Den Ech-Erzieler ass Papp vun zwee klenge Kanner, gehéiert zu der wuelsituéierter Mëttelklass an Däitschland, ass fortschrëttlech a sengem Denken an Handelen an a sengen Erzéiungsmethoden. Hien ass gedëlleg, verstänneg, engagéiert, ëm sou méi irritéiert hien dat aggressiivt behuelen a Reagéiere vu sengem Fils Milan.
Datt dëst Behuele bei him Roserei ausléist an datt hien sech dann och muss zréck hale fir selwer net mat Aggressivitéit ze reagéieren, geheit bei him d'Fro op, wéi wäit déi patriarchalesch Virstellung vun den nationalsozialisteschen Erzéiungsmethoden d'Famill präge kann.
"Freud schreibt zum Phänomen der Übertragung : Die Libido hat sich (ganz oder teilweise) in die Regression begeben und die infantilen Imagines wiederbelebt. Damit ist ziemlich genau umrissen, was mir passiert - Milans Aggressivität triggert bei mir die Erinnerung an die eigene Ohnmacht als Kind gegenüber dem aggressiven Vater.
Statt souverän zu reagieren, begebe ich mich in Schleifen der weitgehend unausgelebten Zerstörungswut, werde selbst zumindest in Facetten zu diesem Vater, der ich nicht sein möchte. Das protofaschistische Ich kratzt sich nach oben."
Niichteren, sachlechen Toun
Den Erzieler weess wéineg iwwer d'Roll vu senge Virfaren am Nazi-Regimm, dofir mécht hien sech op d'Spueren a Gespréicher mat sengem Papp, deen de Faschismus an Däitschland als Kand erlieft huet, mee vum eege Papp erzielt a vum Monni, dee praktesch vun der éischter Stonn un Member vun der NSDAP war.
Wéi wäit kënnt hie mat senge Recherchen? Vill ass net festgehale ginn, villes schéngt anescht ze sinn, wéi erzielt, war de Groussmonni e "Schreibtischtäter", deen honnerte vu Judden an den Doud geschéckt huet?
Wat ass mam Grousspapp, dee seng Kanner, ganz am Sënn vun der NS-Pädagogie, diktatoresch a mat Gewalt grouss gezunn huet? Wéi en Afloss huet dann op de Papp a schlussendlech op den Erzieler?
De Paul Brodowsky erzielt an engem ganz niichteren, sachlechen Toun, et liest sech bal wéi e Rapport, d'Resultater vu senge Recherchen, Auszich aus Gespréicher, Erënnerungen u sech eege Jugend, seng Studentenzäit a seng aktuell Situatioun...
Hien féiert eis an de Warschauer Ghetto, bei d'Verfolgung a Vernichtung vu Judden am Groussen an awer och am Klengen. Am eege Familljekrees, op engem Duerf, an engem Haus... Eng Memoire, déi vergaangen ass, fir déi et praktesch keng Zeien haut méi gëtt... Dann hëlt eis och mat an eis méi rezent kollektiv Memoire mat Réckblécker op Tschernobyl, op d'Explosioun vun der Space Shuttle Challenger, op nine-eleven, op Ugrëff op Flüchtlingen a Flüchtlingsheemer an Däitschland no der Wiedervereenegung.
Keng Äntwerten
Den Auteur schaaft eng Landschaft vu kollektiver Memoire, déi sech mat der eegener virknäppt, well all Mënsch huet all déi Evenementer anescht erlieft, anescht verschafft, anescht memoriséiert... A wéi zouverlässeg ass eis Erënnerung?
A wéi onbewosst Erënnungsfetze schénge seng Gedanken um Pabeier gelant ze sinn, mee séier mierkt een, datt d'Iwwergäng bewosst esou placéiert gi sinn, wéi se do stinn.
Et kritt ee keng Äntwerten an dësem Buch, an dat ass och gutt esou, et ass eng Geleeënheet, déi eegen Erënnerungen, den eegne Raum a seng Ëmwelt mat Distanz mol erëm ze betruechten an un der eegener "innerer Topografie" ze schaffen.