Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur - d'Stéifkand vun der Politik?

Chamberwahlen 2018

Kultur - d'Stéifkand vun der Politik?

Nieft de Verspriechen, d'Kënschtler an hier Wierker ze fërdere waren Esch 2022, de Kulturentwécklungsplang an d'Frankfurter Buchmesse, ënner anerem, grouss Projeten, déi net just en Defi fir d'Regierung waren. Konnt alles realiséiert ginn a wéi eng Chantiere sinn nach ze bewältegen? E Réckbléck op d'Kulturpolitik vun der Regierung.

auto_stories

5 min

D'Valerija Berdi aus der Kulturredaktioun.

"Fir d'éischt géif ech wëllen e grousse Merci ausdrécken, fir datt d'Kulturpolitik an dësem Gremium mol eng Kéier kann debattéiert ginn. Leider ass dat net all ze oft de Fall, d'Kultur ass généralement d'Stéifkand vun all Debat politique, Debat social a vun allen aussepolitesche Manifestatiounen (...)"

Sou de Guy Arendt (DP) an der Chamberssëtzung vum 3. Juli dëst Joer. De Kulturentwécklungsplang, kuerz KEP genannt, war hei den Ulass, datt d'Thema Kultur eng méi eminent Plaz an der Chamber hat. De Kulturentwécklungsplang steet. Oder eng Zort Virstuf vum eigentleche Kulturentwécklungsplang, wéi de Marc Baum (déi Lénk) an der selwechter Seance de Kulturentwécklungsplang 0.1 bezeechent huet.

E Plang, deen d'Kulturschafend betrëfft

De Plang, deen op Basis vun Aarbechtsgruppen, Atelieren an de Kulturassisen 2016 opgebaut ass, hunn de Coordinateur vum KEP, de Jo Kox an de Staatssekretär fir d'Kultur den 29. an den 30. Juni dëst Joer am groussen Theater presentéiert.

E Kulturentwécklungsplang, deen all Domänen, déi d'Kulturschafend betrëfft, begräife soll, stéisst awer och bei de Betraffenen op Kritik. Bei den aktuell 33 Prises de position, déi op culture.lu ze liese respektiv ze lauschtere sinn, ass nach vill Onkloerheet an Onzefriddenheet eraus ze héieren.

D'Kënschtler an d'Mëtt vun der Kulturzeen setzen

E Plang, deem d'Regierung an hirer Deklaratioun den 10. Dezember 2013 ënner dem Punkt Stratégie culturelle et dialogue interculturel eng eminent Plaz gëtt. Et géif der Regierung drëms goen, d'Kënschtler, hir Wierker an hir Kreatiounen aktiv ze fërderen an esou d'Kënschtler an d'Mëtt vun der Kulturzeen ze setzen.

"L'État a une responsabilité réelle en matière d'initiation, de financement et de promotion des arts et de la culture. C'est pourquoi le Gouvernement misera sur un partenariat proactif et ouvert, qui entretient le dialogue régulier entre les personnes travaillant dans le domaine de la culture et les décideurs publics."

Den Dialog schéngt sech awer just, oder op mannst haaptsächlech op de Kulturentwécklungsplang ze begrenzen. Dat kéint och d'Ursaach sinn, wisou nach vill Projeten, déi vun der Regierung festgehale goufen, och elo erëm an de Wahlprogrammer vun der DP, der LSAP an de Gréngen erëm ze fanne sinn. Kulturfërderung nei ausriichten a verbessere wëll d'LSAP, "Kulturförderung sicherstellen" ass de Plang vun der DP an déi gréng verspriechen déi verschidde Konschtberäicher ze fërderen.

Vill onerwaart Obstakelen

Mee der Regierung waren och onerwaart Obstakelen a Stäng an de Wee vun der Realisatioun vun der Kulturpolitik geluecht ginn, oder war vun Ufank un de Wuerm dran? Op alle Fall war de Récktrëtt vun der deemoleger Kulturministesch Maggy Nagel an d'Sich no engem séieren Ersatz net grad vu Virdeel fir d'Stéifkand vun der Politik, wéi de Guy Arendt d'Kultur genannt huet. De Lex Delles wier e méigleche Kandidat gewiescht, mee:

"Ech krut d'Propositioun gemaach an ech hu mer do vill Gedanke gemaach a laang driwwer nogeduecht, wéi gesot, ech fille mech immens geéiert, mee ech sinn awer virun zwee Joer Buergermeeschter ginn ze Munneref an der Gemeng an dat ass e Posten, dee mer immens vill Freed mécht."

Kultur gëtt zur Chefsaach

Datt de Premier dann d'Kultur zur Chefsaach deklaréiert huet, huet d'Saach net wierklech besser gemaach. An esou ass et vläicht och net verwonnerlech, datt sou munches, wat versprach gouf, net realiséiert ginn ass. Stéchwuert: Congé culturel. D'Magy Aangel sot heizou:

"Wéi en aktuell fonctionnéiert, ass et net gerecht an och net richteg. (...) Mir hunn och aner Congéen, de Congé sportif zum Beispill, deen de Sportsministère ausbezuelt, déi erëm aner Critèren hu wéi mir, an eis Critère mussen einfach iwwerduecht ginn an nei diskutéiert ginn an da kuckt een, wéi dee Congé culturel an Zukunft an Echt kann agesat ginn."

Keen neie Congé culturel

Och wann op der Säit vun der Inspection du travail ënner dem Punkt Les congés en un coup d'oeil de congé culturel uginn an erkläert ass, sou ass eis op Nofro beim Aarbechtsministère confirméiert ginn, datt zu dëser Stonn nach keen neie Congé culturel existéiert.

"Le Gouvernement reconnaît le principe de la liberté de la culture et de la diversité des activités artistiques et créatives qui reflètent les valeurs humanistes d'une société multiculturelle. La politique ne doit aucunement s'immiscer dans le travail créatif mais doit créer les conditions cadres permettant aux artistes et créatifs d'exercer leurs activités, de développer leur potentiel créatif et de réaliser leurs travaux et leurs œuvres en toute liberté et de mettre en valeur leur propre expression de vie en société. Le Gouvernement veillera que soit évitée toute instrumentalisation de la culture à des fins politiques ou commerciales."

An trotzdeem gëllt d'Devis "Wessen Brot ich ess, desse">dessen Lied ich sing". Op alle Fall wann et sech ëm déi grouss Sujete vun der Kultur handelt: Lëtzebuerg ass op der Frankfurter Buchmesse, de Kulturministère finanzéiert dës Participatioun, mee decidéiert dann awer finalement, wéi eng Wierker op der Bicherfoire dësen Oktober ausgestallt ginn.

Esch 2022

An dann Esch 2022. Stëllstand zanter gutt zwee Méint. Wat déi genee begrënnten Ursaache sinn, déi dozou gefouert hunn , datt déi zwee Coordinateure Janina Stroetgen an den Andreas Wagener hier Kontrakter net verlängert kruten, bleift onkloer.

Nach annerhalwe Mount bis zu de Chamberwahlen an eng ganz Rei Chantieren. Ob déi nach an dëser Legislaturperiod ofgeschloss ginn?