Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onsichtbare Stalker

Nei am Kino

Onsichtbare Stalker

"The Invisible Man" vum Australier Leigh Whannell ass déi neisten an enger laanger Lëscht vun Adaptatioune vum H.G. Wells sengem Science-Fiction-Klassiker. Den onsiichtbare Mann dreift säin Onwiesen elo bannen der Koppel.

auto_stories

3 min

Vun der Angscht gepaakt leeft d'Cecilia matzen an der Nuecht vun doheem fort. D'Fra wëllt hirem Frënd Adrian entkommen. De Millionär, dee mat der Vermaartung vun optesche Systemer räich gouf, ass e Kontrollfreak mat psychopatheschen Zich. Zwar kënnt d'Cecilia bei hirer Schwëster an hirem Mann - e Polizist - ënner. Richteg zur Rou kënnt si awer net, och net nodeems si gewuer gëtt, datt den Adrian sech d'Liewe soll geholl hunn.

Et ass bei Wäitem net déi éischte Kéier, datt dem H.G. Wells säi Science-Fiction-Klassiker "The Invisible Man" vun 1897 fir de groussen, respektiv klengen Ecran adaptéiert gëtt. 1933 schonn hat den Horror-Spezialist James Whale d'Geschicht vum Griffin verfilmt, engem Wëssenschaftler, deem et gelongen ass, sech onsichtbar ze maachen, an dee gedenkt dës Fäegkeet fir seng Muechtfantasien ze mëssbrauchen. An de Joren direkt duerno sollte sëlleg Suitten nokommen.

1975 war eng Versioun an de Kino komm, vun där och eng Fernseeserie ofgeleet gi war. Den Haaptpersonnage, gespillt vum David McCallum, war am Géigesaz zum Original, dee Gudden. Méi rezent am Joer 2000 hat de Paul Verhoeven den onsichtbare Mann a sengem "Hollow Man" nees op déi schif Bunn bruecht.

Perspektiv vum Affer

An op där Bunn bleift och déi neisten Adaptatioun vum Wells senger Roman-Virlag. "The Invisible Man" vum Australier Leigh Whannell reduzéiert allerdéngs dem Béise säin Handlungsradius: et ass kee Megaloman méi, deen et potentiell op déi ganz Welt ofgesinn huet, mee e Psychopat, dee säin Onwiesen an der Koppel dreift. De Fokus läit och net méi um onsichtbare Mann, erzielt gëtt nämlech aus der Perspektiv vum Affer, der Frëndin, gespillt vun der Elisabeth Moss.

Dee Perspektiv-Wiessel schaaft eng Spannung, déi de Film vum Science-Fiction-Genre an de Fantastique erarutsche léisst. Verschidde Kamera-Astellungen, déi den eidele Raum erfaassen oder wéi e subjektive Bléck wierken, suggeréieren eng onsichtbar Presenz, déi sech Uganks net erkläre léisst, am Prinzip also iwwernatierlech ass. Lues a lues bemierkt d'Cecilia dës Presenz, déi si fir d'éischt méi intuitiv wouerhëlt, éier se sech ënner méi konkrete Forme manifestéiert, wéi kleng Geräischer oder Saachen, déi sech - dem Uschäin no - am Däischtere beweegen. Iergendwa steigert sech dat Ganzt dann zu enger physescher Ausenanersetzung. Eng vehement, geradderegt Musek, déi een aus typeschen Horrorfilmer kennt, ënnersträicht d'Angscht vun der Fra respektiv d'Schudderen, déi hir a verschiddenen Zeenen ausginn.

Eng diffus, onsichtbar Bedroung

Dem Regisseur ass et gelongen, der klassescher Figur vum onsichtbare Mann neit Liewen anzehauchen. De Phenomeen vum Stalking duerch den Ex-Frënd iwwer dee Wee duerzestellen ass zimmlech originell. De Spectateur kritt ze spieren, wéi sech eng Fra muss fillen, déi mat esou enger Situatioun konfrontéiert ass, dat heescht eng Bedroung, déi dacks diffus, praktesch onsichtbar an dofir schwéier ze beweisen an engem Drëtten ze vermëttelen ass.

Dat ass och schonns d'Ambitioun vun "The Invisible Man", ee Thriller, deen de Bou heiansdo iwwerspaant a sech mat Hëllef vun onerwaarte Revirementer iwwer d'Streck rett. De Film mécht sech elo keng gréisser Gedanken iwwer déi lescht Konsequenze vun der hypothetescher Fäegkeet fir sech onsichtbar ze maachen - ëmmerhi ginn dës Reflexiounen zeréck op dem griichesche Philosoph Platon seng Allegorie vum Gyges sengem Rang.