D'Corona-Pandemie, mat all hire Veräschtelungen, ass - kéint ee mengen - en dankbare Sujet fir Kabarettisten a soss Humoristen. "(...) le masque sert autant à masquer qu'à démasquer", schreift de Psychanalyst Paul Rauchs a sengem rezente Buch "Virons le virus! Essai de journal (dé)confiné" (Capybarabooks). Am beschte Fall ass den Humor an där Situatioun eng Waff, mat där een d'Naupe vun deenen engen an deenen anere kann entlarven.
Elo hänkt et natierlech dovunner of, wéi ee sech uleet a wou een usetzt. Dem Roland Meyer säi kuerzen Text "Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer" (Kremart/Timba) ass eng typesch Cabaretsnummer, déi sech iwwer Associatioun, "vun Hëppches op Hapches" entwéckelt.
D'Positioun vum ale wäisse Mann
Ausgangspunkt ass eng Ausernanersetzung vum Erzieler mat der Arroganz vu Verschwörungstheoreetiker, déi hei nach net Schwurbeler genannt ginn: dee Begrëff ass eréischt zënter ganz kuerzem Moud. Besonnesch gëtt där hiren Usproch, eng Meenung ze hunn, déi der Wäert wier, onbedéngt zum Ausdrock bruecht ze ginn, attackéiert. "Et ass dacks besser, et hält een de Bak", sou de séiere Fazit vum Erzieler.
Deen hält sengersäits net de Bak, hëlt och eng arrogant, dat heescht beléierend Positioun an - déi vum "ale wäisse Mann". An zwar bewosst, mat der Warnung: "et kéint sinn, datt dëst Buch Spuere vu Satir enthält".
Vun do un hëlt de Roland Meyer allze séier "beleidegt Liewerwurschten", déi keen Humor verstinn, op d'Schëpp; zeechent e Panorama vun de bekanntste Verschwörungstheorien an Zesummenhang mat Corona; erkläert, datt en "ale wäisse Mann duerchaus och eng jonk faarweg Fra" ka sinn; lant tëschenduerch um Suedel vun engem e-Bike an da matzen an engem Dialog tëschent zwou eeleren Dammen an engem Altersheem, ier mer d'Schwieregkeet vu grad gäilen Elteren an enger Homeschooling-Situatioun illustréiert kréien...
Braven, konsensuellen Humor
Leider wierkt dat Ganzt zimmlech oninspiréiert a forcéiert. Als Lieser kritt ee keng nei oder iwwerraschend Ablécker an eng sanitär Kris, déi wierklech ufänkt ze nerven. Et hätt een sech méi esou bësseg Bemierkunge gewënscht wéi den Hiwäis op "d'Läichen, (déi) d'Corinne am Keller (vum Altersheem) huet" - gemengt ass natierlech de skandaléise Laissez-faire vun der Familljeministesch Corinne Cahen, dee villen eelere Mënsche wärend der Pandemie d'Liewe kascht huet...
De Rescht "Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer" ass braven, konsensuellen Humor, deen een net méi wéi just heiansdo schmunzelen deet. Dësen "Tatsaachebericht aus dem Land vun den onbegrenzte Katastrophen" ass séier gelies, séier vergiess.