Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inspiratioun fir d'Lëtzebuerger Kulturzeen

Literatur am Ausland

Inspiratioun fir d'Lëtzebuerger Kulturzeen

Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen Nathalie Ronvaux an Nora Wagener ware viru Kuerzem op de Booksa-Festival zu Zagreb agelueden. A si hu vun do vill Iddie fir d'Auteuren heiheem matbruecht.

auto_stories

3 min

Austausch, Liesungen, Renconteren, Formatioun vu Kritiker, Atelieren – an dat alles am Déngscht vun der Literatur. All Joer organiséiert d’Equippe vu Booksa e Literaturfestival, wou etabléiert Auteuren an Autorinnen aus dem Ausland op Zagreb a Kroatien invitéiert ginn.

D’Nathalie Ronvaux an d’Nora Wagener waren dëst Joer ënnert den ageluedene Gäscht, déi aner véier koumen aus Holland an der Belsch. Benelux war de Motto vum Festival, dee sech "Revue vu klenge Literaturen" nennt.

Literatur fir jiddereen

Et waren Auteure vun alle literaresche Genren dobäi – vu Kannerbicher bis bei d'Lyrik. "An och ënnerschiddlech Stëmmunge ware präsent", erënnert d'Nora Wagener sech. "Witzeg Texter, méi eeschter...alles an allem war et ee gelongent Evenement".

Nieft de Liesunge vun hiren Texter an der Originalsprooch, war et virun allem den Austausch mat de Kollegen aus dem Gaaschtland, dee beandrockt huet, fënnt d'Nathalie Ronvaux. "Zu Zagreb huet een immens staark gespuert, datt een Interessi gëtt, an een akademeschen Esprit. Wat awer net heescht datt nëmmen déi Leit un der Literatur intresséiert wieren". De Wee wéi de Festival verschidde Publikumen zesummebréngt wier besonnesch gelongen, sou d'Nathalie Ronvaux. "Literatur gehéiert do zum Alldag an ass net just reservéiert fir een Deel vun der Bevëlkerung".

Nach vill Chantieren zu Lëtzebuerg

Nieft ville positiven Andréck, ass den zwou Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen awer och nach méi bewosst ginn, datt um Plang vun der Literatur ze Lëtzebuerg nach vill Chantier missten an Ugrëff geholl ginn. "Am Austausch mat aneren Auteuren geet et natierlech och ëm d'Liewen als Auteur an anere Länner. An ech war ganz positiv iwwerrascht doriwwer, wéi vill Méiglechkeeten Auteuren, zum Beispill an Holland, hunn. Do gëtt et ee Fërderprogramm an een eegene Statut als Schrëftsteller", sou d'Nora Wagener.

A Flandere existéiert iwwerdeems eng Plattform fir lokal Schrëftsteller ze promouvéieren, zum Beispill doduerch datt d'Iwwersetzung vun hiren Texter op Englesch matfinanzéiert gëtt. "Iwwert sou Prozesser misst och hei zu Lëtzebuerg iwwerluecht ginn", sou d'Nathalie Ronvaux.

"Hoffentlech hues Du ee gudden Dokter..."

Datt Lëtzebuerg an deem Beräich am Verglach mat den anere Länner e Retard huet, erkläert d'Schrëftstellerin sech domat, datt Lëtzebuerg elo eréischt am Gaangen ass, d’Traditioun vun der Kultur opzebauen. "An do muss een sech d'Fro stellen, wéi grouss de Wëllen ass, fir eng séier Evolutioun vun de Systemer an deene Kënschtler sech beweegen". D'Kënschtler géifen nämlech och mathëllefen, ee gewëssen Image no baussen ze droen, dovun ass d'Nathalie Ronvaux iwwerzeegt.

D'Schrëftstellerin hofft, datt déi villverspriechend Generatioun, déi elo um Kommen ass, de richtege Wee an déi néideg Méiglechkeete fënnt. Och d’Nora Wagener, dat dëser jonker, literaresch attraktiver Generatioun ugehéiert, wënscht sech eng méi gesond Kulturpolitik. En attendant seet si: "Rezent hunn ech de Xavier Bettel um radio 100,7 héieren, wéi e sot 'Wann et der Kultur gutt geet, da geet et mir gutt". Do duecht ech mir just 'Hoffentlech hues du ee gudden Dokter, well eis geet et hei iwwerhaapt net gutt'".

Zwou Lëtzebuergerinnen zu Zagreb (Deel 1)play_arrow