Chronik Kultur - e Luxus, op deen ee verzichte kann?

Kulturhaiser sinn elo fir dräi Wochen zou. Hir Fermeture soll hëllefen d'Zuel vun Neiinfektiounen erofzedrécken. Eng onberechtegt a sënnlos Mesure, fënnt d'Valerija Berdi.

Valerija Berdi / tt

Kommentar Valerija Berdi
D'Kulturjournalistin Valerija Berdi. Foto: Archiv

"E bësse méi Fräiheet opzegi fir an dräi Wochen nees méi Fräiheet erëmzefannen", esou de Premier Xavier Bettel bei der Presentatioun vum partielle Lockdown, deen de leschten Donneschdeg a Kraaft getrueden ass.

Bleift doheem um verkafsoppene Sonndeg?

Verzicht op Fräiheet heescht Verzicht op Kontakter. Manner Besuch, manner Sortien, manner Renconteren. Restauranten a Caféë bleiwe fir dräi Wochen zou, grad esou ënner anerem, Sportshalen, Danzschoulen, Kinoen, Concertssäll an Theateren. D'Geschäfter bleiwen op. Mee si bleiwen net just op, si dierfen déi dräi Weekender vun den neie Restriktiounen, dat heescht och sonndes, hir Dieren opmaachen.

"Bleift doheem!", seet e genervte Premier. "Le Black Friday débarque pour tout un Weekend (..). C'est LE MOMENT de craquer!", seet ganz opgereegt de groussen Akafszenter ze Stroossen. A souguer wann een näischt kafe wëllt, et gëtt eng Ursaach dohin ze goen, 5.000 schwaarz Masken gi gratis ausgedeelt, also fläisst Iech, falls der nach eng erwësche wëllt. Plus ou moins d'selwecht lackelen aner grouss Commercen hir Clienten.

Theateren zou - trotz Distanz

Wochelaang virdrun an den Theateren. Déi kleng Theaterhaiser si mat hire Presentatiounen an déi grouss Theateren invitéiert ginn. Eng Sëtzplaz muss reservéiert, den Numm, d'E-Mail an d'Telefonsnummer hannerlooss ginn.

Zéng Minutte virun der Virstellung gëtt een eragelooss, bei seng Sëtzplaz geféiert, lénks a riets bleiwe Plaze fräi, virdrun an hannendrun och. Déi éischt Reie bleiwe ganz eidel, fir datt keen der Bün ze no sëtzt. Et gëtt opgepasst, datt Distanzen agehalen an d'Masken ugehale ginn. No der Virstellung ginn d'Reien no an no eidel, Distanz ass d'Zauberwuert, dat absolut wierkt.

"Mir si gewënnorientéiert Entreprisen. Dat heescht: mir sinn drop ugewisen Ëmsaz ze maachen, fir datt mer eis Leit kënne bezuelen, datt mer eis Fraise kënne bezuelen, an datt mer och Benefice maachen", seet de Fernand Ernster, President vun der Handelsconfederatioun, op eiser Antenn.

An do sinn d'Sécherheetsmesuren dann och net méi eng reng Flicht, mee do muss ee laut dem President vun der Handelsconfederatioun op de gesonde Mënscheverstand zielen. An den Theateren huet ee sech an de Woche virdrun net op de Mënscheverstand verlooss, d'Anhale vun de Mesurë si wéi de hellege Gral gehitt ginn. Virstellunge si virverluecht ginn, fir datt d'Leit och mat Zäite konnten heem fueren.

Mee d'Theatere sinn elo zou. Dat ass och net esou schlëmm, d'Schauspiller dierfe jo weider prouwen, d'Kostümsschneider weider bitzen, d'Bünenbildner weider bastelen, vläicht kënnt een Dag, wou si all hir Aarbecht a Kreatioun weise kënnen, vläicht 2021, vläicht 2022. A souwisou, si hätte jo all en anstännege Beruff léiere kënnen, een, dee gewënnorientéiert ass.

D'Decisioun ass zweiwelhaft

D'Intentioun vun den neie Restriktioune wier fir Aktivitéiten ze ënnerbannen, wou vill Leit laang an engem zouene Raum zesumme sinn, seet d'Kulturministerin Sam Tanson. Och dat schéngt fir gewënnorientéiert Entreprisen net ze gëllen.

Et gi keng Zuelen a keng Statistiken, déi beleeën, datt d'Kulturzenteren eng Gefor si fir Clustere vun Neiinfektiounen ze favoriséieren, d'Zuele vun de Zuschauer si staark limitéiert, a wéi de Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun confirméiert, ganz einfach ze retracéieren.

Der Regierung ass et net gelongen, valabel Argumenter fir d'Schléissung vu Kulturhaiser ervirzebréngen an d'Kultur huet einfach keng staark genuch Lobby, déi dës Decisioun hätt kënne kippen.

Am Plaz "alles auszemaachen" géif een elo "eng Handbrems zéien", seet de Premier. Ob d'Kultur, mat Ausnam vun de Muséeën, awer grad deen Domän ass, wou net d'Handbrems gezu gouf, mee ausgemaach gouf, zu der Rettung vun der Natioun féiere wäert, ass, douce gesot, ganz zweiwelhaft.

Et fillt ee sech éischter an der Iwwerleeung confirméiert, datt d'Konscht an all seng Acteuren, trotz allen entgéintgesaten a gesote Behaaptungen, awer just en iwwerflëssegen Accessoire ass, deen een am einfachsten ewechspäre kann.

An der Mediathéik:

Chronik / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Fernand Ernster
Commerce

Fir d'Geschäfter wier et ganz wichteg, datt se an den nächste Woche kënnen opbleiwen, seet de Fernand Ernster. Vill Geschäfter géifen nämlech 50 bis 70 Prozent vun hirem Joresëmsaz an der Chrëschtzäit maachen.

Claude Mangen
Nei Covid-Mesuren Kultursecteur

De President vun der Theaterfederatioun bedauert, datt ee groussen Deel vum Kultursecteur och am Viséier vun den neie Covid-Restriktioune ass. Kinoen a Concertssäll wiere sécher keen Hotspot fir Infektiounen, esou de Claude Mangen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen