Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat der Aaxt geschriwwen, mat Schräinerläim zesummegehalen

Netflix

Mat der Aaxt geschriwwen, mat Schräinerläim zesummegehalen

Den dystopesche Gangsterfilm "The Last Days of American Crime" kënnt ultra-brutal dohier, Humor gëtt et hei kaum. Iergendwéi passt déi Zort vu Filmer bei eis Gesellschaft wéi d'Fauscht op d'A.

auto_stories

4 min

Déi amerikanesch Regierung huet e Plang, wéi si d'Gewalt ee fir allemol op en Enn ka bréngen: éischtens gëtt eng Generalamnestie fir Krimineller dekretéiert, zweetens gëtt d'Police hir Waffen of, an - last but not least - gëtt am ganze Land een elektromagnéitescht Signal gesent, dat potentielle Kriminelle kuerz virun enger Dot d'Gehier ugräift an dës Dot esou onméiglech mécht. Do läit et op der Hand, datt deen een oder anere virum fatalen Datum nach dee leschte grousse Coup plangt, wéi den zesummegewierfelten Trio an ''The Last Days of American Crime''.

Wat - op d'mannst dem Titel no ze beurteelen - wéi e Gangster-Epos à la Leone, Scorsese oder Coppola kléngt, ass a Wierklechkeet eng weider ultra-brutal Serie-Produktioun, vun deenen ee sech wochelaang op Netflix domm an däämlech ka kucken. Et handelt sech ëm d'Verfilmung vun engem Graphic Novel mam selwechten Titel vum Duo Remender-Tocchini.

Fräiheet vs Sécherheet

Dobäi ass d'Ausgangssituatioun emol net esou oninteressant. An der Filmgeschicht gëtt et jo eng Partie dystopesch Wierker, déi sech mat gutt gemengte staatlechen Initiativen zur Eliminatioun vun der Kriminalitéit auserneegesat hunn, wéi ''Clockwork Orange'', fir nëmmen dat emblematescht Beispill ze nennen.

De franséische Realisateur vun ''The Last Days'', Olivier Megaton, ass awer net de Stanley Kubrick, huet allerdéngs och net deem säin Usproch, mol net usazweis. De Megaton, dee seng Karriär mat Publicitéiten a Videoclippen ugefaangen hat, huet duerno ënner anerem fir dem Luc Besson seng Produktiounsfirma Filmer gedréit, bei deenen et haaptsächlech drëms goung, op méiglechst spektakulär Aart a Weis fir Materialschued ze suergen, wéi "Transporter 3", "Colombiana" oder "Taken 2" respektiv "Taken 3".

Fir eng déif gräifend Reflexioun iwwer d'Vir- an d'Nodeeler vun enger Beschneidung vun der Fräiheet, wann dem Individuum am Géigenzuch méi Sécherheet garantéiert ass, fir esou eng Reflexioun bleift bei deene Filmer normalerweis net vill Plaz.

Wou hu si deen Trio dann hier??

Dobäi dauert dee Film ëmmerhin zwou Stonnen an 20 Minutten - mee firwat eigentlech? De Gangster-Trio - den einsame Wollef an eng Koppel - huet sech séier fonnt. An hire Plang ass och séier entworf: kuerz éier d'Anti-Kriminalitéitssignal gesent gëtt, wëlle si vun der Entwaffnung vun der Police profitéiere fir nach séier eng Milliard - jo, eng Milliard (!) Dollar ze klauen an domat a Kanada ze flüchten.

Déi éischt Hallschent vum Film vergeet ouni nenneswäert Incidenten a plätschert viru sech hin, Zäit also fir d'Personnagë kennenzeléieren. Den Haaptprotagonist Bricke gëtt gespillt vum Édgar Ramírez, deem seng Mimik esou minimalistesch ass, datt een am Verglach engem Arnold Schwarzenegger spontan eng Shakespeare-Interpretatioun kéint uvertrauen.

Sengersäits verkierpert de Michael Pitt esou schlecht et nëmme geet de Kevin Cash, also de Mëlle mat de laangen Hoer a komplizéierte Familljebezéiungen, dee permanent drogéiert ass a mat geféierleche Schosswaffe fuchtelt - Dir kennt dee Personnage sécher aus anere Filmer. Deem seng Frëndin Shelby dann hätt kéinten als Femme fatale duerchgoen, wann et net grad vum britteschen Top Model Anna Brewster gespillt gi wier.

Bref, et ass deen Trio, deen an d'Annale soll agoen als Auteur vum leschte grousse Coup an der amerikanescher Kriminalgeschicht.

Ultra-brutal a keen Humor

D'Ausféiere vun deem Plang geschitt natierlech net ouni Schréipsen, mat der standardméisseger gesonder Portioun u sënnloser Gewalt a mënscheveruechtende Folterzeenen. D'Dréibuch ass wéi mat der Aaxt geschriwwen, woubäi een déi Aaxt besser beim Montage agesat hätt. Dee ganze Kuddelmuddel gëtt mat Schräinerläim iergendwéi zesummegehalen. A wéi esou dacks hautdesdaags bei där Zort vu Filmer gëtt och op dee geréngste Fonken Humor oder Ironie verzicht, fir deen een dach um Enn esou dankbar wier.

Firwat esou e Film eigentlech gutt bei den Zoustand vun eise Gesellschafte passt, fir déi Reflexioun sollt ee sech roueg e bëssen Zäit huelen.