Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Napalm géint déi traditionell Uerdnung

Film

Mat Napalm géint déi traditionell Uerdnung

"Ema" vum chileenesche Realisateur Pablo Larraín weist den Emanzipatiounskampf vu Frae vun haut: leidenschaftlech wéi Latino-Hip-Hop! Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxembourg City Filmfestival.

auto_stories

2 min

Den Chileen Pablo Larraín (Jackie, Neruda) ass ee vun de wéinege bekannte Realisateuren, déi an der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest vertruede sinn. A sengem leschte Wierk "Ema" beschäftegt hie sech mat jonke Fraen, déi sech d'Kontroll iwwer hiren eegene Kierper zeréck erueweren an domat déi traditionell Familljekonstellatioun Papp-Mamm-Kand op d'Kopp geheien.

Reggaeton als Symbol vun der Emanzipatioun

Den Haaptpersonnage Ema ass eng jonk Dänzerin, déi hiren adoptéierte Bouf vun de Sozialdéngschter ewech geholl krut an no engem Wee sicht, fir d'Kand erëmzegesinn. Gläichzäiteg wëllt si sech vun hirem Mann Gastón (Gael García Bernal), deen och de Chef-Choreograph vum Danzensembel ass, trennen. Nieft Problemer an der Bezéiung (de Gastón ass impotent) hunn déi zwee en ästheetesche Konflikt: de Choreograph kann näischt mam Reggaeton, enger Zort Latino-Hip-Hop, ufänken, fir deen d'Ema awer brennt.

Deen Danz gëtt fir d'Ema a seng Frëndinnen e Symbol vun hirer Emanzipatioun: vun der traditioneller Uerdnung, vun de Männer. Den éischter méi aggressiven, kierperbetounte Reggaeton steet am Kontrast zum méi braven, klassesch ugehauchten, zirkulären Danz am Ensembel, deen op der Bün virun engem impressionnante Sonnendekor an ënner dem Bléck vum allmächtege Choreograph vollzu gëtt. Dëse Sonnesystem steet fir d'Patriarchat, aus deem d'Ema wëllt entkommen.

Déi destruktiv Kraaft vum Feier

D'Metapher vum Feier, déi hei vun der Sonn suggeréiert gëtt, zitt sech duerch de ganze Film. Et ass en Zeeche vun der Passioun, vun der sexueller Loscht, déi d'Fraen ënner sech fräi ausliewe kënnen - Männer ginn heifir keng méi gebraucht. D'Metapher verweist och op déi destruktiv Kraaft, déi dat Aalt aus dem Wee raumt. Am Film hëlt dat spektakulär Zich un: an enger Zort Pompjees-Ausrëschtung gekleet zitt d'Ema duerch d'Stroosse vu Santiago. Aus sengem Schlauch sprëtzt allerdéngs kee Waasser eraus, mee Napalm! Et ass e gliddege Stral, deen déi mat kale Faarwe gemoolte Männerwelt duerchbrennt!

De Pablo Larraín huet eng originell an iwwerraschend Manéier fonnt, fir den Emanzipatiounskampf vu Frae vun haut duerzestellen. Et brauch schonn e bëssen Zäit, éier dat, wat een um Ecran zerwéiert kritt, ufänkt Sënn ze maachen. Mee um Enn, wann ee bis dem Ema säi Plang duerchkuckt huet, gëtt een dofir belount.


"Ema" leeft nach eng Kéier am Kader vum LuxFilmFest, dëse Freideg de Moien, 13. Mäerz um 10 Auer am Kinepolis Kierchbierg.