Radioen

On air

De Moien  |  Neil Diamond - Cherry, Cherry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net Bronx, mee Marseille

Netflix

Net Bronx, mee Marseille

"Bronx" (internationalen Titel: "Rogue City") ass e knëppelhaarde Police- a Gangsterfilm vum Olivier Marchal. Net originell fir zwee Sou, mee gutt gemaach a gutt gespillt.

auto_stories

3 min

D'Flicke vum Anti-Gang vu Marseille (Kaaris, Stanislas Merhar, Lannick Gautry an David Belle).

E Grupp vu korsesche Gangsteren, déi zum Bastiani-Clan gehéieren, riichten an enger Bar zu Marseille e Massaker un. Viséiert war eng Band vu Rivalen am Drogentrafic. Mat der Enquête gëtt d'Anti-Gang-Brigad befaasst, also ausgerechent d'Eqkipp ëm de Kommandant Richard Vronski (Lannick Gautry), géint déi eng intern Police-Ermëttlung leeft wéinst dem Verdacht vu Fuitten ... un déi korsesch Banditten.

E bësse Michael Mann, vill Martin Scorsese

Et ass schwéier, de Genre vum Police- respektiv Gangster-Film ëmmer erëm nei ze erfannen. Amateure gi sech dofir dacks domat zefridden, wa si gutt gemaache Kopien zerwéiert kréien - a vläicht siche si souguer näischt aneschters. E bësse Michael Mann, vill Martin Scorsese, mat dëse Referenzen ass ee vertraut, an da geet et scho mol op d'mannst an déi richteg Richtung.

A wann een, wéi de franséische Realisateur Olivier Marchal, och nach e bëssen Knowhow an Erfarung matbréngt, souwuel viru wéi hannert der Kamera, respektiv - an dat ass wichteg - als fréiere Flic, da kritt een och gären emol zolidd, effikass a kredibel Wierker hin.

De Marchal hat sech als Regisseur 2004 mat ''36 quai des Orfrèvres'' en Numm gemaach, e puer Joer drop hat hien zum Beispill d'Tëlees-Serie ''Braquo'' nogeschoss. Vum Stil an der Atmosphär hier ass säin neiste Film ganz änlech. ''Bronx'' (op Netflix ënner dem internationalen Titel ''Rogue City'' ze fannen) ass e knëppelhaarde Thriller - ''à l'ancienne'', géif een do soen.

''A l'ancienne''

Eng Lënsenzopp schmaacht jo gutt, grad well se no engem urale Rezept gekacht ass. Firwat sollt dat net och fir deen heite Genre vu Filmer gëllen? Esou fënnt een ultraklassesch Theemen erëm wéi Ofrechnungen am Gangster-Milieu, verbasse Rivalitéiten tëschent Police-Servicer, Korruptioun bis an déi héchste Sphären eran ...

Datt Poliziste sech net seelen an enger Grozon beweegen, an där d'Grenzen tëschent Legalitéit an Illegalitéit méi wéi flou sinn, ass näischt neits.

Grozon

Dem Olivier Marchal seng Flicken differenzéiere sech och net weesentlech vun de Gangsteren, déi si joen - änlechen Outfit, änlech Methoden, änleche Corps-Geescht. ''De Police-Ausweis ass deen eenzegen Ënnerscheed'', muss sech de Kommandant Richard Vronski vun der Matriarchin vum Bastiani-Clan soe loossen - an hie widdersprécht deem och net.

Dës Indistinktioun fënnt säi visuellen Héichpunkt wärend enger Schéisserei nuets op enger Plage, bei där ee mam beschte Wëllen net kann erkennen, wien do grad op wie ballert.

Psychesch Wracken

Datt dës Polizisten net ëmmer wëssen, wou si vum moralesche Standpunkt hier dru sinn, doduerch datt de Feind iwwerall ka laueren, net zulescht an den eegene Reien, deem Drock ausgesat ze si muss Konsequenzen hunn. Duerch seng fréier Karriär weess den Olivier Marchal vu wat hie schwätzt. Esou weist hien ee vun de Poliziste vun der Brigad, dee komplett d'Schlappe verléiert, eigentlech e psychescht Wrack ass, eppes wourënner dann och seng Fra a säi Kand musse leiden.

''36, quai des Orfèvres'' bleift ënner anerem als Konfrontatioun tëschent dem Gérard Depardieu an dem Daniel Auteuil an Erënnerung. Fir ''Bronx'' war den Olivier Marchal gutt beroden, seng Haaptrollen éischter manner bekannten Acteuren unzevertrauen, déi dann ëmsou méi iwwerzeegend eriwwer kommen.

Bekannte Käpp wéi de Gérard Lanvin, de Jean Reno oder d'Claudia Cardinale maachen an hiren Niewerollen och näischt falsch. An d'Stad Marseille, ëm déi et a Wierklechkeet hei geet, gëtt vun hirer däischterer Säit gewisen. Den New Yorker Quartier Bronx ass hautdesdaags bestëmmt manner geféierlech.

''Bronx'' ass wéi gesot en zolidd inzeenéierten, gutt gespillten, duerch an duerch männleche Film.