Buchkritik Martyna Bunda - Das Glück der kalten Jahre

D'Rozela an hir dräi Duechtere sinn d'Protagonisten an der Martyna Bunda hirem Debutroman "Das Glück der kalten Jahre". Ee Joerhonnert an engem kaschubeschen Duerf a Polen. Mee egal, wat geschitt, an och wa si sech net ëmmer eens sinn, d'Rozela an hir dräi Meedercher halen ëmmer zesummen. D'Valerija Berdi huet dësen aussergewéinlechen a markante Roman gelies.

Valerija Berdi / cbi

D'Martyna Bunda an hiren Iwwersetzer Bernhard Hartmann
D'Martyna Bunda an hiren Iwwersetzer Bernhard Hartmann

Das Glück der kalten Jahre - et sinn effektiv kal Joren, déi d'Martyna Bunda an hirer Familljesaga, oder besser gesot, Fraesaga beschreift. Et ass d'Geschicht vun dräi Schwësteren, déi ganz ënnerschiddlech vum Ausgesinn a vum Charakter sinn a vun hirer Mamm, déi ganz jonk Wittfra ginn ass, vun Zaldote wärend dem zweete Weltkrich vergewaltegt gouf an awer d'Kraaft hat hier dräi Meedercher duerch d'Liewen ze bréngen a souguer selwer en Haus gebaut huet.

D'Ilna, Truda a Greta entspriechen absolut kengem klassesche Fraebild. Sou verschidden se och sinn, keent ass langweileg oder upassend, keent strieft no iergendeppes besonneschem, ausser villäicht e Mann ze fannen. A si fannen dann och hier Männer, an och wa se all aussergewéinlech sinn, sinn se de Fraen net gewuess.

De sozialen Hannergrond

Staark Fraen - schwaach Männer? Esou trivial ass der Martyna Bunda hier batter-séiss Erzielung awer net. D'Betounung gëtt op de sozialen Hannergrond geluecht. Et geet ëm Liewen an iwwerliewen, ëm Hochzäiten an ëm d'Schluechten, ëm Aarmut a Libeskommer, ëm gebuert an ëm den Doud, et geet awer och einfach ëm den Alldag, deen sou guer net alldeeglech ass.

"Die Ferkel mit dem Fell landeten auf dem Hochzeitstisch. Rozela bestand nur darauf, das cleverste zu behalten, dasjenige, das als Erstes gelernt hatte, in die Rinne zu pieseln. Gertas Gästen wurden rasierte Tiere aufgetischt, Trudas Gäste aßen die Ferkel mit dem Fell."

Vun 1932 un bis haut skizzéiert d'Autorin ganz atmosphäresch dat Liewen an engem kaschubeschen Duerf a Polen. Enger Regioun, déi hier eege Sprooch huet an an där een an enger eegener Welt lieft. An dësem Duerf, wou jiddereen all Mënsch kennt, bleiwe Geheimnisser net laang geheim an alles wat net der traditioneller norm entsprécht, gëtt verurteelt a begéint enorme Mësstrauen.

Sou ass d'Mamm Rozela en illegitimt Kand vun enger Fra, dat och schonn en illegitimt Kand war, natierlech net grad déi Persoun, mat där sech d'Nopere gären ophalen

"Dziewcza Góra war in diesem Punkt wie jedes andere Dorf. Immer gab es ein Haus, über das man nur hinter vorgehaltener Hand redete, dessen Bewohner man zu Tauffeiern einlud und zugleich hoffte, sie würden nicht kommen."

D'Truda ass lieweg, steet gären am Mëttelpunkt, d'Ilda ass kleng a douce awer ganz couragéiert an dem Greta, grouss a kräfteg ass et wichteg, datt anerer eng gutt Meenung vun hier hunn.

Iergendwann ass fir déi dräi de Moment komm sech vun hirem Haus an der Mamm ze trennen, d'Truda flücht reegelrecht an Däitschland an iwwerlieft just, well se net an e Bunker era gelooss gëtt wärend de Bombardementer, mir sinn hei am 2. Weltkrich, a wou si sech an en Däitschen verléift, refuséiert si deen ze bestueden, fir hirer Mamm keng Schan ze maachen.

D'Greta bestit sech, mee no fënnef Joer geet si mol bei en Dokter fir sech ënnersichen ze loossen, wisou si nach ëmmer Vierge ass:

"Die Feier zum vierten Jahrestag ihres ehelichen Zusammenlebens endete in einem Skandal, weil Edward, Gertas Mann, betrunken in der Kirche randalierte. Jetzt, da der fünfte Jahrestag nahte, drohte er damit, er werde sich auf den Markt stellen und in alle Welt hinausschreien, seine Frau sei unten vernagelt."

an di'Ilda ass mat engem Sculpteur zesummen, vun deem si denkt, hie géif hiert Ausgesinn an all senge Wierker veréiwegen. E Mann, dee scho ma enger anerer Fra bestuet ass.

Et gëtt ee matgerappt

D'Liewensgeschichte sinn engersäits absolut iwwerdriwwen, d'Handlunge vun de Protagonistinnen dann awer grad esou pragmatesch, wann och onerwaart an iwwerraschend. Et ass e reegelrechte Géigemodell zu de gewinnte Joerhonnerterzielungen, eng ganz souverän onmodern Geschicht iwwer Fraen, déi wäit ewech vun eiser séierer Liewensform sinn, wou et ëm Succes, Karriär a Frick geet. Eng Pris Bruno Schulz ass och eraus ze schmaachen.

Et si charakterstaark Perséinlechkeeten, déi een och mol nerven, rose maachen, irritéieren, mee eppes ass an hinnen dran, wat ee just bewonnere kann an dat ass d'Solidaritéit. Der Martyna Bunda hier Sprooch rappt ee mat, et ass e Roman, deen een net just liest, mee och spiert, riicht. schmaacht an héiert an dat ass sécherlech och dem formidabelen Iwwersetzer Bernhard Hartmann.


Den Interview vum Valerija Berdi mat der Martyna Bunda lauschteren

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Sofia Aouine - Rhapsodie des oubliés
Literatur

Deelweis zu Lëtzebuerg geschriwwe vun der Paräisser 100,7-Korrespondentin: Fir hiren autobiographesche Roman "Rhapsodie des oubliés" gouf d'Sofia Aouine viru kuerzem mam Prix de Flore ausgezeechent.

Nicolas Mathieu
Literatur

Den Nicolas Mathieu krut d'lescht Joer de wichtegste franséische Literaturpräis fir säi Roman "Leurs Enfants après eux". Mir schwätze mat him ënner anerem iwwer d'Gefill fir Klassenënnerscheeder an iwwer Summerléift.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen