Radioen

On air

Espresso Beats  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lyrik ist eigentlich mein Hauptthema"

Esther Kinsky

"Lyrik ist eigentlich mein Hauptthema"

D'Esther Kinsky gouf dëst Joer mam Buchpreis der Leipziger Buchmesse fir hiert Prosawierk "Hain. Geländeroman" ausgezeechent. Bei hire Prosatexter huet een eigentlech den Androck, et géif ee pur Poesie liesen. Dat ass net erstaunlech, well an der Lyrik spiert d'Esther Kinsky sech doheem.

auto_stories

4 min

D'Erwäche vun der Natur, awer grad esou hir Vergänglechkeet, hir Verännerungen an awer och hir Bestännegkeet, gespigelt ënner dem Afloss vun den Naturelelementer a vun de Mënschen. Dat ass dat grousst Thema an der Esther Kinsky hirer Lyrik.

"Am Rand" ass d'Wuert, dat sech duerch hir Gedichter zitt, widderhëlt, de Mëttelpunkt ausmécht ... a weist, wat der Esther Kinsky hiert Uleies ass. Op hire Wanderunge gesäit si dat, wat anerer ignoréieren a gëtt all deem eng deskriptiv Plaz an hire Gedichter, déi u sech reng Beschreiwunge sinn, mee an enger Präzisioun, déi senger gläiche seelen ze fannen ass ...

Duerch iwwerraschend Zeilenëmbréch hëlt si de Sätz dat Duusst, dat Ronnt a gëtt hinnen déi Kraaft, déi der Natur eegen ass: dat Onrouegt, dat Onberechenbart, dat Permanent a sengem Wiessel, dat Bestännegt a senge Metamorphosen.

Et ass schwéier der Esther Kinsky hir Gedichter enger Literaturrichtung zouzeuerdnen. Romantesche Realismus - oder realistesch Romantik, an hei huet d'Romantik net als Kitsch an Dreemerei gedeit ze ginn. Hir Gedichter sinn engersäits bal mystesch an niwweleg, awer grad esou haart an opwullend.

De Mënsch an d'Natur

"Nature writing" nennt een dat, wat d'Esther Kinsky an hire Gedichtbänn zesummestellt. Et sinn hir Reesen, hir Wanderungen, et ass e Flanéieren, wou een net weess, wou et hi geet, e Spadséiergang bei deem Villes entdeckt, beschriwwen an a Fro gestallt gëtt. Si verflecht hir Observatioune mat Froen, déi de Mënsch mat der Natur verbënnt an hie vun hir trennt. En déiwe Lien a gläichzäiteg e Rass, well d'Kraaft vun deem engen op d'Kraaft vun deem aneren trëfft.

"Naturschutzgebiet" ass deen u sech bal banalen, sachlechen Titel vum Gedichtband, deen d'Esther Kinsky 2013 bei Matthes und Seitz publizéiert huet, tëschent de Gedichter eng Serie vu klenge Fotographien. Fotoe vun der Natur, mee all Foto weist och déi mënschlech Hand ... Bänken, Hütten, Haiser, Weeër, ëmgehae Beem, ...

A well sech bei der Kinsky alles ofwiesselt, sech widdersprécht fir erëm zesummenzekommen, Harmonien entstinn an zerstéiert ginn, esou ass et och déi eminent Tristesse, déi ëmmer erëm vun helle Wierder a Gedanken opgehuewe gëtt.

"Gelände" als Landschaft ouni Erwaardungen

"Hain - Geländeroman" heescht d'Wierk mat deem d'Esther Kinsky de Buchpreis der Leipziger Buchmesse gewënnt.

"gezeichnetes gelände in gestundener seeligkeit der
verwahrlosung gaukend in der ungehegtheit..."

Ungehegtheit - Neologisme leien der Esther Kinsky, grad wéi Wierder, déi der däitscher Dichterin besonnesch vill bedeiten, sou och d'Wuert "Gelände", dat een am elo genannte Gedicht, mee och a villen anere begéint, grad wéi am Titel vum ausgezeechente Prosawierk.

E Wuert, dat si gär huet, well et esou neutral ass, seet d'Esther Kinsly an engem Interview um Deutschlandfunk: "Es legt einen weder fest auf Natur noch auf, sagen wir mal, Urbanes, es definiert das Umfeld erst mal einfach nur als die zu erkundende Fläche." De Begrëff "Gelände" wier och net esou romantesch ugehaucht wéi de Begrëff "Landschaft" a si géif hoffen, datt d'Lieser sech mam Ausdrock "Gelände" op eng Rees-Aventure aloossen, déi net vun Erwaardunge gepräägt ass.

Alles anescht wier e Verloscht

Italien an Osteuropa, Patagonien an d'Krim ... d'Solitude an d'Vergänglechkeet, verluer sinn a verlooss ginn, kloen a bedaueren, observéieren a verschaffen ... Et denkt ee vläicht un déi al Meeschterinnen a Meeschter vun der Dichtung, wann ee sech op d'Esther Kinsky aléisst, vläicht well si drop verzicht, Literatur nei erfannen ze wëllen, well bei hir näischt gezwongen a besonnesch post-iergendeppes klenge soll.

Kloer ass, datt hir Lyrik eng besonnesch ass, well een d'Gefill huet, datt hei eng Fra en Don huet, un deem si eis ouni iergendwellech Ambitiounen deel huele léisst, well alles anescht e Verloscht wier, a well si esou vill ze soen huet, iwwer d'Steng, d'Wildnis, Gestrëpp an iwwer d'Zäit, déi vergänglech, eraus.