Niklosdag Lëtzebuerger Kleeserchers- a Chrëschtlidder
Am Kader vun "Les Rendez-vous de l'UNESCO", hat d'Commision luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO den 2. Dezember am Cercle Cité, op een een musikalesche Virtrag mat Lëtzebuerger Kleesercher's- a Chrëschtlidder agelueden.
Ob een u Kleeschen a Chrëschtkëndche gleeft oder net, déi friddlech Messagen a schéi Melodië vun de Lidder wierken an der wanterlecher Joreszäit.
De Georges Urwald (Museker, Museksprofesser, detachéierte Professer am Cedom vun der Lëtzebuerger National Bibliothéik), reest duerch d'Lëtzebuerger Lidderlandschaft, presentéiert d'Auteuren a reflektéiert d'Texter an d'Musek an hirem Kontext an an hirer Zäit: vum Chrëschtlidd, geschriwwen am Exil bis zum Kleesercherslidd, vertount fir d'Danzpist.
D'Lidder ginn ugestëmmt vun der Sängerin Deborah Marinkovic a begleet um Piano vum Georges Urwald.
De Carlo Link war fir de radio 100,7 am Cercle Cité dobäi.