Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxfilmfest Digest (3)

Film

Luxfilmfest Digest (3)

Eng mythologesch Initiatiounsrees, stéckeg Atmosphäre wärend an no der Diktatur, prekäert Studenteliewen zu Bangui an Djihadiste virun der Kamera. Andréck vum Luxembourg City Filmfestival.

auto_stories

7 min

Zeen aus "Los Reyes del mundo"

Los Reyes del mundo (Laura Mora Ortega)

Dëse vum Lëtzebuerger Filmfong matfinanzéierte kolumbianeschen Drama ass de Laureat vum leschte Festival vu San Sebastián. Fënnef Jugendlecher, déi sech op de Stroosse vu Medellín mat klengen Traficken erëmklappen, maache sech op d'Rees. Et schéngt, wéi wa se fir d'éischt iwwerhaapt an hirem Liewen en Zil hätten. Ee vun hinnen, den 19 Joer ale Rá, krut vun engem Geriicht den Terrain zougesprach, dee seng Bom wärend dem Biergerkrich a Kolumbie vu Paramilitäre confisquéiert krut.

Aus dem Chaos vun der Groussstad geet et eraus a méi friddlech a ländlech Géigenden. Mee dee Fridden täuscht. Iwwerall lauere Geforen. Keen traut deem aneren, d'Gewalt ass dacks deen eenzegen Ëmgank. Et sinn d'Nowéie vum bluddege Biergerkrich.

D'Realisatrice Laura Mora Ortega zeechent de Portrait vun enger Band vu Jugendlechen, déi an där Welt op sech selwer gestallt sinn. Do wou eng bedéngungslos Solidaritéit néideg wier, sti si sech och emol mat Rivalitéite selwer am Wee. Si sinn d'Produkt vun enger Gesellschaft, déi keng aner Sprooch wéi d'Gewalt kennt.

An dann ass et och d'Energie vun der Jugend, d'Freed um Risiko, d'Liewen um Raséiermesser, déi fir spektakulär Biller suergen. Zum Beispill wann d'Bouwen op der Remorque vun engem Camion heemlech matfueren, respektiv sech mat hire Lafrieder zéie loossen, a rasantem Tempo eng Biergstrooss erof.

Déi am Donst agedauchte Biergkette schafen eng gëttlech Atmosphär, déi de Film iwwer den dréchne Realismus eraushieft. De beandrockende "Los Reyes del mundo", ee vun de beschte Filmer aus der offizieller Kompetitioun, erzielt eng quasi mythologesch Initiatiounsrees. D'Jonge si wéi Conquistadores op der Sich nom Eldorado. An dee war bekanntlech just eng Illusioun...

+++

1976 (Manuela Martelli)

Am Chile ass et d'Period vun der Diktatur, déi nach net verdaut ass. Eréischt 1990 war an deem Land den Iwwergang zur Demokratie. Haut nach ass d'Verfassung, déi ënnert dem Diktator Augusto Pinochet agefouert ginn ass, a Kraaft.

Der Manuela Martelli hiren Drama "1976" (Offiziell Kompetitioun) spillt dräi Joer nom Militärputsch vun 1973. Net wäit ewech vun hirem Vakanzenhaus un der Küst fleegt d'Fra vun engem Chirurg e verfollegte lénke Militant. De schwéier Verwonnten huet sech beim Paschtouer verstoppt. Mir sinn an der besserer chileenescher Gesellschaft, dat dierft fir e gewëssene Schutz suergen. Mee fir wéi laang?

D'Diktatur kënnt am Film nëmmen indirekt vir: sporadesch Stroossekontrollen ëm d'Ausgangsspär. Eng Persoun gëtt praktesch en passant verschleeft. Eng weiblech Läich gëtt op der Plage fonnt... An de Gespréicher vun der Bourgeoisie geet heiansdo vu "Parasitte" rieds, déi dem Fortschrëtt vum Land am Wee stinn an een deemno muss liquidéieren...

Dat Weesentlecht gëtt am Film just ugedeit. Duerch eng Ellipse gëtt ee Schlësselevenement ausgeblent. D'Regisseurin huet am Laf vum Film Hiweiser gestreet. Et ass alles um Ecran, et muss ee just gutt kucken, et muss een 1 an 1 zesummenzielen. Vun der Diktatur schwätzt keen. Mee si ass iwwerall.

Déi beonrouegend Partitur vun der brasilianescher Jazzmusekerin Maria Portugal, eng Mëschung aus 70er Elektrokläng a Blechbléiser, suergt fir eng stéckeg Atmosphär. Si ënnersträicht déi permanent Onrou vun der Haaptprotagonistin, déi mat groussem Courage Risikoen ageet. An awer ass si vulnerabel.

Verdeckten Ënnerstëtzung fir politesch Oppositioneller gouf et duerchaus och aus Kreesser, déi objektiv vun der Diktatur profitéiert hunn. Besonnesch och Frae vun der Bourgeoisie hu sech agesat, seet d'Realisatrice Manuela Martelli.

