Déi wonnerbar VaLibrairie Lëtzebuerger Literatur kënschtleresch verschafft

De 15. Mee gouf et an der Diddelenger "Galerie39" eng Renconter mat de Wierker vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux a sechs Lëtzebuerger Autor:innen, deenen hir literaresch DNA d'Artistin mat Hëllef vu Pyrographik op Holz iwwersat huet.

rb

Sandrine Ronvaux
D'Kënschterlin Sandrine Ronvaux. Foto: Semir Demic.

Déi Schrëftsteller:innen, déi sech d'Sandrine Ronvaux erausgesicht hat, sinn de Romain Butti, de Gast Groeber, de Ian De Toffoli, de Tullio Forgiarini, d'Claudine Muno an d'Nathalie Ronvaux.

Fir hir Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" huet sech d'Kënschtlerin op d'Sich gemaach no deenen Elementer, déi d'Texter vun de verschiddenen Autor:innen ausmaachen.

D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn mat der Sandrine Ronvaux iwwer hir Approche geschwat an hunn sech mat de Schrëftsteller:innen doriwwer ënnerhalen, wéi si un hir Texter eruginn a wat hinne beim Schreiwe wichteg ass.

An der Mediathéik:

VaLibrairie / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Tomas Bjørnstad - Von der schönen Erde
Literatur

Mam Wierk "Von der schönen Erde" publizéiert den Tomas Bjørnstad säin drëtt Buch. Et ass ee Pseudonym, vum Auteur selwer ass net vill gewosst. Wie verstoppt sech hanner deem Pseudonym?

Dei Wonnerbar VaLibraire_1.jpg
Déi wonnerbar VaLibrairie

D'Autor:innen Ulrike Bail, Jean Portante a Maxime Weber diskutéieren, wéi en Afloss d'Aktualitéit op d'Schreiwen huet. D'Prof. Dr. Jeanne Glesener schwätzt iwwer eng Konferenz zum Sujet Literatur an der Occupatioun.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen