Literatur Leipziger Buchpräis fir de Lutz Seiler

Den Donneschdeg gouf de Präis vun der Leipziger Buchmesse verginn. Net zu Leipzig, mee iwwer den Deutschlandfunk Kultur. Wéinst dem neie Coronavirus war d'Leipziger Buchmesse ofgesot ginn, an esou sinn d'Gewënner, grad wéi déi Interesséiert, iwwer de Radio d'Nimm vun de LaureatInne gewuer ginn.

Valerija Berdi / cz

Leipziger Buchmesse
Foto: picture alliance / Jan Woitas / dpa-Zentralbild / dpa

Natierlech huet de Lutz Seiler sech immens gefreet iwwer de Präis vun der Leipziger Buchmesse "umso schöner, weil er aus meiner Lieblingsstadt kommt" waren déi éischt Wierder vum Auteur vum ausgezeechente Roman "Stern 111".

"Stern 111" war eng Radiosmark an der DDR: Wéi passend, datt de Präis dëst Joer dann net op der Leipziger Buchmesse, mee iwwer den Deutschlandfunk Kultur ugekënnegt gouf.

Dës Auszeechnung weist, datt an der zäitgenëssescher däitscher Literatur de Berliner Mauerfall nach ëmmer eng eminent Roll spillt.

"Seilers große kunstvolle Erzählung zieht in den Bann des Möglichkeitsraums Berlin nach 89. Literarische Geschichtsschreibung zwischen Traumwandeln und Hausbesetzen - hier wird sie eindringlich im allerbesten Sinne"

, heescht et an der Begrënnung vum Jury an et ass d'Geschicht vun enger Famill, kuerz éier d'Mauer fält.

Et ass awer net d'Thematik, déi eleng zielt, de Roman wier voller Humor, de Lutz géif ganz aussergewéinlech d'Gerécher, Situatiounen, Handlungen a "Werkzeuge" beschreiwen.

Jo, d'Geschier fir d'Welt erëm an d'Rei ze maachen, e Phenomeen, deen déi predigital Welt nach ausmécht. Eng Zort Roadmovie, well d'Flucht ass natierlech e Sujet.

De Lutz Seiler krut schoun 2014 den Uwe-Johnson an den Däitsche Buchpräis fir säi Roman "Kruso".

Den Iwwersetzerpräis fir d'Pieke Bierman

Op der Leipziger Buchmesse gëtt awer och nach den Iwwersetzer-Präis an de Präis fir dat bescht Sachbuch verginn. D'Pieke Bierman ass fir hir Iwwersetzung aus dem amerikanesch-englesche vum Roman "Oreo" vun der Fran Ross belount ginn. Slang a Slapstick ze iwwersetze wieren eng immens Erausfuerderung gewiescht an dës sproochlech Nuancen hätt d'Pieke Bierman bravouréis geléist.

Bettina Hitzer gewënnt an der Kategorie Sachbuch

"Krebs fühlen" ass den Titel vum Sachbuch vun der Bettina Hitzer, deen an dëser Kategorie gewonnen huet. D'Historikerin hätt hei eng ëmfaassend Gesellschafts- , Emotiouns- a Mediegeschicht geschriwwen a gewisen, wéi den Ëmgang vun der Gesellschaft mat der Krankheet Kriibs am Laf vun der Zäit sech entwéckelt huet.

Ob alle Fall kënnen d'Verläg Suhrkamp, dtv a Klett-Cotta sech op d'Verkafszuele freeën, well d'Annulatioun vun der Leipziger Buchmesse huet den Editiounshaiser sécherlech net gutt gedoen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Germaine Goetzinger
Literatur

Wéi gesäit d'Literaturzeen zu Lëtzebuerg haut aus, wann een e Bléck op Schrëftstellerinne geheit? D'Germaine Goetzinger ass eng Fra, déi vill fir d'Unerkennung vu Schrëftstellerinnen zu Lëtzebuerg gemaach huet.

Den Emil fiert op Wien
Kannerbuch

Den Teddybier Emil fiert déi éischte Kéier a sengem Liewe ganz eleng op Wien. E Buch fir a vu Kanner (mat)gemaach. Eng originell, intelligent Geschicht fir de Kanner Freed um Liesen ze ginn.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen