Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxfilmfest Digest (1)

Film

Luxfilmfest Digest (1)

Bëschbränn a Sibirien, de Verfall vun enger iranescher Famill, de Verloscht vum Gediechtnis an e sexuell opgeluedene coming-of-age Film. Andréck vum Luxembourg City Film Festival.

auto_stories

5 min

Susanne Wolff a "Maret"

Paradise (Alexander Abaturov)

Biller wéi aus der Hell erwaarden de Spectateur a "Paradise" (Documentaire Kompetitioun), ee mat franséische Sue produzéierten Documentaire vum Russ Alexander Abaturov iwwer Bëschbränn a Sibirien.

Ouni Kommentar aus dem Off begleet d'Kamera d'Awunner vun engem Duerf a Jakutien, am Nord-Oste vu Sibirien, wärend e grousse Brand an der Regioun ëmmer méi no u si erukënnt. Eng Handvoll Männer aus der Ëmgéigend versichen, ouni nennenswäerte Schutz, d'Feier mat hire bescheidene Mëttel ze bekämpfen. Si schëppe Griewer an de Buedem, hae Beem ëm, fänke Géigefeieren un. Méi wéi de Brand bremsen an op de Reen hoffe kënne si net erwaarden.

80 Prozent vun der Regioun Jakutien gëlle fir déi russesch Autoritéiten als "kontrolléiert Zon", wou opwänneg Rettungsaktioune sech, an den Ae vu Moskau, net rentéieren. Déi lokal Populatioun ass méi oder manner op sech selwer gestallt. Iwwer laang Strecke versteet een als Spectateur net, wou ee grad drun ass an ob déi Sisyphus-Aarbecht iwwerhaapt Friichten dréit.

Méi spektakulär wéi d'Biller vum Feier sinn déi bal irreell Opname vum Niwwel-änlechen Damp, dee Wochelaang iwwer dem Duerf läit a kaum méi ewéi en diffuust Dagesliicht duerchléisst. Wa Kanner sech vun der Kuliss net stéiere loosse fir dobaussen ze spillen, entfaalt sech souguer eng gewësse Poesie.

Si stiechen an enger existenziell Noutlag, an awer schéngen d'Awunner eng relativ gutt Laun ze behalen. Huet et net och domat ze dinn, datt den Zentrum vun der Muecht wäit ewech läit? Wat engem un Hëllef verluer geet gewënnt ee vläicht un Autonomie a lokaler Solidaritéit - also e Stéck Paradäis. Bëschbränn sinn an deem Sënn weder positiv nach negativ, erschénge manner als d'Konsequenze vum Klimawandel wéi als Ausdrock vun Naturgewalten, vun engem Iwwel, dat zum Liewen iergendwéi dozou gehéiert.

++++

Silent House (F. & M. Jurabchian)

Eng Villa wéi eng Ruin um Enn vun enger Familljegeschicht. Dat ass wuel dat "Silent House" (Documentaire Kompetitioun) aus dem Filmtitel. Unhand vu Fotoen, private Videofilmer a weidere geziilt gefilmten Opnamen zeechnen déi zwee iranesch Geschwëster Farnaz a Mohammadreza Jurabchian de Portrait vun hirer Famill. Oder villméi vun der hirem Verfall iwwer d'Joerzéngten.

Dobäi ass déi Geschicht gutt ugaangen. Den ambitionéierte Bopa, deen aus aarme Verhältnisser kënnt, bestiit sech mat enger Duechter aus enger räicher Famill, baut sech eng Karriär als erfollegräiche Geschäftsmann op, a keeft sech d'Villa vun enger vun de Frae vum deemolege Shah vum Iran. An der Villa zu Teheran, fir Joerzéngten de Liewenszentrum vu verschiddene Generatioune vun der Famill, koume wéi et schéngt 1943 de Stalin, den Churchill an de Roosevelt zesummen. D'Haus gouf och als Filmkuliss zur Verfügung gestallt an hat eng privat Tennisschoul empfaangen.

