Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Monaco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxfilmfest Digest (2)

Film

Luxfilmfest Digest (2)

E rouegt Meedchen, ukrainesch Jugendlecher am Krichsgebitt, Rassismus an den USA an eng Realitéit, déi an dat Iwwernatierlecht eriwwer fléisst. Andréck vum Luxembourg City Film Festival.

auto_stories

5 min

"Saules aveugles, femme endormie" vum Pierre Földes

The Quiet Girl (Colm Bairéad)

Dat klengt Cáit ass déi jéngst vu véier Duechteren aus enger aarmer Famill, déi um Land lieft. Well d'Mamm erëm schwanger an och soss iwwerfuerdert ass, gëtt d'Meedche provisoresch bei eng Tatta geschéckt. Dat ganz rouegt an zréckhalend Cáit gëtt vun der Fra mat oppenen Äerm empfaangen. Där hire Mann brauch dogéint e bëssen, fir datt d'Äis brécht...

"The Quiet Girl", d'Adaptatioun vu "Foster", enger Novell vun der irescher Schrëftstellerin Claire Keegan, ass e ganz schéinen, well ganz einfache Film. Et brauch am Fong net vill fir d'Emotiounen opkommen ze loossen. Eleng duerch déi delikat Schéinheet vum scheie Kand (gespillt vun der jonker Catherine Clinch) ass de Publikum eigentlech scho verkaf. Mee de Film huet méi ze bidden, dat heescht e setzt op manner: keng iwwerdriwwe Gefillsschwankungen, keng extrem Charakteren.

De Kontrast tëschent dem Papp, deen d'Duechter éischter mat Keelt behandelt, an der Tata (Carrie Crowley), déi d'Meedche léif uriet an ëm d'Hoer kämmt, also iwwerhaapt emol e physesche Kontakt hierstellt, geet schonn duer. Oder e Kichelchen, deen en passant dem d'Kand dohi geluecht gëtt.

Datt d'Tatta an hire Mann e schwéiere Schicksalsschlag belaascht, behandelt den iresche Realisateur Colm Bairéad mat der selwechter Diskretioun wéi déi musikalesch Begleedung vu sengem Film. Deen op Gälesch interpretéierten Drama "The Quiet Girl" ass fir d'Oscaren nominéiert an der Kategorie vum beschten net-engleschsproochege Film.

+++

We will not fade away (Alisa Kovalenko)

D'Kamera begleet e Grupp vun ukrainesche Jugendlechen aus der Industriegéigend Donbass. Mir sinn e puer Joer virum russeschen Ugrëff an nach matzen am Biergerkrich, dee schonn zënter 2014 am Oste vun der Ukrain seng destruktiv Kraaft entfaalt. Biller vun deem Konflikt kréie mer keng gewisen, dofir héiert een am Hannergrond d'Bommen. D'Front verleeft net wäit ewech.

Déi ukrainesch Realisatrice Alisa Kovalenko filmt déi Jonk an hirem Alldag, wéi si mat Famill a Frënn interagéieren. Virun allem maache si sech virun der Kamera Gedanken iwwer hir Zukunft, déi si sech op kee Fall an hirem "shithole", der Regioun Lougansk, kënne virstellen. Zu deem Zäitpunkt sinn hir Dierfer nach net direkt vun de Krichshandlunge betraff.

Net zoufälleg stinn dës fënnef Jugendlech am Mëttelpunkt vum Documentaire. Si goufen ausgewielt fir zesummen an den Himalaya wanderen ze goen. E gemeinsaamt Zil, fir dat se sech kierperlech a gedanklech virbereeden. Dës nepalesesch Expeditioun soll fir all déi Dreem stoen, déi ee mat perséinlecher Wëllenskraaft ka verwierklechen.

Politesch bezitt "We will not fade away" kloer Stellung zugonschte vun der Ukrain. Sou wéi se duergestallt ginn, sinn déi jonk Protagonisten natierlech Sympathiedréier, déi de Spectateur solle mat abannen.

