Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eng gedeelte Geschicht häpperchersweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liewege Përmesknupp

Përmesfrënn Kauneref

Liewege Përmesknupp

Zanter 2018 ass d'Përmesknupp ze Kauneref als nationaalt Monument klasséiert. Et ass déi ganz Knupp mat der Quell, der Kapell an der ausgegruewener Siidlung, déi geschützt sinn. E grousst Engagement fir d'Erhalung vun dësem Site hunn d'Përnesfrënn Kauneref gewisen. Elo feiert d'Associatioun hire 50. Gebuertsdag an dat mécht se natierlech op der Përmesknupp.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bis an d'1970er Jore war de Permeshaff a privater Hand. D'Kapell uewen op der Knupp huet der Par gehéiert, mee d'Quell, déi als dat Wichtegst u sech vun der Përmesknupp gëllt, hat engem belschen Dokter gehéiert. Dorops hin sinn dann 1973 d'Përmesfrënn Kauneref gegrënnt gi vun de Leit aus der Ëmgéigend, erzielt d'Marianne Thilmany. Vun do un géife sech déi Leit ëm de ganze Site këmmeren, ëm de reliéisen, den historeschen an de kulturellen Aspekt, mee awer och ëm d'Geschichtercher, déi sech do ronderëm gebillt hunn.

Et wier eng Plaz, wou ganz vill Legenden entstane sinn, erkläert d'Presidentin.

"Eng Plaz, wou Legenden entstinn. Do kéint een dovun ausgoen, dat et scho viru ganz laanger Zäit eng reeg Aktivitéit do war."

D'Përmesknupp, dat ass d'Quell-Kapell am Dall, d'Përmeskapell um Bierg, a ronn 50 Hektar, wou en ale Bauerenhaff mat Gaart an Iwwerreschter vun enger Siidlung stinn.

,,Op de Spuere vum Përmesknupp"

Zanter datt de Site als nationaalt Monument gëllt ass vill op der Përmesknupp geschitt.

Um Trëppeltour ,,Op de Spuere vum Përmesknupp" kritt ee vill Informatiounen iwwer d'Geschicht an d'Bedeitung vun dëser Plaz. Bei Ausgruewunge konnt en ale Bakuewe mat den urspréngleche Matièrë rëm opgebaut ginn. D'Bild vum hellege Pirmin, dat warscheinlech aus dem 17. Joerhonnert staamt, ass restauréiert.

Elo feieren d'Përmesfrënn de Summer duerch hire fofzegste Gebuertsdag an dat passéiert ënnert dem Motto "Liewege Përmesknupp". De ganze Programm ass op der Internetsäit stpirminkaundorf.lu ze fannen.