Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neonsblëtzer an der Nuecht

Nei am Kino

Neonsblëtzer an der Nuecht

"The Wild Goose Lake" ass e Film noir/Gangsterfilm vum chinesesche Realisateur Diao Yinan. D'Spill mat de Codë vum Genre a besonnesch d'Bildästheetik hiewen de Film op en héijen Niveau.

auto_stories

3 min

Den Zhou Zenong (Ge Hu) op der Flucht

Den Zhou Zenong, Chef vun enger Band vu Motosdéif, ass op der Flucht. Wéinst Kaméidi bei der Opdeelung vun de Quartiere vun der Stad ass hien an e bluddege Konflikt mat engem anere Clan geroden, an och d'Police wëllt en onbedéngt ze pake kréien. Allerdéngs wëllt de Gangster sech net onbedéngt duerch d'Bascht maachen: säin Zil ass et, datt seng Fra hien un d'Police kann ausliwweren an domat een zolidd Kappgeld kann akasséieren. Eng Prostituéiert soll bei dësem geplangte "Verrot" vermëttelen ...

Motiver vum Film noir detournéiert

De 50 Joer ale chinesesche Realisateur Diao Yinan ass nach a gudder Erënnerung bliwwen duerch säi viregte Film "Black Coal", e Film noir aus dem Joer 2014, deen am Milieu vun der Kuelenindustrie ugesidelt war. Mat sengem neie Wierk "The Wild Goose Lake" ass den talentéierte Cineast dem Film noir respektiv Gangsterfilm trei bliwwen, gläichzäiteg huet hien de Genre op een aneren Niveau gehuewen. Reng ästheetesch ass deen neie Film dofir eng Grëtz méi ambitiéis.

De Gangster op der Flucht ass e klassescht Motiv vum Genre, dat hei awer op eng méi ongewinnte Manéier behandelt gëtt. Dat selwecht gëllt fir d'Figur vun der Femme fatale, déi een am Personnage vun der Prostituéierter ka gesinn: déi traditionell Missioun vun där Fra, déi den (Anti)-Held verféieren an domat säin Enn provozéiere soll, gëtt ausgehielegt. De Mann wëllt d'Fra nämlech wëssentlech ausnotzen, fir säin eegent Verdierwen - am Numm vun engem méi héijen Zil - erbäizeféieren. Mir sinn och wäit ewech vun der äiskaler, manipulativer Vamp: d'Prostituéiert wierkt ëmmer nervös an zerbriechlech, si muss sech permanent tëschent de Fronten erduerch schläichen.

D'Gangsteren an d'Poliziste sinn op der Juegd nom selwechte Mann. D'Ähnlechkeet tëschent béide Gruppe gëtt och am Film duerch Parallelismen ënnerstrach. Eng weider Front verleeft am Grupp vun de Gangsteren, bei deenen d'Grenz tëschent Verrot a Loyalitéit no an no verschwëmmt. Op dat duebelt Spill gëtt ënner anerem duerch d'Presenz vun Zwillingen, duerch d'Schieter un de Maueren oder och ee Spill mat Spigele verwisen.

Dramlandschaft

Dat Besonnescht un "The Wild Goose Lake" ass da seng Bildästheetik, mat de grellen Neonsluuchten: si duerchbriechen d'Nuecht a verwandelen se an eng Zort Dramlandschaft, duerch déi d'Personnagen op hire Motoe geeschteren. Et ass och déi prägnant Tounspuer, virun allem an der impressionnanter Zeen vun der Embuscade, déi a Kombinatioun mat de Biller, den Zuschauer engem Spill vu renge Sensatiounen iwwerléisst - sou wéi een dat aus dem moderne Kino aus de 60er Joren, vu Leit wéi Antonioni oder Godard kennt.

An dann ass et de Séi aus dem Filmtitel, um Bord vun der Stad, een apaarten Territoire, "dee kee kontrolléiert", wéi de Chef vun de Poliziste seet. Um Séi siche "Gänsen", also mat breede wäissen Hitt mat Voile gekleete Prostituéiert no Clienten. De Gangster huet et op senger Flucht dohi verschloen, wéi fir symbolesch unzedeiten, datt hie souwisou net wëllt fortkommen. Een Uert, deen eng gewësse Serenitéit ausstraalt, eng Rou, déi am Kontrast steet zu Momenter vun extremer ästheetiséierter Gewalt a wéi Neonsblëtzer an der schwaarzer Nuecht wierken.

Wien dat neit Joer mat "The Wild Goose Lake" vum Diao Yianan ufänkt, dee fänkt et ganz gutt un!