Soss ass den "We will not fade away" (Documentaire Kompetitioun) dach relativ flaach - trotz de Bierger. Datt d'Himalaya-Expeditioun vun der Filmproduktioun matfinanzéiert gouf, kann een als duerchaus problematesch ugesinn. Hei ass d'Realitéit net méi onbedéngt dat, wat ee versicht mat der Kamera anzefänken. Mee eppes, wat een inzeenéiert.

+++

Riotsville, USA (Sierra Pettengill)

Mëtt de 1960er Jore waren a villen amerikanesche Stied Opstänn vun der aarmer afro-amerikanescher Populatioun ausgebrach. D'Emeutë vu Watts, e majoritär schwaarze Quartier vu Los Angeles, steet symbolesch fir dës sozial Explosioun, déi d'Autoritéite mat Gewalt ënnerdréckt haten.

Opgrond vun Archivmaterial aus Tëlee an Arméi-Filmer thematiséiert "Riotsville, USA" (Documentaire Kompetitioun) d'Aart a Weis, wéi dës Opstänn vun der politescher Klass an de Medien, dat heescht vum Establishment, interpretéiert gi waren. Sozial Revolt oder vu baussen ugestëfte Krawallen? Eng speziell Enquête-Kommissioun hat déi genee Ursaache festgehalen a Recommandatioune gemaach. Zréckbehale goufe vun der Politik just d'Verstäerkung vun der Repressioun, mam Zil, den Deckel op d'Revolt ze halen an déi herrschend sozio-ekonomesch Uerdnung ze verdeedegen.

Symbolesch fir des bewosst Ignoranz vun der sozialer Realitéit an den USA: nogestallte Stied, genannt "Riotsville", wou d'Arméi viru ausgewieltem héichrangege Publikum hir fiktiv Versioun vun den Opstänn konnt nospillen.

"Riotsville, USA" ass ee ganz gutt gemaachten Documentaire, dee ganz spuersam mat Off-Kommentaren an Erklärungspannoen ëmgeet. D'Archive gi fir sech schwätze gelooss. Ee vun de beschte Bäiträg an der Documentaire-Kompetitioun.

+++

Saules aveugles, femme endormie (Pierre Földes)

Déi Lëtzebuerger Co-Produktioun ass deen eenzegen Animatiounsfilm, deen um Luxfilmfest an der Offizieller Kompetitioun konkurréiert. Mir si kuerz nom Äerdbiewen, dat am Mäerz 2011 den Tsunami an deemno Katastroph vu Fukushima ausléist.

D'Naturkatastroph gëtt hei indirekt behandelt, als Revelateur vu perséinleche Problemer an enger duerch Individualismus gepräägter Gesellschaft. E Bankemployé kritt vu senger Fra de Kuerf. Déi selwecht Fra, déi a jonke Joren eng aner Virstellung vu Gléck hat. An en zweete Bankemployé, dee sech doutschafft a vergësst, ze liewen.

De franséische Kënschtler Pierre Földes huet fir "Saules aveugles, femme endormie" eng Handvoll Kuerzgeschichte vum japanesche Schrëftsteller Haruki Murakami matenee verbonnen. Erauskomm ass e melancholescht Bild vun der moderner Einsamkeet.

Aus där een awer duerch d'Virstellungskraaft ka flüchten. Wann een et am mannsten erwaart, huet een op eemol e Wonsch zegutt. Oder et läit ee mat enger flotter Onbekannter am Bett. Oder et daucht op eemol e Riisefräsch op, deen engem seng gréisste Problemer ka léisen.

Am Pierre Földes sengem animéierten Universum ass et manner de Buedem, dee wackelt, wéi d'Realitéit, déi - duerch e Pinselstréch - an den Dram, an dat Iwwernatierlecht eriwwerfléisst.