Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënscherechter am Fokus

DACH-Filmtage

Mënscherechter am Fokus

DACH-Filmtage - déi Däitsch, déi Éisträichesches an déi Schwäizer Botschaften organiséieren an der drëtter Editioun e Filmfestival, dee Filmer zu engem bestëmmten Thema weist. Dëst Joer sinn d'Mënscherechter de roude Fuedem an déi ginn an hirer ganz diverser Ausleeung presentéiert. Den éisträichesche Botschafter, de Gregor Schusterschitz huet am Gespréich mam Valerija Berdi op dëse klenge Festival higewisen.

auto_stories

2 min

Sechs Filmer gi vum 7. bis den 9. November am Kader vun der drëtter Editioun vun den DACH-Filmdeeg gewisen. Den Optakt mécht dem Schwäizer Theater- a Filmregisseur Milo Rau seng Produktioun "Das Kongo-Tribunal". De Milo Rau gehéiert sécherlech zu de bedeitendsten Theater-Regisseuren an eiser Zäit.

Virun zwee Joer ass an der Abtei Neimënster säin opwullend Stéck "Hate Radio" gewise ginn. De Sujet war hei de Genozid am Ruanda. Fir dësen Dokumentarfilm "Das Kongo-Tribunal" war et dem Milo Rau gelongen, Zeien, Täter, Affer an Analytiker op e Vollekstribunal am Ostkongo zesummenzebréngen.

Wichteg Themen

Deen éischten Dag steet ënner dem Thema "Straflosigkeit". Dat wier e ganz wichtegt Thema, sou de Gregor Schusterschitz, well all Mënsch gewëss Rechter huet a wann dës Rechter verletzt ginn, dann huet en och Recht drop, datt et zu enger Strofprozedur kënnt an datt déi bestrooft ginn, och déi, déi als staatlech Organer Mënscherechter verletzen. Dofir wier eben och de Film vum Milo Rau esou wichteg. Et handelt sech hei ëm en aktuelle Fall am Kongo, wou et zu ganz ongleewege Verletzunge vun de Mënscherechter koum.

Deen zweete Film, deen dann hei gewise gëtt, wier awer och immens wichteg. Et ass den éisträichesche Film "Murer - Anatomie eines Prozesses", deen déi negativ Säite vun der Sich no Gerechtegkeet weist.

Den éisträichesche Botschafter zu Lëtzebuerg, de Gregor Schusterschitz, ass nieft dem Schwäizer an dem däitsche Botschafter den Initiator vun dësem klenge Filmfestival an hien huet och d'Mënscherechter als globaalt Thema fir déi drëtt DACH-Filmdeeg proposéiert. Viru genee 70 Joer ass déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ënnerschriwwe ginn.

Et sinn awer net just Filmer, déi hei am Mëttelpunkt stinn. Vun de sechs Produktioune si véier Dokumentarfilmer, an d'Motivatioune ginn iwwer d'Kucken eraus. Diskussiounen, Rencontere mat de Regisseuren an och e Concours fir Jugendlecher stinn um Programm.