Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschenhändler ausgeliwwert

Kompetitioun

Mënschenhändler ausgeliwwert

Mënschenhandel a Schwaarzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vum effikasse lettesche Film "Oleg", deen eng verstoppte Realitéit an eiser Gesellschaft opdeckt. Eng Weiderentwécklung vum Dardenne-Stil.



auto_stories

3 min

Mat enger Aarbechtserlaabnis an der Täsch flitt den Oleg, e Russophon aus Lettland, an d'Belsch. Den ausgebilte Metzler soll do an engem Schluechtbetrib schaffen. Nodeems hien duerch eng falsch Beschëllegung seng Plaz verléiert, leeft den Oleg dem Andrzej iwwer de Wee. De Pol proposéiert him, seng Equipe vun Doléiner ze integréieren. Den Oleg hëlt d'Offer un, mierkt awer ganz séier, datt dat e Feeler war.

Besonnesch vulnerabelen Haaptpersonnage

De Mënschenhandel an d'Schwaarzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vum lettesche Realisateur Juris Kursietis sengem Drama "Oleg". Um Beispill vum Haaptpersonnage, gespillt vum Valentin Novopolskij, gëtt de Leidenswee vun europäeschen Immigrante gewisen, déi bannent der Europäescher Unioun kriminelle Banden ausgeliwwert sinn. Besonnesch vulnerabel ass den Oleg doduerch, datt hie kee lettesche Staatsbierger ass. Membere vun der russeschsproocheger Minoritéit am baltesche Staat hu just een Apatride-Pass. Déi kruzial Fro vum Ausweis wollt de Realisateur - eegener Ausso no - symbolesch mam 4:3 Billerformat vu sengem Film duerstellen, wat der Form vun engem Pass entsprécht.

Stilistesch kneppt "Oleg" un de quasi dokumentaresche Kino vun de Bridder Dardenne un, mat enger ganz mobiller Kamera, déi no um Haaptpersonnage an deem sengem direkten Ëmfeld drun ass. Déi hektesch Kameraféierung - an Tëschenzäit ee Cliché vum sozialrealistesche Genre - gëtt ergänzt duerch de Wäitwénkel, deen d'Bild verzerrt an domat d'Gefill vu Malaise verstäerkt.

Am Géigesaz zum Luc a Jean-Pierre Dardenne, déi an hire Filmer gréisstendeels op Effete verzichten a sech op dat Wesentlecht limitéieren, füügt de Juris Kursietis a reegelméissegen Ofstänn Dramsequenzen a seng Erzielung an. D'Äisplack op engem gefruere Séi brécht ënner dem Oleg senge Féiss an. De jonke Mann fält an d'Waasser a fënnt de Wee net méi eraus - eng Metapher fir seng eege verfuere Situatioun.

Reliéis Dimensioun

Den Oleg bleift passiv, wiert sech kaum géint den Andrzej (Dawid Ogrodnik). De Mënschenhändler - mol labbere Luftikus, mol onkontrolléierte Choleriker - hëlt him de Pass of, beut hien aus, zwéngt hien zu inakzeptabelen Doten an hält e praktesch gefaangen. Net vun ongeféier vergläicht sech den Oleg mam Lamm Gottes, dat geaffert gëtt - déi biblesch Referenz gëtt dem Film eng ausdrécklech reliéis Dimensioun.

Fir op déi verstoppte, revoltant Realitéit vum Mënschenhandel an eise Gesellschaften opmierksam ze maachen, ass de Medium Film besonnesch effikass. Méi wéi abstrakt theoretesch Diskurser erlaabt d'Fiktioun dem Public, d'Schicksal vu beispillhaften Individuen nozevollzéien. De lettesche Realisateur Juris Kursietis war iwwerdeems gutt beroden, de "belsche Modell" net eent zu eent ze iwwerdroen, dat heescht sech iwwer en ewech ze setzen an e weider ze entwéckelen.


"Oleg" leeft nach eng Kéier am Kader vum CinEast-Festival, de Mëttwoch 16. Oktober um 20:30 an der Cinemathéik.