Radioen

On air

Notturno  |  Billy Bruner - Sweetness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Na dann gute Nacht! Das langweiligste Hörbuch der Welt"

Majo dann: Gutt Nuecht?

"Na dann gute Nacht! Das langweiligste Hörbuch der Welt"

"Na dann gute Nacht! Das langweiligste Hörbuch der Welt" steet um Cover, am Hannergrond stuerkt e ganzen Trapp Schof viru sech, si wierken tatsächlech belämmert, wéi wa se realiséiert hätten, datt se elo als Schlofmëttel ausgedéngt hätten. Souzesoen als Beweis hunn d'Auteure Professer McCoy an Dr. Hardwick Fotoe vun den Audio-Buch-Opname bäigefüügt, op deenen d'Tountechniker iwwer hirem Mëschpult agenäipt sinn.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Yuliya L

De Spriecher ass den Hamburger Schauspiller Bjarne Mädel, Joergang 1968. De Mädel gouf dem breede Public duerch seng Roll "Ernie Heisterkamp" an der Serie "Stromberg" bekannt. Duerno war hien als ënnerbeliichten Duerfpolizist an der Krimi-Serie "Mord mit Aussicht" ze gesinn. Datt hien och anescht kann, huet hien als "Tatortreiniger" bewisen, eng Satir, fir déi de Bjarne Mädel zweemol de Grimme-Präis kritt huet. Mee dat sinn alles Figuren, bei deene Stëmm a Kierper enk zesummespillen.

De Mädel huet stëmmlech net de Spektrum vun engem Ulrich Matthes zum Beispill, deen all Figur an engem Audiobook, iwwer Stonnen, aner Nuancë gëtt. Mee dorëms geet et bei dësem CD och net, de Spillraum ass relativ enk: den Erzieler wëllt säin Nolauschterer langweilen, fir datt en endlech aschlofe kann, ouni en zousätzlech ze nerven. Schliisslech ass dee jo schonn an all sengen Zoustänn, a wann de Bjarne Mädel en dann zum Beispill an der "mehrgeschossigen Hypnose" iwwer e Betonswee tëschent Betonsmauere schéckt, laanscht dee verschidden Autoe parken, déi en opzielt, kritt e whrscheinlech scho Loscht, CD a Player zur Fënster erauszegeheien. Oder wa bei "Eisenbahnspurweiten: eine internationale Übersicht in Milimetern" op eemol och den Terme "Luxemburg" fält, ass de Lëtzebuerger Nolauschterer ënner Ëmstänn eenzock nees komplett waakreg.

Am Idealfall ass "Na dann gute Nacht!" en treie Begleeder iwwer Joren

Ech muss gestoen, ech hu keng Aschlofproblemer. Dowéinst huet dat och esou laang gedauert, bis ech dës Bespriechung endlech ronn kritt hunn: ech si bei der Ecoute permanent an hefteg ageschlof. A fir eng Rezensioun muss ee jo awer bis un d'Enn komm sinn. Mäin éischte Lauschter-Ugrëff am Auto géif ech och wierklech kengem recommandéieren: vill ze geféierlech.

Warscheinlech wierkt bei jiddwerengem eppes anescht: bei mir hu Kapitele mat Friemwierder- zum Beispill d'Lëscht vun den Nimm vun norwegeschen Tunnellen op enger Eisebunnstreck oder ganz vill Zuelen hannerteneen, wéi bei den "Wirtschaftsstatistiken aus den ersten beiden Fünfjahresplänen in der Sowjetunion", respektiv d'Positiounschangementer beim Réckele vu Schachfiguren, besonnesch hypnotesch Effete gehat. Et kann ee sech jo verschidden Nummeren aprogramméieren. Am Idealfall ass "Na dann gute Nacht!" en treie Begleeder iwwer Joren, deen een ouni Problemer 1001mol lauschtere kann, well ee sech ni méi drun erënnert, wat een eigentlech héieren huet.