Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Palmarès gëtt den 19. Mäerz annoncéiert

Film

Palmarès gëtt den 19. Mäerz annoncéiert

Déi zéngten Editioun vum Luxembourg City Filmfestival ass wéinst dem Coronavirus kuerzfristeg, virun hirem leschte Weekend, ofgebrach ginn. E Gespréich mam Directeur artistique Alexis Juncosa.

auto_stories

3 min

"Et ass de Verwaltungsrot vum Filmfestival, deen d'Decisioun geholl huet", sot de kënschtlereschen Direkter Alexis Juncosa dëse Freideg am 100,7-Interview. Gëschter Owend war et d'Annonce via Communiqué, datt d'Filmseancë vun haut de Moien u géifen ofgesot ginn. De Festival, deen de fënnefte Mäerz ugefaangen hat, sollt dëse Sonndeg 15. Mäerz op en Enn goen.

Mat der Annulatioun hätt een net nëmmen op d'Regierungsmesurë vum Donneschdeg den Owend a Bezuch op déi lescht Entwécklunge vun der Corona-Epidemie reagéiert, sou de Juncosa. "Mais aussi suite à des préoccupations qui émanaient beaucoup du terrain. Notamment de la part de nos collaborateurs, de nos bénévoles, de la part du public, on avait énormement de questions là-dessus."

"Annulatioun vun Ufank un en Theema"

Theoretesch hätt ee kéinten d'Seancen op 100 Spectateuren, sou wéi vun der Regierung virgeschriwwen, limitéieren. Mee an de Couloiren hätte sech eventuell méi Leit kéinte kräizen. Et wier einfach net realistesch gewiescht, ënner den aktuellen Ëmstänn mam Festival weider ze maachen.

Eng Ofso vum Festival wier vun Ufank un an der Diskussioun gewiescht. Et hätt een enke Kontakt mat den Autoritéite gehat, erkläert den Alexias Juncosa. "Nous avons des recommandations écrites qui nous indiquaient que le risque était très faible et que nous n'avions pas à annuller ni les événements ni la venue des invités internationaux."

Nach léiche keng Statistiken iwwer d'Frequentatioun vum Luxembourg City Filmfestival vir. De Festival hätt "ganz gutt" ugefaangen. Mat den Informatiounen, déi an deene leschten Deeg gefall sinn, hätt ee bei gewëssene Seancen e Réckgang vun der Zuel vu Spectateure gespuert.

Wéi geet et elo mam Palmarès virun?

De Palmarès vum LuxFilmFest sollt eigentlech muer Samschdeg op der Ofschloss-Soirée annoncéiert ginn. Gëtt et dann elo iwwerhaapt Gewënner fir déi verschidde Kategorien, dorënner de beschte Fiktiouns- respektiv Dokumentarfilm? Den nächsten Donneschdeg 19. Mäerz am spéiden Nomëtteg soll e Palmarès matgedeelt ginn, huet d'Festivalsorganisatioun dëse Freideg iwwer Communiqué matgedeelt.

D'Jury, déi bis elo nëmmen d'Hallschent vun de Kompetitiounsfilmer gesinn hätt, wier duerchaus bereet, fir Laureaten auszezeechnen, seet den Alexis Juncosa. Dofir misst elo rechtlech gekläert ginn, wéi d'Jurysmemberen de Rescht vun de Filmer ënner cinematographesche Konditioune kënne kucken a wéi si sech ënner enee kënnen ofschwätzen. Dobäi kéim, datt déi Leit och nach anerwäerts beschäftegt sinn.

Den Organisateure wier et wichteg, d'Gewënner auszezeechnen, sou den Alexis Juncosa. An och d'Realisateuren, déi dacks mat engem éischten oder zweete Film hei op Lëtzebuerg kommen, wieren op de finanziellen Ureiz vum Präis ugewisen. Dat selwecht géif fir d'Produzenten an d'Distributeuren, déi schonn an enger "katastrophaler Situatioun" wieren, gëllen.