De Film weist gutt, wéi dat privat Gléck vun der Politik beaflosst, respektiv zerstéiert gëtt. Duerch déi iranesch Revolutioun 1979 geet de Familljeräichtum zu engem groussen Deel verluer. Ee Bouf exiléiert sech fir Joerzéngten an England. Een Aneren, deen agezu gouf fir géint den Nopeschstad Irak ze kämpfen, kënnt total gewandelt zréck a kapselt sech komplett vu senger Famill of.

Datt d'Fraen doheem am Stot Här a Meeschter sinn stellt sech als déi hallef Wourecht eraus: d'Matriarchin kuckt frustréiert op e verhonzte Liewen ouni Léift mat hirem Mann zréck. Der hir Duechter wier gär politesch a kulturell aktiv gewiescht - ëmsoss. Eenzege Liichtbléck an dem desillusionéierte Bild: déi nei Generatioun kann dorausser e Film maachen an en op internationale Festivalle weisen.

+++

Maret (Laura Schroeder)

An hirem drëtte Long-métrage "Maret" (Offiziell Kompetitioun) setzt déi Lëtzebuerger Realisatrice Laura Schroeder eng Grafikerin (Susanne Wolff) an Zeen, déi no engem Autosaccident un enger Form vun Amnesie leit. Hir "fugue dissociative" féiert d'Maret op déi kanaresch Insel Lanzarote, wou eng renomméiert Gehirspezialistin déi adequat Therapie versprécht. Usetze wëll si net un der Rekonstitutioun vun de leschten zwanzeg Joer, déi hir Patientin vergiess huet, mee um Maret sengem dominante Charakterzuch, deen dogéint net verschwonnen ass: d'Impulsivitéit.

"Maret" ass esou zéi a stengeg wéi d'Vulkanlandschaft op Lanzarote, virun der déi blond-gefierfte Susanne Wolff un d'Ingrid Bergman am Roberto Rosselini sengem Klassiker "Stromboli" erënnert. Déi mineral Mass, deen engem Bléck op d'Mier am Wee steet, identifizéiert d'Haaptprotagonistin mat hirem psychesche Leiden.

Der däitscher Actrice keeft een of, datt se duercherneen ass. An och, datt si hir impulsiv Natur net laang verstoppe kann. Ënnert der Uewerfläch brutschelt de Magma. Et géif ee sech wënschen, datt et a "Maret" méi géif explodéieren. Sou wéi an der sexuell opgeluedener Renconter mat engem Galerist, déi beschten Zeen vum Film. Zemools a sengem éischten Deel hätt "Maret" méi séier kéinte viru kommen.

+++

I have electric dreams (Valentina Maurel)

D'Bild vum Magma, gläichzäiteg gliddeg a sënnlech Matière, präägt och "I have electric dreams (Tengo sueños eléctricos)" (Offiziell Kompetitioun). Eng intensiv Papp-Duechter-Bezéiung steet am Mëttelpunkt vum Debutfilm vun der Costa Ricanerin Valentina Maurel. Et ass eng duerch an duerch ambivalent Relatioun.

De gescheete Papp, eng poetesch an autodestruktiv Séil, gëtt och scho mol handgräiflech. Dat verhënnert net, datt seng 16 Joer jonk Duechter hir gären huet. A léiwer bei him wunnt wéi bei der Mamm an der klenger Schwëster. Net eleng seng Toleranz wat Fëmmen, Drénken a soss verbueden Aktivitéite betrëfft ass d'Viraussetzung fir eng déif Complicitéit mat der Duechter.

Där hir éischt sexuell Erfarung ass mat engem eelere Mann, dem beschte Kolleeg vum Papp. D'Realisatrice problematiséiert dat ouni et u sech ze verurteelen: d'Meedchen ass kee Vergewaltegungsaffer, mee einfach nëmmen enttäuscht, datt keng Léift mat am Spill ass. Allgemeng gi jonk Fraen am Film als fräi an zourechnungsfäeg Wiesen an enger Welt voller Geforen a Plaiséieren duergestallt.

"I have electric dreams" ass alles anescht ewéi en typeschen, braven, sympathesche coming-of-age Film. De Film ass riicht eraus, sensuell a vu sexueller Energie duerchweecht. E gutt Beispill fir d'Vitalitéit vum latäin-amerikanesche Kino, deen international ëmmer méi gefeiert gëtt.