Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lara vum Jan-Ole Gerster

Kultur

Lara vum Jan-Ole Gerster

Zanter zwou Woche programméiert den CDAC - d'Associatioun, déi d'Regionalkinoen uechter d'Land verbënnt - ganz onofhängeg hir Säll. Dat bréngt elo ganz erfrëschend mat sech, dat zum Beispill Filmer um Programm sinn, déi net an der Stad lafen. Een esou e Film heescht "Lara". Deen neie Long-métrage vum Jan-Ole Gerster - mat der Corinna Harfouch an der Haaptroll an ënner anerem dem Änder Jung am Casting. Den Tom Dockal war de Film op Dikrech an de Scala kucken.

auto_stories

4 min

D'Lara feiert ronne Gebuertsdag. Si gëtt 60 Joer al. Dat gi mir net vun hir gewuer, mee vun engem Flic. Well si ass kuerz virdrun opgestanen an huet direkt emol eppes aneres contempléiert a si steet x-te Stack vum Appartementsgebäi op engem Stull virun der oppener Fënster. Op alle Fall schellt et awer grad deen Ament un der Dier, an d'Lara ass gebieden, d'Police bei enger Perquisitioun als Zeien ze begleeden. E puer Stäck drënner beim Här Czerny. Et ass deem säi Fils, deen eng gestiicht huet, warscheinlech eppes mat Drogen, mat Suen, et ass net ganz kloer. Et ass genee an där Situatioun, an där de Flic hir zum Ronne gratuléiert.

Si geet hirer Wee. Kaffi drénken, e Rack kafen, deen hir perséinlech ze kuerz ass a virun allem Tickete kafen fir e Concert deen nämmlechten Owend. Net een, net zwee, mee direkt e puer Reie Billjeeën. Et stellt sech eraus, datt deen Owend der Lara hire Fils säi groussen Owend huet. Si versicht him unzeruffen - net een - oder zwee -, mee e puer Mol - mee schwätzt him just op de Repondeur fir him vill Kraaft an Toitoitoi ze wënschen.

Dem Gebuertsdagskand rifft op deem speziellen Dag selwer keen un. Ganz am Géigesaz flanéiert si de ganze laangen Dag duerch Berlin a verdeelt d'Billjeeën. Friem Leit kréie fir ganz zoufälleg Grënn en Ticket, mee och fréier Aarbechtskolleege vum Gemengendepartement, déi ënner hir geschafft hunn, éier si fréizäiteg mat schaffen opgehalen huet.

Firwat d'Lara keng Kolleegen huet, firwat si d'Rapprochementer vum häerzegen Här Czerny ignoréiert, firwat hire Fils si ignoréiert, hir mol net zum Gebuertsdag gratuléiert an och nach vum Exmann ofgewimmelt muss ginn - dat sinn alles Froen, déi de Spectateur wëllt beäntwert kréien.

Brieche mat de Konventiounen

D'Lara ass den Numm vun der Haaptprotagonistin an deem neie Film vum Jan-Ole Gerster, deen 2012 net ganz onkontrovers mat sengem Debut "Oh Boy" den däitsche Kino duerchgerëselt huet. Kontrovers - well schwarz/wäiss, well ville Leit ze vill cool mat der Ästhetik vun der franséischer Nouvelle Vague gespillt. Soit, e Film, dee versicht huet, de routinéiert däitsche Filmhéichschoul-beaflossten däitsche Kino opzemëschen.

Och am "Oh Boy" ass schonn den Haaptprotagonist mol méi, mol manner passiv duerch säin Alldag flanéiert. Den Tom Schilling war do de Slacker, deen éiweg studéiert an op Käschte vum Papp gelieft huet. "Oh Boy" war déi bescht Christian Kracht Buchverfilmung, déi kee Buch zur Virlag hat.

Karlovy Vary International Film Festival

Den Tom Schilling ass och elo am Gerster sengem zweete Film ze gesinn. Hie spillt de Fils, deen deen Owend seng grouss Komponiste-Première huet. Dem dramaturgesche Reegelbuch no misst et him seng Geschicht sinn. Mee de Film ass et net. Et ass d'Geschicht vun der Lara. Egal wéi antipathesch si ass, an een als Spectateur de Personnage net duerchdrénge kann, esou ass si d'Haaptprotagonistin.

De Verglach ass vläicht mat Amenter einfach, mee et ass net vun der Hand ze weisen, datt d'Harfouch eng Mëschung aus Isabelle Huppert a Sophie Rois kanaliséiert. Äiskal - mat Gesiichtszich, hanner deenen e komplett fréckte Personnage stécht, dee sech net lompe léisst, de groussen Deel vum Dag mam Sonnebrëll duerch d'Liewen ze goen.

Den däitsche Kino ass net dout

D'Vergaangenheet vun der Lara erschléisst sech dem Spectateur vum Film just ganz lues a lues, och dee vum Matenaner mat hiren - um Pabeier - léifste Mënschen. De Gerster a säin Zeenarist Blaz Kutin zeechnen en déif psychologesche Portrait vun enger Fra, déi komplett verbattert duerch d'Liewe gaangen ass. E Liewen, gezeechent vun enorme Regreten a Frustratiounen iwwer Liewensdecisiounen, déi da versicht goufen, op de Schëllere vum Kand nees wett ze maachen.

"Lara" fällt awer net an déi üblech Huppert-Nummer, déi dat Ganzt an e Psychothriller géif verfale loossen. Et geet natierlech, wéi schonn op eng Aart a Weis am "Oh Boy", ëm Däitschland a wéi déi Al hir Kanner a Kandskanner verhonzen. An dobäi wier alles esou einfach.

"Lara" weist, wéi Elteren toxesch kënnen duerch hir Kanner liewen a sech exklusiv an destruktiv duerch si identifizéieren. Iwwerleet Iech et also zweemol, éier der Är Kanner an d'Geie-Coursen drécke wëllt.

"Lara" liwwert keng séier an einfach Äntwerten, an de Jan-Ole Gerster liwwert mat a mat der "Lara" e Film of, dee beweist, datt den däitsche Kino alles anescht wéi dout ass.