+++

Nous, étudiants! (Rafiki Fariala)

Op der Uni vu Bangui, der eenzeger Universitéit an der ganzer République centrafricaine, ass studéiere keen Zockerschlecken. Ofgesi vun de ganz prekäre Konditiounen an deem Entwécklungsland (iwwerfëllte Säll, kaum zoumuttbar Studentewunnengen, Honger) mussen d'Studente sech duerch een Dschungel vu Korruptioun kämpfen. Net seele muss ee Proffe bezuelen, fir datt déi een net duerchfale loossen. Vu Studentinne ginn och alt emol sexuell Faveure verlaangt.

Dat alles gëtt een am interessanten "Nous, étudiants!" (Documentaire Kompetitioun) gewuer. De jonke Rafiki Fariala, dee weess, wouvun hie schwätzt, huet wärend senger Studienzäit seng Leidensgenosse gefilmt. Déi hunn och kee Blat virun de Mond geholl. Kee Wonner, datt säin Documentaire zanter der Première (déi dräi ageluede Ministeren hunn de Sall no 15 Minutte verlooss) an der République centrafricaine verbueden ass.

De Fariala beweist, datt een trotz ganz bescheidene Mëttelen (just eng kleng Handkamera) e ganz respektabele Film kann dréinen. Wann een e gudde Sujet huet.

+++

Autobiography (Makbul Mubarak)

Änlech stéckeg ass d'Atmosphär an dësem Debutfilm aus Indonesien. De jonke Sergeant Rakib ass de Chauffer a Factotum vun engem pensionéierten, mee ëmmer nach gefaartem Generol, dee sech zur Politik konvertéiert huet. Ënnert dem staarken Afloss vu sengem Chef gëtt de Rakib Kompliz vu Saachen, déi hie mat sengem Gewëssen net ënnert een Hutt ka bréngen.

D'Suharto-Diktatur an Indonesien ass schonn zanter 1998 eriwwer. An awer kontrolléiert d'Arméi ëmmer nach weesentlech Beräicher vun der Gesellschaft. Sou mécht sech de Generol staark fir de Bau vun enger Staumauer - zugonschte vun engem groussen Energie-Konzern, op Käschte vun der lokaler Populatioun. Wärend der Diktatur gouf esou eppes ouni Diskussioun duerchgesat. An der Demokratie gëtt de Konsens gesicht - mat rhetoreschen Tricken an ënnerschwellege Menacen...

Nieft der effikasser Duerstellung vun de Muechtverhältnisser an der indonesescher Gesellschaft konzentréiert sech de Film op d'Relatioun tëschent dem jonke Sergeant an dem Generol. Et ass eng komplex Bezéiung, streng hierarchesch, mee och vu reelle Pappegefiller, respektiv enger latenter Homosexualitéit gepräägt.

Déi Komplexitéit mécht et dem jonke Rakib besonnesch schwéier, sech hir ze entzéien. Ëmsou méi scho säi Papp a säi Bop an deem Ofhängegkeetsverhältnis vum Generol a senger Famill gefaange waren. De Realisateur Makbul Mubarak gräift op eegen Erfarungen zréck: seng Famill hat mat der Diktatur kollaboréiert. Dohier den Titel vun deem gudden intimistesche Thriller: "Autobiography".

Rojek (Zaynê Akyol)

Déi kanadesch Realisatrice, eng an der Tierkei gebuere Kurdin, hat sech an engem viregten Documentaire mat kurdesche Kämpferinne befaasst. Hiren neie Film "Rojek" (Documentaire Kompetitioun) beschäftegt sech mat den Djihadiste vum Islamesche Staat an hire Fraen, déi a kurdesche Prisongen an Nordsyrien agespaart sinn.

Am Film wiessele sech Interviewe vun IS-Leit mat Opnamen aus der Regioun of. D'Gespréicher mat de Männer an de Fraen, frontal gefilmt, behandelen hir respektiv Roll bei Daech (aneren Numm vum IS), hiert Privatliewe wärend de Joren, an deenen den IS nach grouss Deeler vu Syrie kontrolléiert hat, hir ganz rigoristesch Astellung zum Islam, asw.

Eemol méi stellt ee fest: och wa si eventuell grujeleg Doten ze veräntwerten hunn, si se keng Monsteren, mee Mënschen. Et ass dat, wat d'Hannah Arendt wärend dem Eichmann-Prozess "d'Banalitéit vum Béise" genannt hat.

Leider geet de Film kaum op hiert Liewe virun hirem Engagement beim Islamesche Staat an. Onbeäntwert bleift deemno d'Fro, wéi een zum Djihadist gëtt, wann een zum Beispill - wéi am Fall vun zwee Kämpfer - aus Däitschland kënnt.

Den Documentaire gëtt iwwerdeems onnéideg an d'Längt gezunn duerch ästhetesch flott gefilmten, mee repetitiv Iwwergangsszeenen : kurdesch Kämpfer, déi duerch d'Wüüst marschéieren, oder nach Felder, déi a Brand gestach goufe fir ze düngen, Symbol vun der Zerstéierung, déi den IS hannerlooss huet.