Véier Lëtzebuerger Auteuren hu berühmt Gestalten aus dem antike Griicheland an d'Aktualitéit iwwersat. Mol méi, mol manner hu sech den Olivier Garofalo, Ian de Toffoli, Nico Helminger a Jeff Schinker dobäi un d'Geschichten aus der griichescher Mythologie gehalen. Véier Auteuren, véier Geschichten a véier Schauspillerinnen a Schauspiller trieden a véier Enakter op: Oedipus, Medea, Phädra an Theseus.
Perfekten Decor
Der Bühnebildnerin Peggy Wurth ass et perfekt gelongen, deene véier Stécker eng maximal Entfalungsméiglechkeet ze ginn. Duerch minimal Ännerunge gëtt neie Raum geschaf, deen all Geschicht de passende Kader bitt.
Den Input wier vun der ganzer Equipe komm, erkläert d'Peggy Wurth. "Ech hat guer keng Iddi wéi ee Raum déi véier Stécker bedéngt." D'Decore wieren aus verschiddene Sourcen zesumme gewierfelt ginn. Eréischt bei de Prouwe wier déi definitiv Versioun entstanen.
Een Theaterstéck ze maachen an deem kloer ass, datt et véier verschidden Duerstellungen sinn, awer d'Iwwergäng esou ze gestalten, datt se fléissend sinn, ass e Konschtwierk fir sech. Dat hätt Viraarbecht verlaangt, seet d'Dramaturgin Claire Wagener. Och heibäi wieren d'Acteure vun Ufank un involvéiert gewiescht.
Fléissend Iwwergäng zwëschent den Duerstellungen
De Wiessel vun de Rolle geléngt der Nora Koenig, der Eugénie Anselin, dem Raoul Schlechter an dem Pitt Simon ganz gutt. Dat ass net evident, well déi véier Auteuren hunn den Texter hire perséinleche Stempel opgedréckt. All Akt schwätzt fir sech. Doduerch ass d'Gesamtwierk ganz kuerzweileg. Eng intensiv Zesummenaarbecht an en Austausch tëschent alle Protagonisten hätt dat méiglech gemaach, seet de Regisseur Thierry Mousset.
Et si spannend Geschichten, déi di véier Auteuren aus der griichescher Mythologie an d'Haut verluecht hunn. Ganz aktuell politesch a sozial Sujeten ginn am Zesummespill vun Eescht an Humor, vu Vulgaritéit an Intellektualitéit thematiséiert.
Postdramatesch Elementer, Detailer déi de Publik och mol kuerz duercherneen maachen, suerge fir eng äusserst lieweg Inzenéierung. An d'Schauspiller si mat all hiren Talenter gefuerdert. "Mir hunn eis als Schauspiller nach ni sou vill mat deem techneschen Aspekt vun engem Decor ausernee gesat", seet de Pitt Simon.
Um Site vum Kasemattentheater: Oh du do uewen, deem seng Hand