Radioen

On air

Kultur um 5  |  Amy Winehouse - Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les Indes Fourbes

Gezeechent

Les Indes Fourbes

A "Les Indes fourbes" entwerfen den Alain Ayroles (Zenario) an de Juanjo Guarnido (Zeechnungen) eng Suite vun engem Klassiker aus der spuenescher Literatur, dem Quevedo säi Schelmeroman "El Buscón" aus dem fréie siwwenzéngte Joerhonnert. Wat no engem akademeschen Exercice kléngt, erweist sech als groussen erzieleresche Spaass.

auto_stories

1 min

A "Les Indes fourbes" entwerfen den Alain Ayroles (Zenario) an de Juanjo Guarnido (Zeechnungen) eng Suite zu engem Klassiker aus der spuenescher Literatur, dem Quevedo säi Schelmeroman "El Buscón" aus dem fréie siwwenzéngte Joerhonnert. Wat no engem akademeschen Exercice kléngt, erweist sech als groussen erzieleresche Spaass.

Ouni Moyene kënnt de Pablos de Ségovie an der Neier Welt un an huet just eppes am Sënn: séier räich ginn, am beschten, an deem hien Eldorado fënnt, déi mythesch Stad aus Gold. De Pablos litt, klaut an trickst sech duerch Südamerika, dauerhaften Erfolleg huet hien awer keen. Dofir léiert hien all d'Facette vun der Neier Welt kennen: d'Sklavenhändler an d'Sklaven, d'Konquistadoren an d'Missionaren, d'Urawunner an déi fei Gesellschaft an de spueneschen a portugisesche Stied.

Vum Guarnido an engem detailléierten, faarwege Stil gezeechent, ass "Les Indes fourbes" eng spannend Abenteuergeschicht an zugläich e Portrait vum zerstéiereschen europäesche Kolonialismus. Et ass awer och eng BD iwwer d'Geschichtenerzielen, doriwwer, wéi sech d'Leit vu Geschichte verféieren a manipuléiere loossen. Wann de Pablos bis ufänkt ze erzielen, sinn och d'LieserInne gefrot, genee ze kucken, wou d'Wourecht ophält an d'Ligen ufänken.