Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chet Faker - Get High

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ My Darling Quarantine: 3/4 vum Ilian Metev

Filmkritik

My Darling Quarantine: 3/4 vum Ilian Metev

D'Kinoe sinn zwar zou, mee dat hält am Digitalzäitalter kee sech selwer eescht huelende Cinephillen dovunner of, Filmer ze kucken. Jiddweree kennt Netflix, mee nieft där Videoplattform gëtt et nach eng Abberzuel vun anere Provider. Een dovunner ass MUBI. MUBI kuratéiert pointéiert. All Dag kënnt ee Film bäi a bleift ee Mount disponibel fir ze kucken. Esou ee Film ass de bulgareschen Titel "3/4" vum jonke Realisateur Ilian Metev.

auto_stories

3 min

Deen nach jonken EU-Staat Rumänien huet sech iwwer déi leschte 15 Joer als wichtege Buedem fir zäitgenëssesche Kino entwéckelt. D'Realisateuren Mungiu, Puiu a Porumboiu gehéieren zum Inventar vun de wichtegen europäesche Filmfestivallen.

Déi aner Natioun, déi den 1. Januar 2007 der Europäescher Unioun bäigetrueden ass - Bulgarien - ass an deem Mooss nach net "esouwäit". An awer. Um Luxembourg City Film Festival ass deen neie Film vum Duo Kristina Grozeva an Petar Valchanov ausser Kompetitioun gewise ginn.

Een aneren nawell interessante bulgaresche Realisateur kéint den Ilian Metev sinn, deen 2017 säin éischte Fiktiounsfilm mam immens soberen Titel "3/4" zu Locarno presentéiert huet. Deen éischte Fiktiounsfilm an net Debutfilm, huet hien e puer Joer virdrun den Documentaire "Sophia's Last Ambulance" realiséiert, deen tatsächlech den Alldag vun de Mënsche vun der eenzeger staatlecher Ambulanz an der bulgarescher Haaptstad huet. Wou een thematesch nees kéint de Lien maachen zu engem Film aus dem LuxFilmfest vun dësem Joer. "Midnight Family" ass thematesch u sech deen nämmlechte Film.

Eng 3/4 Familljegeschicht

"3/4" erzielt eng Familljegeschicht. Eng, wann een esou wëllt, net ganz komplett, dräi Véierel Familljegeschicht. Do huet een op enger Säit déi zwee Kanner, eng Duechter an e Bouf. Déi jonk Fra prouft wéi well fir hir Pianos-Auditioun. D'Iddi ass fir op eng Museksschoul an Däitschland ze goen. Dann ass do de klenge Brudder, dee just esou vun Energie strotzt an dee senger Schwëster d'Liewe schwéier mécht. Hie schwätzt kryptesch an a Rätselen a säi Sënn fir dat Absurd ass fir säin Alter erschreckend witzeg entwéckelt. De Kanner hire Papp, Proff op der Uni, versicht wärenddeem e villverspriechende Schüler vun enger Karriär an der Fuerschung op senger Säit ze iwwerzeegen. Eng Fra, Mamm, ass an där familiärer Konstellatioun wäit a breet net ze fannen. Ouni Jugement. Dofir den Titel - "3/4".

Den deemools Mëtt-Drësseger Illian Metev presentéiert mat "3/4" zwar e Fiktiounsfilm, wou een zwar iwwer dräi Véierel vum Film mengt, et wier eng dokumentaresch Filmaarbecht. Esou non-chalant a scho bal niewebäi an ondramatesch geet de Film vun enger Situatioun an déi nächst. Sief dat d'Ouverture, déi de Jong mat Kolleegen am Schoulhaff weist, déi hiert scho bal dadaistescht Wuertspill mam Wuert Shakira ad absurdum féieren, suivéiert vun enger laanger Prouwesequenz vu senger Schwëster um Piano, déi kee gudde Museksdag huet.

Een Dréibuch ass net Prioritéit

De Metev huet Amateure gecast a mat hinne méintelaang an ëmmer nees Workshoppe gemaach an drop lass improviséiert. De Film huet zwar en Dréibuch, mee déi Methodologie mat den Duersteller mécht, datt een d'Existenz vun deem Dréibuch a Fro stellt. De Kameramann Julian Atanassov - deen iwweregens och bei der Amour-Fou-Koproduktioun a Sundance-Gewënner "Yalda" vum Massoud Bakshi d'Kamera gemaach huet - wiesselt aus Plan fixen op laang Travellingen, déi d'Protagonisten op hire Weeër vun der Schoul Heem oder an d'Prouf oder vun der Uni an de Café suivéiert. Och déi Travellinge verstäerke konträr zu deem, wat ee kéint mengen, den dokumentaresche Charakter vum Film.

De Film "3/4" ass vläicht op där anerer Säit esou onopgereegt an ondramatesch, datt en ënnerwee deen een oder anere verléiert, mee dat schwätzt u sech fir d'Realisatioun an d'Personnagë virun der Kamera, déi konsequent duerchduecht an en Scène gesat sinn.

E Film, dee mat senger roueger Hand eng grouss Empathie fir seng Personnagen opbréngt an iwwer zwee Ecken awer vläicht sozio-politesch ze liesen ass iwwer d'Liewen am moderne Bulgarien. Mee am Kär bleift "3/4" e Film, eng Familljegeschicht vun enger Familljenunitéit, déi sech kuerz virum Enn vun engem Schouljoer an dem Summer dorop virbereet, auserneenzefalen. An net well Dramatesches virun der Dier steet, mee well d'Liewe Familljememberen iergendwann auserneendreift. Aus 3/4, wéi an dësem Fall, gi kuerzzäiteg 2/4 an an der Vue vun der Duechter esouguer 1/4.