Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Rhythmicon - Pascal Schumacher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ödipus/Antigone: Kompakt a voller Effet

Theaterkritik

Ödipus/Antigone: Kompakt a voller Effet

Viru méi wéi 2.000 Joer huet de Sophokles Tragedië geschriwwe voller Spannung, dramatesche Plot-Elementer an Ablécker an d'Gesellschaft an hir vill Verbriechen. Am Grand Théâtre ass elo dem Frank Hoffmann säin "Ödipus/Antigone" ze gesinn.

auto_stories

3 min

Direkt dräi Stécker, déi dem Sophokles seng "thebanesch Trilogie" formen, ginn an dem Frank Hoffmann sengem "Ödipus/Antigone" an enger kompakter Form duerchgeholl. Nodeems d'Representatiounen am Januar pandemiebedéngt hu misse verluecht ginn, huet déi net kleng Produktioun am Abrëll elo konnten nogeholl ginn.

Erzielt gëtt déi vun Tragédie geplote Familljegeschicht vun de Labdakiden - virop den Ödipus, deen, wéi een nach aus Schoulzäite weess, säi Papp ëmbréngt, seng Mamm bestit a mat hir véier Kanner an d'Welt setzt; dann d'Antigone, eng vu sengen Duechteren; an de Kreon, gläichzäiteg dem Ödipus säi Schwoer a Monni.

Am Sophokles senge Stécker geet villes aneneen iwwer, d'Verstréckungen si komplizéiert, mee se sinn dofir esou spannend, well se duerch eng kloer, treffsécher Sprooch déif an déi mënschlech Ofgrënn eragruewen an eis dozou forcéieren, datt mir eis mat der Gesellschaft an hiren Onperfektiounen auserneensetzen.

D'Wierkungskraaft vum minimalisteschen Dekor

An dräi mol méi mol manner laang Partien ass "Ödipus/Antigone", fir deem seng effektvoll Dramaturgie de Florian Hirsch verantwortlech ass, dann och opgedeelt.

D'Bünebiller, entworf vum Ben Willikens, si grouss an däischter gehalen - e minimalisteschen, oft bedreelech-bunkerhaften, awer och oppen-inspiréierenden Dekor, deen déi zwou an eng hallef Stonne laang genuch Akzenter ka setzen. Passend och d'Kostümer vun der Susann Bieling, déi gréisstendeels monochron gehale sinn an d'Bünebild gutt ergänzen.

Eng Familljesaga gëtt kompakt verpaakt

Et wëll - a muss vläicht och - vill erzielt, vermëttelt an ausgedréckt ginn. Den drëtten Deel, dee wéi all Partie mat enger gudder Portioun Niwwel a grouss projezéierten Iwwerschrëften ageleet gëtt, konzentréiert sech op d'Antigone an hir Schwëster Ismene. Duerchootmen ass net, dofir steet ze vill um Spill...

Et vermësst een eng Méiglechkeet, opzeootmen, an déi tragesch Envergure och eemol roueg op sech wierken ze loossen. Ganz wëllkomm sinn déi puer méi spilleresch Momenter, wéi beispillsweis deen ontypesch inzenéieren Duell tëschent de Bridder Eteokles a Polyneikes, déi Plaz dofir maachen, d'Immensitéit vun der Tragik ze verdauen.

E ganz grousse Pleséier ass et, den Ensembel vun de Schauspiller ze gesinn: De Maik Solbach iwwerzeegt als Ödipus an der Opfer-Täter-Roll, d'Jacqueline Macqualay gëtt eng staark Performance vun der Mamm Iokaste, an dem Wolfgang Koch seng Presenz als Kreon ass absolut spot-on.

Dëst Stéck ass bis an déi lescht Nieweroll fantastesch besat - do sief nëmmen de Marco Lorenzini als prophetesch Seher-Figur genannt. Dës kollektiv wonnerbar Leeschtungen entfalen sech op der Bün zu engem stëmmege Ganzen.