Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Obsedéiert mat Trakteren

Luxfilmfest

Obsedéiert mat Trakteren

Dem Govinda Van Maele säi Film "Gutland" werft eng ganz Réi gesellschaftlech Themen op. Am 100,7-Interview schwätzt de jonke Realisateur ënnert anerem iwwert seng Kandheetsfaszinatioun, d'Bedeitung vun der Fräiheet an d'Intimitéit an eiser Gesellschaft.

auto_stories

5 min

headphones

24 min

play_arrow
Foto: Laurent Thurin-Nal

MP: "Gutland" spillt zu Lëtzebuerg an der Géigend vun Iechternach. Eng Plaz wou s Du selwer opgewuess ass. Wisou hues Du e Bauerenduerf fir däi Film erausgesicht?

GVM: Ech sinn, wéi s Du sos, am Guttland opgewuess a wunnen nach ëmmer do, méi spezifesch Richtung Iechternach. E ganz schéinen Deel vum Land. Ech wollt e Film um Duerf dréinen a well ech deen do Deel gutt kënnen, huet dat gepasst.

De Spectateur kritt och een Abléck an den Alldag vum Bauereliewen.

Jo. D'Liewen um Bauerenduerf geet op meng Kandheetsfaszinatioun zeréck. Als Kand war ech obsedéiert mat Trakteren, mäin Dram war et ëmmer, Bauer ze ginn.

Et ass e Film iwwert d'Intimitéit. Jidderee weess, wat deen aneren am Duerf mécht. Et gëtt keng Plaz fir sech zeréckzezéien. Am Film gesäit een dat gutt, wann den Haaptprotagonist Jens ukënnt, weess direkt jidderee Bescheed. War et deng Intentioun fir dësen Deel vum Duerfliewen ze weisen?

Jo, ganz kloer. Et geet awer net spezifesch ëm d'Situatioun op engem Duerf. Mä allgemeng gëtt et dat an all Communautéit. Zu Lëtzebuerg, als Land, gesäit een dat gutt well et sou kleng ass. All Mënsch kennt all Mënsch. Et passt ee besser op, wat ee mécht, wann een eraus geet owes zum Beispill. A Filmer ginn Dierfer dacks benotzt, als eng Aart Metapher. Well een do mat e puer Leit eng ganz Gesellschaft ka representéieren. Et huet een alles am Bléck.

D'Lucy iwwerleet sech, aus dem Duerf fort ze goen, mä hat huet de Courage net. Mä et ass jo och schwéier aus enger komfortabeler Situatioun eraus ze goen. Do brauch ee vill Courage?

Jo dat gesinn ech och hei zu Lëtzebuerg esou. Et ass schwéier e Wee anzeschloen, deen net vun der Gesellschaft virgesinn ass. Wann s du e Beruff wëlls maachen, deen hei am Land net wierklech acceptéiert ass, da kann et immens schwéier ginn. Wat ass, wann een e Liewe wëll féieren, wou een net déi ganz Zäit schafft oder wou ee wëllt ee méi kënschtleresche Beruff maachen? Esou Liewensstiler ginn et vill am Ausland. Mä hei am Land huet een et schwéier, esou seng Plaz ze fannen.

Mir ass opgefall, datt de Film vill philosophesch Elementer huet. Eppes wat mech markéiert huet, ass den Aspekt vun der Fräiheet an der Sécherheet. De Jens, als Gangster, hat wahrscheinlech keng Responsabilitéiten, ier hien an d'Duerf koum. An do muss hie sech elo upassen. Als Géigeleeschtung kritt hie Frënn ...

Dat do ass ee vun den Themen, dat mir opgefall ass während dem Schreiwen. An ech si frou, datt dat ugeschwat gëtt. Déi Saach vun der Fräiheet ass eppes, wat mir ganz séier kloer gouf. Et ass e Sujet, dee mech faszinéiert. De Jens ass jo u sech en "hors loi", e Gangster dee keng Vergaangenheet, keng Famill huet, en ass op der Sich no sech selwer ... am Duerf gëtt hien da strenge Reegelen ënnerstallt, an hie mierkt op eemol, datt et méi einfach ass lasszeloossen a sech unzepassen. An am Endeffekt fënnt hien doduerch eng nei Fräiheet an enger Aart Gefaangenschaft.

An anere Kulturen heescht Fräiheet jo net onbedéngt dat selwecht wéi hei an Europa. Fir eis heescht Fräiheet normalerweis maachen ze kënnen, wat ee wëllt ...

Jo ... a mir si ganz onfräi doduerch, grad well mir sou vill Fräiheeten hunn. Wann ee mol bis mierkt, datt een e fräie Wëllen huet, da gi ganz vill Problemer op. Et mierkt een, datt een alles op sengen eegene Schëlleren dréit. Zum Beispill d'Fro vun arrangéierte Bestietnesser, dat ass eng Saach, déi mech interesséiert. Meng Boma ass esou bestuet ginn a Sri Lanka. Meng Fra kënnt aus der Tierkei, wou dat och ganz gängeg ass. An de grousse Problem ass, wann een op eemol mierkt, datt dat eigentlech net richteg ass. Mä wann een esou Saachen dann awer acceptéiert, da kann ee vläicht zu sengem Gléck kommen. Ech well net arrangéiert Mariagë verdeedegen. Mä et ass eng philosophesch Siicht op dat Ganzt. An de Film geet och ëm déi Fro. Ass et net méi schwéier fräi ze sinn, wéi einfach seng Situatioun z'acceptéieren?

Et gëtt eigentlech keng objektiv Wourecht ...

All moralesch Grondsätz hu mir selwer definéiert, mir mussen eis dat selwer kloer ginn. An ech mengen e Bauerenhaff ass gutt fir dat ze beschwätzen. Well ech mengen, e Vegetarier huet eng aner Vu op e Bauerenhaff, wéi een dee Fleesch ësst.

De Jens ass e Personnage, deen huet misste flüchten. Huet dat en Zesummenhang mat der Flüchtlingskris an Europa?

Jo, et geet ëm Integratioun an ëm Assimilatioun. An ech hunn et aus der Perspektiv vun engem Immigrant geschriwwen. Meng Eltere sinn a Lëtzebuerg agewandert. Mir hunn de Film e puer Joer virun der Flüchtlingskris geschriwwen. Mä dee Moment, wou dat lass gebrach ass, war et kloer, datt dat sech och am Film kann erëmspigelen. Et ass eng Thematik aus eiser Zäit.

D'Sexualitéit hëlt eng wichteg Plaz am Film. De Jens huet direkt am Ufank eng Affär mam Lucy. Da kommen déi verschidde pornographesch Fotoen. Wat wëlls Du domadder weisen?

Et ass e Film, deen hannert d'Kulisse kuckt. Dat heescht, datt e gewësse Voyeurismus do ass, deen an d'Privatsphär geet. D'Sexualitéit an d'Gewalt si jo och déi méi donkel Elementer vun der Psyche. An de Jens, deen daucht an d'Ënnerbewosstsinn vum Duerf an a kënnt als frëschen neie Personnage eraus. D'Duerf ass fir mech wéi e Personnage. Fir mech ass et awer och eng Zort Mäerche fir Erwuessener. Mat Erwuessenen Elementer, wou mir eis eben net konnten zeréckhalen.


Dem Govinda Van Maele säi Film leeft um Luxfilmfest an der Haapt-Kompetitioun.

Interviewplay_arrow