Radioen

On air

9 bis 1  |  Homer - So Get Up! Feat. MINOVA and Michael Rault

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Les Animaux dans la gravure" an der Villa Vauban

Ausstellung an der Villa Vauban

"Les Animaux dans la gravure" an der Villa Vauban

D'Villa Vauban ass voller Déieren. Op d'mannst mol sécher ee Raum dovun. Hei hänken nämlech eng Rei Gravurë vun enger hallwer Dose Kënschtler aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Et si ganz exakt Illustratioune vun Déieren déi aus enger Zäit stamen, an där et nach keng Fotografie gouf. De Joé Birchen liwwert eis een Androck vun der Ausstellung.

auto_stories

3 min

Mënsche mole schonn zanter enger Éiwegkeet Déieren. Déi eelsten Zeechnungen, déi mir bis elo kennen, ginn an d'Zäit vun der Fiels- an Hielemolerei zeréck. Dat heescht mir schwätzen hei vu Molereien, déi vu Wëssenschaftler op d'mannst 45.000 Joer al geschat ginn. Am meeschte waren et Päerd, Bisonen an Hirschen, déi och zum Deel an d'Maueren a Fielsen aggravéiert goufen.

Am Déngscht vun der Wëssenschaft

An ee gutt Stéck méi spéit, viru 5.000 Joer, hunn zum Beispill Schlaangen, Schmuebelen a Geckoe sech als Deel vun der Anticker Griichescher Schrëft, den Hieroglyphen, etabléiert.

Richteg konkret goufen d'Illustratiounen awer virun allem wärend der Zäit vun der Opklärung. Den Interessi un de Strukturen a Forme vu Flora a Fauna war hei immens gewuess. Am Déngscht vun der Wëssenschaft wollt een e Bild festhalen, wat esou naturgetrei ewéi méiglech ass, an dat beschtefalls nach multiplizéieren an an den Ëmlaf bréngen. Ouni Fotografie war dat natierlech net esou einfach, mee wann ee bis eng propper Zeechnung hat, war d'Drockgrafik an där Hisiicht besonnesch hëllefräich, well een en masse produzéiere konnt.

Vill Zeenen aus dem Alldag

A genee där Drockgrafike sinn den Ament an der Ausstellung "Les Animaux dans la gravure" an der Villa Vauban ausgestallt. De Musée hat do virun dräi Joer eng Sammlung kaaft, déi ëm déi 1.000 Wierker vum 16. bis 20. Joerhonnert ëmfaasst. Viru gutt 100 Joer haten déi engem Besëtzer vun enger Pabeierfabrick gehéiert, an eréischt lo si se an ëffentlecher Hand.

An enger éischter Phas sinn elo 60 Wierker dovun, déi sech reng ëm d'Representatioun vun den Déiere befaassen, an engem klengen Duerchgangsraum am Keller vum Musée ausgestallt. Zum gréissten Deel gehéieren d'Biller der Genre-Molerei un, mir gesinn also Zeenen aus dem Alldag. Päerd, Schof a Kéi dominéieren hei ganz kloer. Et ass och do wou ee spéitstens mierkt, datt Mënsche méi siesshaft goufen, a manner mat wëllen, mee dofir méi mat Déiere vun de Bauerenhäff Kontakt haten.

D'Spëtzt vum Äisbierg

Dës Illustratioune goufe mat de verschiddensten Technike gedréckt. Vu Kofferstéch bis Radéierungen, woufir ee chemesch Produite brauch, a Lithographien, bei deene mat Placken aus Sténg geschafft gëtt.

Bis op déi puer Lithographien, bei deenen eng sandeg a blo Faarf benotzt gouf, sinn alleguerten d'Biller schwaarz-wäiss. Intressant ass, datt all déi faarweg Biller vun engem Hond sinn. Et kann een dovun ausgoen, datt dem Mënsch säin Hausdéier hei ee besonneschen Traitement krut.

D'Ausstellung ass op dräi Mauere verdeelt, a mat knapps 60 Biller ass se zimmlech kleng. Wat dat ganzt awer méi intressant mécht ass, datt nach eng ronn 1.000 Wierker vun der gläicher Sammlung an den Archiver lungeren. Déi bleiwen och net do fir ze faulen, mee gi restauréiert a fir wëssenschaftlech Zwecker weider dokumentéiert. Esou huet ee schlussendlech ee risegen Inventaire op deen een zeréckgräife kann.

"Les Animaux dans la gravure" mécht méi Sënn, wann een se esou als Spëtzt vun engem Äisbierg gesäit. Well soss wierkt se ze kléng an aus dem Kontext gerappt.