Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mystesch-romanteschen Trip am "clair-obscur"

Cineast

Mystesch-romanteschen Trip am "clair-obscur"

"November", vum estnesche Realisateur Rainer Sarnet, ass ee barocke Libesfilm, deen de Spectateur an eng mystesch Welt mat enger Hellewull u skurrille Personnagë verféiert. Déi wonnerschéi schwaarz-wäiss Biller schafen eng ganz speziell Atmosphär. Aus der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

An engem Duerf an Estland am 19. Joerhonnert. D'Baueremeedche Liina ass an de Bauerejong Hans verléift. Den Hans huet sech allerdéngs vun der jonker däitscher Baronin bezaubere gelooss, déi mat hirem Papp an d'Schlass agezunn ass. Wat maachen? D'Baronin ëmbréngen? Oder gëtt et soss eng Méiglechkeet?

D'Handlung vun "November" vum estnesche Realisateur Rainer Sarnet ass einfach gestréckt. Mä den Interessi vum Film läit anzwousch anescht. Et ass eng Zort Mäerchen, e romantescht Drama, ee barockt Wierk, dat Elementer aus dem baltesche Folklor, populärem Awerglawen an Zauberei mat enger realistescher Beschreiwung vum Liewen um Land zu där Zäit matenee vermëscht.

Galerie vu skurrille Personnagen

De Rainer Sarnet zeechent de Portrait vun enger Duerfgemeinschaft, säi Film ass eng Galerie vu skurrille Personnagen, eng Sammlung vu groteske Schnësser - d'Schéinheet vum blonde Liina stécht ëmsou méi do eraus. Ënnert de Personnagë fënnt een och d'Verkierperung vun der Pescht (déi mol d'Zich vun enger Geess, mol déi vun enger schéiner jonker Fra unhëlt). An da gëtt et déi vu Geeschter beséilte Kreaturen, wéi dee ganz poetesch ugehauchte Schnéimännchen oder dat rabiat Wiesen, dat aus dem Kapp vun engem Kallefsskelett a Gaardegeschir zesummegesat ass an och emol gäre mat Kéi duerch d'Luucht gehäit!

D'Welt vun de Baueren ass eng graff, deen am Film ganz präsenten Humor ass deementspriechend - e bëssen an der lëschteger Traditioun vun engem Rabelais a Frankräich. Am Kontrast dozou wierkt de verklemmte Baron natierlech ridicule. Zum Beispill an der Zeen, wou säin Dénger am Park virum Schlass emol haart ee léisst - de steiwe Schrëtt vum Baron während dem Spadséiergang gëtt ee Moment liicht destabiliséiert ...

Foto: CinEast-FestivalImpressionnante "clair-obscur"

Déi grouss Reussite vun "November" ass déi schwaarz-wäiss Fotografie. Dee wonnerschéine "clair-obscur" vun den Nuetszeene sculptéiert déi impressionnant Galerie vu Gesiichter (zum Beispill d'Fale vun der Hex) a schaaft - je no Zeen - eng besonnesch Atmosphär: gotesch/romantesch (besonnesch wann d'Baronin nuets um Daach vum Schlass schlofwandelt); bedréckt (zum Beispill wann de physesch imposante Bauer sech a senger Bud iwwert d'Liina wëll stierzen); magesch (Nuetszeenen am Bësch). Déi dacks mystesch Atmosphär gëtt zousätzlech ënnerstrach duerch déi avantgardistesch Musek vun der polnescher Band Jacaszek.

De Film ass allerdéngs ze laang. Zemools den éischten Drëttel, an deem d'Spectateuren d'Personnagë solle kenneléieren, ass e bësse konfus, an et versteet een net richteg, wou et soll higoen. Alles an allem ass "November" awer een originelle Film, dee vu villen interessanten Iddien nëmmen esou iwwerleeft. Mä dat hu barock Wierker jo esou u sech.