Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - When I Get Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen - fréier an haut

Literatur

Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen - fréier an haut

D'Germaine Goetzinger: eng Fra, déi net just Aussergewéinleches geleescht huet an dat och haut nach mécht fir de Lëtzebuerger Literaturbetrib, mee virun allem och fir d'Unerkennung vu Schrëftstellerinnen zu Lëtzebuerg.

auto_stories

1 min

E Collage mat Portraiten, Aussoen, Extraite vu Liesunge vu Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen.

D'Germaine Goetzinger ass Matbegrënnerin vum Nationale Literaturarchiv, vun deem si dann och vun Ufank un, also vun 1995 bis 2012, Directrice war, an zanter hirer Pensioun ass si Éierendirectrice vum CNL.

Si ass Presidentin vun der Fondatioun Servais a Matbegrënnerin an aktive Member vu sëllegen Institutiounen a Fondatiounen, déi Lëtzebuerger Kultur fuerderen, si war an ass Fuerscherin vun der Lëtzebuerger Literatur. Feministesch Theeme si bei hir grouss geschriwwen an esou gëllt hiren Interessi net just bekannte Frae wéi der Aline Mayrisch an der Anise Koltz, mee och manner bekannte wéi der Emma Weber-Brugman, der Marie Henriette Steil asw.

Derbäi komme weider zäitgenëssesch Schrëftstellerinnen an do da queesch duerch de Gaart: Linda Graf, Elise Schmit, Claudine Muno, déi jo net just schreift, mee och eng Singer-Songwriterin ass, Nathalie Ronvaux, Carla Lucarelli, Nora Wagner, asw.

Ganz kloer sinn d'Editricen och en Theema, well am Verlagswiesen zu Lëtzebuerg sinn eng Rei Fraen ënnerwee, déi musse virgestallt ginn, sou wéi d'Buch "Mit den Haien streiten", dat d'lescht Joer mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch ausgezeechent gouf.