Mat Applaus an enger "standing ovation" ass e Freideg den Owend der Gintare Parulyte hiert d'Stéck LOVEFOOL an der Banannefabrik op en Enn gaangen. Därmoossen intensiv an emotional war dat wat de Monolog, gedroen vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Leila Lallali transportéiert, datt och kleng Pannen dem Stéck näischt wierklech konnten unhunn. D'Erliichterung war dem Gintare Paruylte dann och reegelrecht ofzegesi wéi si um Enn kuerz mat op d'Bün koum fir hir Schauspillerin laang an den Aarm ze huelen.
Op der Flucht viru sech selwer...
Mam Grace, engem staarke weibleche Personnage, bréngt LOVEFOOL d'Geschicht vun enger jonker Fra op d'Bün, déi genau wéi am Lidd vun The Cardigans (deem Stéck säin Titel gëtt), op der Sich no Léift an Unerkennung op de Bünen a bei de Männer vun dëser Welt, iergendwann net méi kann. Hat ass Schauspillerin am richtege Liewe wéi am falschen, an dofir permanent nieft der Spuer an op der Flucht viru sech selwer. Virun allem virun der eegener Vergaangenheet, an där schmäerzhaft Kandheetserënnerunge begruewe leie mat deenen d'Grace bis op den haitegen Dag net ëmzegoe wosst.
Wéi kënnt et, datt mir vun toxesche Mënschen ugezu sinn? Firwat flüchte mer eis a Sex an aner Suchten? Firwat zerstéiere mer eis selwer? Wat ass dat virun deem mir fortlafen? A wéi zu engem gesonden a konstruktive Liewensstil fannen? Et sinn dëst d'Etappe vun engem Zeréckerobere vu sech selwer vun deenen de Monolog erzielt.
E Casting gëtt zum Ausléiser vun enger Afrostellung vu sech selwer. Hanner der Fassad vun der ambitionéierter Kënschtlerin verstoppt sech en Däiwelskrees vu negativen Emotiounen, hoffnungslose Bezéiungen a selbstzerstéiereschem Verhalen. Ob Sexsucht, emotional Ofhängegkeet oder Selbst-Mutiliatioun, d'Grace ass manner Acteur wéi Passagéier vu sengem Liewen. Iergendwann entscheet hat sech professionell Hëllef a Form vun engem Therapeut an Usproch ze huelen an sech gemeinsam mat him op d' Sich no engem bessere Liewen ze maachen.
...an op der Sich nom eegene Leiden
Dat manner fir seng Onschold erëm ze fannen - déi ass längst verluer - wéi fir ze léieren sech selwer ze akzeptéieren a gären ze hunn, mat all senge Schwächten a Stäerkten. Grad dës radikal Éierlechkeet mécht dann och d'Schéinheet vun dësem Stéck aus. Sief et wann am Ufank e längeren Extrait aus engem zimmlech grotesken chrëschtlechen Opklärungsfilm fir Kanner gewise gëtt an esou mat Scholdgefiller opgeraumt gëtt, sief et wann d'Gintaré Parulyte Videobiller aus enger Kandheet an den 80er Joren op eng Leinwand projezéiert an am Off Fraestëmmen zu Wuert komme léist, fir op d'Feele vun engem Elterendeel hinzeweisen.
Wa sech lues a lues erausstellt, wéi en Ursprong dem Grace säi Leiden huet, geet d'Stéck nach emol méi wäit, klot un an hellt e resolut feministeschen Toun un. Ier da Kannerstëmmen erkléngen, déi eis nach emol virun A féiere soll, wou et mat der Konditionéierung vun der Fra an eiser Gesellschaft ufänkt a wou gewësse Virstellungen dovunner wat eng "gutt Fra" ass hir kommen.
Net ze vergiesse wat d'Popkultur an eis vu Spueren iwwerlooss huet. Beim Therapeut geet d'Grace seng Jugendidoler Janet Jackson oder Mariah Carey duerch an et léist sech einfach kee Song fanne mat engem positive Bezuch op Fraen. Wa sech um Enn dann awer nach e Lidd fënnt an d'Whitney Houston vun der gréisster vun alle Léifte sengt, nämlech déi sech selwer gären ze hunn ass dat vun esou engem häerzzerräissende Kitsch, datt all beschiedegt Séilen am Sall méi grouss heem ginn, wéi se komm sinn.