institut Grand-Ducal

Politesch-philosophesche Pot-pourri

An den Actes 2020, Sektioun Sciences morales et politiques, geet Rieds vum Dialog mam Islam, dem Duell als Entscheedungsmodus vu Kricher, de Spekulatiounen iwwer ausserierdescht Liewen an der Digitalisatioun am Gesondheetssecteur.

auto_stories

5 min

Wéinst dem technesche Wandel an der Santé kéinten et an Zukunft manner Dokteren, dofir awer méi Assistenz-Infirmiere ginn. Den Impakt op d'Gesondheetspersonal ass ee vun de méiglechen Developpementer, op déi den Henri Entringer a sengem schrëftleche Rapport iwwer d'Digitalisatioun am Gesondheets-Secteur hiweist.

Den Auteur mécht en iwwersiichtlechen Historique vun der deementspriechender Entwécklung zu Lëtzebuerg a liwwert eng Bestandsopnam vun deem, wat et do schonn a Punkto Roboteren a kënschtlecher Intelligenz gëtt, respektiv vun deem, wat an de leschte Joren an deem Beräich an d'Weeër geleet ginn ass.

Déi véier aner Bäiträg vun den Actes sinn déi schrëftlech Versioune vu Konferenzen, déi am Laf vum leschte Joer am Kader vum Institut Grand-Ducal - Sektioun Sciences morales et politiques gehale gi waren.

Op d'Renconter mat ausserierdeschem Liewe virbereet?

De Jean-Jacques Rommes, deen ee virun allem als laangjärege Patronatsvertrieder kennt, setzt sech mat der méiglecher Renconter mat ausserierdeschem Liewen auserneen, mat de Chancen an och de Risiken, déi mat esou engem Evenement verbonne sinn. Et ass eng philosophesch Reflexioun, gestäipt op seriö a fir de grousse Publik einfach zougänglech wëssenschaftlech Quellen. Dem Auteur no gëtt et am Fong kee Grond ze mengen, datt de Mënsch eleng am Universum ass.

Dem Lieser ginn déi gigantesch Ausmoosse vun deem Universum bewosst gemaach, gläichzäiteg gi mir Mënschen op eis reell Plaz gesat - am Verglach zum grousse Ganzen, eng winzeg! Mat deem Bewosstsi gëtt eng Iwwerleeung iwwer aner Forme vu Liewen, vun Intelligenz méiglech. Mee wiere mer - de Fall gesat - iwwerhaapt fäeg se ze erkennen ? A wier eng Renconter wënschenswäert? De Jean-Jacques Rommes ass pessimistesch:

"La simultanéité de vie intelligente au sens où nous l'entendons et une rencontre physique est improbable au point de paraître miraculeuse à son tour. Et c'est tant mieux ! Car rien ne nous y a préparé et les règles impitoyables de l'Univers rendent une rencontre harmonieuse plus impossible encore.''

Nikolaus von Kues an Islam

Direkt zwou Konferenzen hat de Philosoph Hubert Hausemer d'lescht Joer gehalen, all Kéiers a Bezuch op den Dialog mam Islam. Den éischten Text behandelt dem Humanist an Theolog Nikolaus von Kues, genannt Cusanus, seng Bezéiung zum Islam. Ënner dem Androck vun der Eruewerung vu Konstantinopel duerch d'Tierken 1453 hat de Cusanus ''De Pace fidei - Der Friede im Glauben'' verëffentlecht, Iwwerleeungen, déi hie Jore méi spéit an enger Analys vum Koran verfeinert hat.

De berüümten Denker hat net zu engem Kräizzuch géint d'Moslemen opgeruff, mee zu engem interreliéisen Dialog. De Mosleme gouf och net nogeluecht, sech zum Chrëschtentum ze bekéieren. Villméi sollte si unhand vun enger vernënfteger Analys agesinn, datt Chrëschtentum an Islam eng gemeinsam Basis hätten. Allerdéngs hat de Cusanus gemengt, déi Basis wier déi chrëschtlech Léier, géigeniwwer där den Islam eng Heresie gewiescht wier.

De Mythos vun Al-Andalus

A senger zweeter Konferenz huet den Hubert Hausemer sech virgeholl de sougenannte Mythos vun Al-Andalus auserneen ze huelen. Dat 10. Joerhonnert no Christus op der iberescher Hallefinsel, deemools ënner islamescher Dominatioun, gëtt gewéinlech als gëllent Zäitalter ugesinn. D'Zäit vum Kalifat, also, eng Klammer bannent den aacht vum Islam gepräägte Joerhonnerten, an där d'Zesummeliewen tëschent den dräi monotheistesche Reliounen an dat kulturellt Liewen allgemeng opgebléit wieren.

Fir den Hubert Hausemer ass dës positiv Duerstellung awer staark ze relativéieren. Chrëschten a Judde wieren deemools net als gläichwäerteg ugesi ginn. Mee well se do nach an der Majoritéit waren, hätt den islamesche Pouvoir se héchstens toleréiert. Des weidere wier dës Gesellschaft grondsätzlech op Sklaverei opgebaut gewiescht - haaptsächlech Sklaven aus Nord-Ost-Europa. An d'Fra wier dem Mann juristesch ënnergeuerdent gewiescht. D'Bild vun der kultivéierter Fra, sou wéi se am Mythos verkläert géif ginn, géif héchstens op versklaavte Fraen zoutreffen: Sangen a Gedichter opsoen hätte si fir Männer ëmsou méi attraktiv gemaach.

Fazit vum Hubert Hausemer: de Mythos vun Al-Andalus wier de Géigendeel vun engem Modell fir Fridden tëschent de Reliounen ze schafen. Trotz den aktuelle Problemer hätt ee besser hoffnungsvoll an d'Zukunft ze kucken amplaz an d'Vergaangenheet.

Kricher am Duell entscheeden?

Mat Konfliktléisungen huet sech dann och den Norbert Campagna befaasst. De Philosoph analyséiert d'Vir- an d'Nodeeler vum Duell tëschent zwee Individuen als originell Aart a Weis fir Kricher ze entscheeden. Beispiller vun deem Decisiounsmodus géif et der net vill ginn, dofir awer ganz berüümter, ënner anerem de bibleschen Duell tëschent dem David an dem Goliath. An och den Irak ënner dem Saddam Hussein hat den USA 2002 dës Method proposéiert - wéi mer wëssen, ouni Succès.

Am Laf vun der Geschicht hätte sech duerchaus Denker theoretesch mam Duell ausernee gesat. D'Virdeeler leien op der Hand: de mënschlechen a materielle Schued vu Kricher géif radikal begrenzt ginn. De gréissten Nodeel, dee mat reng prakteschen Iwwerleeungen zesummenhänkt, schéngt grad esou evident ze sinn: wéi eng Muecht, déi sech hirer militärescher Iwwerleeënheet bewosst ass, wier scho bereet, se an engem Duell mat ongewëssem Ausgang op d'Spill setzen ?