Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse 2020

Kultur

Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse 2020

D'Frankfurter Buchmesse soll viraussiichtlech vum 14. bis den 18. Oktober realiséiert ginn. Special Edition 2020 ass de Slogan - well wéinst dem Covid-19 kann d'Foire net a senger gewinnter Form realiséiert ginn. Vill Eventer a Rencontere sollen dobaussen a virun allem digital organiséiert ginn. A wéi gesäit déi Lëtzebuerger Presenz dësen Hierscht aus? D'Valerija Berdi huet beim Marc Rettel, dem Programmmanager vu Reading Luxembourg nogefrot.

auto_stories

3 min

No fënnef Joer Absence war Lëtzebuerg 2017 erëm eng op der Frankfurter Bicherfoire present. Do just als Gaascht am franséische Pavillon, 2018 dann awer mat engem eegene Stand an enger breeder Presenz vu Lëtzebuerger Editeuren an Auteuren. D'lescht Joer hat een den Androck, et wier schonn eng Traditioun, déi geknäppte Kontakter haten hier Friichte gedroen an den Interessi um Lëtzebuerger Buch war och um internationale Niveau ze spieren. Dëst Joer ass näischt méi wéi et war, d'Frankfurter Buchmesse soll am Hierscht Realitéit ginn an de Kulturministère huet kierzlech matgedeelt, datt Lëtzebuerg an enger adaptéierter Form dëst Joer un der Frankfurter Buchmesse deel hellt.

Kee Stand op der Frankfurter Buchmesse

Dat heescht ënner anerem, datt et dëst Joer keen nationale Stand op der Frankfurter Buchmesse gëtt.

E Stand wier méiglech, awer komplizéiert, seet de Marc Rettel. Lëtzebuerg sollt 84 Quadratmeter fir de Stand kréien, mee et dierft ee just eng Persoun op fënnef Quadratmeter hunn, keng Eventer, keng Networking-Receptions, keng Renconteren an all spontan Treffe géifen ewechfalen. Am Gespréich mam Kulturministère an den Editiounshaiser wier een zu der Konklusioun komm, datt Frankfurt awer immens wichteg ass an dofir hu sech d'Organisateuren decidéiert an enger adaptéierter Form mat ze maachen. Eng Delegatioun - dat heescht, datt all d'Editeuren, déi gewëllt si mat ze goen, och dozou invitéiert sinn. Reading Luxembourg iwwerhëlt dann d'Aufgab vun der Begleedung, net just op der Plaz, mee och an der Virbereedung.

Och wann d'Frankfurter Buchmesse ëmmer e grousse Publikum unzitt, ass et virun allem eng Editeursfoire. Et geet ëm Rechter an Iwwersetzungen, ëm Kooperatiounen a Koproduktiounen. Mee et géif och un d'Auteure geduecht ginn. An dofir gëtt et Bookfest Digital a Bookfest city. Bookfest City heescht, datt wärend der Dauer vun der Bicherfoire an der ganzer Stad Frankfurt Manifestatioune ronderëm d'Buch organiséiert ginn an do gouf et dann och en Opruff u Lëtzebuerger Editeuren an Auteuren.

Budget vun 345.000 Euro

Reading LX steet dëst Joer e Budget vun 345.000 zu Verfügung. Wéi eng Zomm fir d'Frankfurter Buchmesse benotzt gëtt hänkt vun der Unzuel a Form vun der Participatioun vun de verschiddenen Acteuren of. Bei Reading Luxembourg besteet d'Hoffnung, datt vläicht dës Form vun der Participatioun och Autorinnen an Auteuren, déi soss net esou begeeschtert vun der Frankfurter Buchmesse sinn, elo motivéiert an déi enger oder anerer Form matzemaachen.

Et ass awer net just d'Frankfurter Buchmesse, déi e wichtegen Drot fir d'Promotiun vun der Lëtzebuerger Literatur ass. No dëser Bicherfoire geet et weider um "marché de la poésie" ze Paräis an dat vum 21. Bis den 25. Oktober.

Am Moment géif mat allen Acteuren aus dem Buchberäich nogeduecht ginn, wéi een an dësen Zäiten erëm der Literatur méi Visibilitéit ka ginn an dat net nëmmen digital. Et wier wichteg Mëttelen ze fannen fir erëm Renconteren z'erméiglechen, well déi géifen den Auteuren, den Editeuren an och dem Public feelen. De Marc Rettel hofft, datt dat ganz geschwënn eppes Konkretes kann op den Dësch geluecht ginn.