Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lieweg, mee net liewensfäeg

Danz

Lieweg, mee net liewensfäeg

Wat d'Auswierkunge vun Explosiounen op d'Mechanisme vum mënschleche Kierper sinn. Dat ze erfuerschen huet sech Danzstéck mam Numm BLAST virgeholl.

auto_stories

3 min

Wéi an d'Welt geworf taucht e Grupp vu véier Dänzer wellenaarteg op der Bün op. Pulséierend Kläng dominéieren déi véier Kierperen, déi elo nach méi no beienee geréckelt sinn, mee just nach op engem Fouss stinn a mat deem aneren am Rhythmus dréinen.

Eng allgéigewäerteg Geräischkuliss

Elo awer trennen si sech, änlech engem Individualiséierungsprozess. Jiddweree steet an danzt fir sech an dach dominéiert vun enger allgéigewäerteger Geräischkuliss. Mee net fir laang da sti si nees ganz synchron do.

En Zidderen zitt an d'Fangeren an dat elo d'Hänn vun hinnen all erfaasst, d'Been erofleeft bis an d'Féiss a vun do aus an d'Welt iwwergeet. D'Käpp ginn anenee gestach, wéi bei enger Berodung, a schwäife gläich drop aus enger vertrauter Mëtt nees eraus an d'Ëmwelt. Oder ass et d'Ausweelosegkeet, déi d'Kierperen op der Bün mol beienee mol auserneen dreift?

D'Geräischer vun der Natur

Dann de Klang vu Reen. Donkelgréng Luucht an d'Textur vu Baamschuelen am Hannergrond. Eng Atmosphär wéi an engem Bësch oder Urwald, vertraut a berouegend, sakral, bal pastoral. De Klang vun engem Waasserfall. An dach bedroleg irreell.

Dann de Klang vun Holz, dat verbrennt. Kuerz drop Knupperten. Oder sinn et Explosiounen? D'Zucken an de Kierperen op der Bün hellt elo zou a gläich dominéiert eppes wéi Schëss aus enger Maschinnepistoul d'Klangkuliss. De Kaméidi vu Krich.

D'Spill mat Luucht a Schied

Et kënnt zum Kampf tëscht zwee Männer, bis deen een um Buedem läit. Een Dänzer dréit op der Bün zu Helikoptergeräisch, dat elo d'Iwwerhand hellt an alles ronderëm ewechzeblose schéngt.

Wéi duerchernee leeft an danzt elo alles op der Bün ronderëm. Schied a Luucht fält op de Grupp vu véier, déi elo wéi agespaart an enger Prisongszell an hirer Positioun verharren. Si wierken elo wéi Roboteren oder op mannst wéi possedéiert, erdréckt a reduzéiert an hire Méiglechkeeten.

D'Auswierkungen op de Mënsch

BLAST vum Frey Faust, choregrafesch ëmgesat vun der Emanuela Iacopini mat engem Sounddesign vum Rajivan Ayyappan, wëllt d'Auswierkunge vun Explosiounen aller Aart, op de Schock vum Bommen, Vulkanausbréch oder Terrorismus op mënschlech Kierperen ënnersichen.

Dat sinn emol d'Spueren, déi dat hannerléisst, an dann déi rebellesch Verbindungen si Mënschen an deem Moment aginn. Am Zentrum stinn Theeme wéi Zerstéierung a Schëpfung, Iwwergang an Transformatioun, Enn an Ufank grad ewéi Liicht an Donkelheet vun Explosiounen.

Duerch eng Mëschung vu verschiddensten Danz- an Improvisatiounsstiler erstinn dobäi ausdrécklech Biller, déi sech dem Zuschauer an d'Gediechtnes abrennen an insgesamt en emouvanten an Deels impressionante Gesamtandrock hannerloossen, déi Theeme Katastrophen, Gewalt a Krich op subtil Aart a Weis vermëttelen als Ëmstänn, déi d'Individuum ënnerdrécken oder him op mannst wéineg Fräiraum loossen, wa si een net ganz einfach zu Doud erschrecken, bis de Mënsch just nach en Zucken ass, eppes Lieweges awer net méi Liewensfäeges.