arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ My Salinger Year vum Philippe Falardeau

Berlinale70

|
reading time

3 min

My Salinger Year vum Philippe Falardeau

Déi 70. Editioun vun der Berlinale ass lancéiert, traditionell mat engem Ouverturesfilm, deen ausser Kompetitioun gewise gëtt. Dëst Joer ass dat "My Salinger Year" vum Philippe Falardeau. Den Tom Dockal - ee vun den zwee Berlinale-Korrespondente fir de radio 100,7 - huet de Film gesinn.

reading time

3 min

D'Mythologie ronderëm den J.D. Salinger ass op d'mannst esou wichteg fir déi amerikanesch Literaturgeschicht wéi fir d'Analys vu sengem Wierk. De Salinger, Papp vum Holden Caulfield, war e scheinbaren Eremit, deen näischt vum Kult ronderëm säi Wierk a seng Personnagë wësse wollt.

Joerzéngte soll hien net ëffentlech opgetruede sinn oder Interviewe ginn hunn. Seng Fanpost ass um Büro vun enger schlecht bezuelter Assistentin beim Editeur gelant, déi kuerz formell mat enger Joerzéngten aler Template geäntwert an d'Bréiwer schlussendlech duerch de Schredder gedréckt huet.

Ee Buch als Basis

Dat ass op alle Fall dat, wat déi jonk Joanna ze maachen huet an hirem neien Job am Editiounshaus, dat ë. a. d'Wierk vum Salinger, mee vun der Agatha Christie an den Dylan Thomas verwalt. Esou oldschool d'Auteure sinn - de Film spillt zwar an den 1990er - esou oldschool ass och d'Editiounshaus an hir Cheffin, déi vun der Sigourney Weaver gespillt gëtt. Jiddwereen tippt nach op Schreifmaschinnen, Computere gi mam Antichrist gläichgestallt an et geet alles eng Grimmel méi lues virun.

D'Haaptprotagonistin Joanna ass d'Joanna Raskoff, där hir Geschicht op Basis vun hirem eegene Buch mam nämmlechten Numm erzielt gëtt. "My Salinger Year" fänkt un, wéi si am Big Apple debarquéiert, decidéiert Frënd an Uni hanner sech ze loosse fir hirer Auteuren-Aspiratioun nozegoen.

Den Job beim Editeur ass natierlech just e Mëttel zum Zweck fir e puer Su ze verdéngen. Mee wéi esou dacks hëlt d'Aarbecht méi Zäit an Usproch an d'Schreiwe bleift op der Streck leien. Mee alles huet seng Virdeeler: heiansdo rifft den Jerry un! De groussen Salinger himself.

E Billerbuchfilm fir d'Ouverture

De Philippe Falardeau, deem säi Film "Monsieur Lazhar" viru Joren schonn de Luxembourg City Film Festival opgemaach huet, liwwert mat senger Adaptatioun vun der Raskoff hirem Buch also den Ouvertüresfilm vum éischten A-Filmfestival vun der Saison. An natierlech ass "My Salinger Year" e Billerbuchfilm fir genee dee Slot.

Et ass e Grand public's Film, ganz accessibel - wat fir de Rescht vum Programm wärend engem Festival keng Selbstverständlechkeet ass - an huet esouguer an der Persoun vun der Sigourney Weaver eng Hollywood Vedette am Casting.

Dat Wuert accessibel dréit dem Film net ganz Rechnung. D'Accessibilitéit kënnt net aus der Traditioun vum amerikanesche Mainstreamkino - wuelwëssend och, datt de Realisateur Falardeau e Kanadier ass - mee steet ganz an der Veine vun zäitgenësseschem amerikanesche Literaturverständnis à la Jonathan Franzen oder dem The New Yorker Magasinn.

Auteur wéi Magasinn hunn eng glaskloer Sprooch, déi ganz typesch fir amerikanesch Literatur net a linguistesche Masturbatiounen ënnergeet, mee ganz am Géigendeel villes gläichzäiteg erzielt. Perséinleches gëtt mat méi Groussem verbonnen an nach vill méi. Dat alles bleift verständlech, kloer, nozevollzéien an ëmmer interessant.

En Abléck an d'Buch-Business

"My Salinger Year" erzielt der Raskoff hir perséinlech Geschicht mat Aarbecht a Bezéiung, versicht en - wann och romantiséierten - Abléck an de Buch-Business ze ginn a versicht sech an engem Portrait vun deem, wat Salinger Bicher op seng Lieser mécht. Dee Volet bréngt dee cinematographesch a dramaturgesch spannendste Bäitrag am Film mat sech.

D'Auteuren hanner de Bréiwer erwächen fir d'Joanna an de Spectateur zum Liewen. Ervirzesträichen ass an deem Kontext de jonke Kanadier Théodore Pellerin, deen u sech de Caulfield misst spillen an der Filmadaptatioun vum Catcher, déi et ni wäert ginn.

De Film ass fir de Rescht awer immens klassesch a bal komplett eidel vun engem dramatesche Bou. De Verglach mat "The Devil Wears Prada" ass net ganz falsch, mee "My Salinger Year" ass awer net just d'Versioun vum nämmlechte Film fir Bicherwierm. An och wann de Film am Ufank Krämpes huet fir unzekommen an d'Margaret Qualley an der Haaptroll - ë. a. am leschten Tarantino ze gesinn - dréit och net direkt eppes bäi fir dat ze änneren, esou rutscht de Film iergendwann a seng Schinn a ka schlussendlech beréieren.