Literatur Poesie-Concours Victor Hugo 2021 zu Veianen

Geschwënn ass et 150 Joer hier, dass de Victor Hugo zu Veianen am Exil war. D'ASBL Les Amis de la Maison de Victor Hugo à Vianden organiséiert an deem Kader ee Poesie-Concours, dee vum 6. Dezember bis de 4. Abrëll d'nächst Joer lafe soll. D'Valerija Berdi huet mat der Presidentin vun der Associatioun, der Guida Biewer, iwwer d'Detailer geschwat.

Valerija Berdi / tt

Vue an d'Veianer Stroossen
Vue op Veianen. copyright: Bigstock/Ilona Lablaika

Vum 8. Juni bis den 22.August 1871 war de franséische Schrëftsteller Victor Hugo zu Veianen am Exil. D'Haus, an deem den engagéierten Humanist zwee an en hallwe Mount gewunnt huet, ass 1944 vun den däitschen Truppen esou beschiedegt ginn, datt nom 2. Weltkrich eng Rekonstruktioun néideg war.

Eng Rei Festivitéiten geplangt fir 2021

Schonn 1935 war den éischte Victor Hugo Musée entstanen. Les Amis de la maison de Victor Hugo à Vianden gëtt et schonn zënter 1937, d'Associatioun huet sech no der Opléisung vum Victor Hugo-Comité gegrënnt, Presidentin war deemools d'Anne Beffort.

Zënter deem huet sech vill gedoen a vill geännert, ma de Musée an de Comité si bliwwen. Iwwer de Musée littéraire Victor Hugo seet d'Presidentin Guida Biewer:

"Eng vun eisen Aufgaben ass d'Erënnerung un de grousse Schrëftsteller a Poet, deen de Victor Hugo war, oprecht ze halen, mir bedeelegen eis u Publikatiounen vun neie Bicher, ech erënneren do un dat wat mer virun zwee Joer ënnerstëtzt hunn, d'Publikatioun vum Buch vum Yves De Smet "Victor Hugo à Vianden"."

Poesie-Concours iwwer "La Liberté"

Am Kader vum 150 Gebuertsdag vum Hugo sengem Exil zu Veianen sinn eng ganz Rei Festivitéite geplangt. Dorënner och ee Poesie-Concours zum Sujet "La liberté". Vum 6. Dezember bis den 4.Abrëll d'nächst Joer kann een ee Gedicht aschécken. D'Guida Biewer erkläert:

"Et ass e Sujet, deen eigentlech ganz aktuell ass, dee schonn ëmmer en Thema war fir de Mënsch, an den Hugo huet dat ganz oft a senge Bicher a Gedichter traitéiert, dofir war elo bei eis d'Decisioun gefall dann och dëse Sujet auszewielen."

Dem Concours ass e strikte Kader gesat, d'Gedicht muss op d'mannst aus véier Zeile bestoen an d'Längt vun enger DIN A4-Säit net iwwerschreiden. An et muss op Franséisch verfaasst sinn:

"Op Franséisch, well de Victor Hugo e franséische Schrëftsteller war an op Franséisch geschriwwen huet, dofir eise Wonsch fir déi Saachen dann op franséisch eran ze ginn."

Dräi Gedichter, déi enger Jury, déi nach am Opbau ass, anonym virgeluecht ginn, wäerte priméiert ginn.

"Mir hoffen, dass mer vill Gedichter era kréien, an dono wollte mer d'Laureaten éieren an op eng "Soirée de Poésie" invitéieren, wou mer dann déi Gedichter virdroe kënnen. Ech denken, datt mir dann och kënnen eng Broschür eraus ginn, wou déi Oeuvren dann och dem Publique presentéiert ginn."

2021 ass also d'Victor Hugo Joer zu Veianen. De Schrëftsteller huet wärend sengem Openthalt hei eng ronn 50 Gedichter geschriwwen, wat just e klengen Deel vu sengem Recueil ausmécht, also falls et un Inspiratioun feelt... avis aux amateurs!

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux an d'Schrëftstellerin an Editrice Susanne Jaspers
Lëtzebuerger Literatur

Schrëftsteller hätten haut nach ëmmer mat ville Virurteeler ze kämpfen, datt hiert Schreiwen als e léiwen, awer onwichtegen Hobby ugesi gëtt. Wéi geet et dem Lëtzebuerger Buch?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen