Radioen

On air

De Moien  |  Editioun vun 8h15

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Sëtz fir Esch 2022?

Belval

Neie Sëtz fir Esch 2022?

D'Koordinatioun vun Esch 2022 kéint méiglecherweis an déi al Gebléishal um Belval eraplënneren. Dat aalt Industriegebai soll eng nei Attributioun kréien. Dat fuerdert den Aarbechtsgrupp Eise'Stol, dee sech mat der Kandidatur vum Minett befaasst fir op d'Lëscht vun UNESCO - Man and Biosphere gesat ze ginn.

auto_stories

1 min

Déi al Gebléishal op der Schmelz um Belval, déi ëmmer eng zentral Funktioun um Site gehat hätt, sollt och weiderhin am Mëttelpunkt stoen. Dofir ass d'nächst Woch, den 1. Mäerz, eng Konferenz zu deem Thema um Belval, bei där och de Public gefuerdert wier, seng Meenung mat afléissen ze loossen, seet de Coordinateur vum Aarbechtsgrupp Eise'Stol a fréiere Coordinateur vum Kulturjoer 2007, de Robert Garcia.

Déi al Gebléishal misst ee Genre Agora ginn, wou verschidden Domainer, wéi beispillsweis Konscht, Musek, eventuell e Musée an och Geschäfter, géifen zesummefannen.

Kuerzfristeg kéint d'Hall des soufflantes och als Sëtz fir d'Koordinatioun vun Esch 2022 déngen. Am Juni kéint deen Aarbechtsgrupp deemno schonn an d'Gebailechkeeten eraplënneren. Den Zoustand vun der Hal géif dëst och erlaben, sou de Robert Garcia.

Wéi bal allen Industriegebaier misst een natierlech awer Upassungen a Renovatioune maachen. Déi kéinten och no 2022 net ofgeschloss sinn. Dofir sollt d'Regierung en Investitiounsplang bis 2025 op den Dësch leeën.


D'Paule Rodesch am Panorama, den 22. Februar um 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow